Absolut Bartreng

24. Mai 2024

Eng Mini-Redaktioun aus der Gemeng Bartreng

Diese Reportage wurde von der Klasse 3.2 aus Bartringen verfasst — unter der Leitung der Mini-Redaktioun des Piwitsch und ihrer Lehrerin Sophie Niederkorn. 

Mëttwochs moies huet et bei eis un der Dier geschellt. De Piwitsch ass bei eis komm, fir mat eis un enger Radiosemissioun ze schaffen. Mir haten eis am Virfeld iwwerluecht, dass mer gären iwwer eis Gemeng géife berichten. No engem Brainstorming hu mer eis entscheet, e Reportage iwwert den „Absolut Bartreng“, en Open-Air-Festival zu Bartreng, ze maachen. 

De Felix an de Louis hunn sech um Internet iwwer d’Detailer informéiert, fir kënnen d’Intro vun eiser Emissioun ze gestalten. D’Manon an d’Célia hunn sech doropshin zesumme mam Timeo a mam Adam op de Wee op d’Gemeng gemaach, fir méi iwwert d’Organisatioun erauszefannen. Den Tun aus dem Service culturel, dee fir de Festival zoustänneg ass, huet sech Zäit geholl, fir eis e puer Froen ze beäntweren. Lo wësse mer zum Beispill, dass d’Organisatioun vun sou engem Festival gutt 10 Méint kann daueren an dass bis zu 3500 Leit am Juli erwaart ginn. 

Mir hu beim Tun Schroeder vum Service Culturel vun der Gemeng Bartreng nogefrot, wéi den Absolut-Festival organiséiert gëtt. Dësen Interview an och den Interview mam Schoulmeeschter Pierre – Museker bei der Grupp Schëppe 7 – ass och an der Sendung Graffiti um Radio Ara gelaf. Hei kënnt dir di ganz Sendung lauschteren.

Ein Mädchen hällt ein Mikrofon

Um Festival stinn nieft internationalen Ar tisten och national Gruppe wéi d’Schëppe 7 op der Bün. Zoufällegerweis ass ee vun de Museker aus dëser Band Schoulmeeschter bei eis am Gebai. 

Ein Bandmitglied von Schëppe 7
De Schoulmeeschter Pierre ass Museker an der Grupp Schëppe 7. Och hien ass vun eis interviewtginn… (Schülerfoto)

De Stefan an de Ricky hunn de Schoulmeeschter Pierre op en Interview invitéiert. De passionéierten Trompettist huet eis erzielt, wéi et zu hirer Grupp komm ass, wouhier den Numm kënnt a wéi eng Zort Musek si maachen. Och e klenge Kado fir d’Kanner hat en am Gepäck! De Boyuan an den Oliveira hunn iwwerdeems fläisseg Fotoe gemaach. 

D’Leonie, d’Cecilia, d’Eva an de Rayan hu wärenddeems un den Iwwergäng fir eis Sendung geschafft an déi opgeholl. D’Naila huet sech ëm d’Fotoe vun hannert de Kulisse gekëmmert. 

D’Freya an den Azan hunn um Erlebnisbericht geschafft an zesumme mat der Joffer de Reportage geschnidden. 

Wee lo virwëtzeg ass a méi iwwer t d’Organisatioun vun dësem Festival wëll gewuer ginn, kann de ganze Reportage um Radio ARA oder um Site vum Piwitsch lauschteren!