Aus der Déierewelt

13. April 2026

Du frees dech bestëmmt bei verschiddene Wierder an dëse Sätz, wat se bedeiten. Se hunn all mat Déieren ze dinn: Déi eng sinn Déierennimm. Déi aner beschreiwen, wéi d’Déiere maachen, also wéi eng Geräischer se vu sech ginn.

D’Déieren an hir Nimm

Däreldéier ass e Wuert, dat s de vläicht schonn héieren hues. Fir dëst Déier gëtt et och nach aner Lëtzebuerger Nimm, déi s de ganz sécher kenns: Igel a Kéiseker. Virun honnert Joer haten d’Leit nach vill aner Nimm fir den Igel, zum Beispill: Däreg Échel, Därméchel, Därenijel a Spëssijel. Déi Nimm sinn haut verschwonnen. Just d’Wuert Igel hu se deemools net benotzt, dat ass eréischt méi spéit an eis Sprooch komm.

Däreldéier, Kéiseker, Igel, wéi sees du?
Foto: Shutterstock / Olhastock

Wéi mécht e Päerd?

Fir ze beschreiwen, wéi e Päerd mécht, gebraucht een d’Wuert wiheren. Op Lëtzebuergesch kann een dofir awer och hénkele soen. Dat ass en aalt lëtzebuergescht Wuert, dat een haut net méi vill héiert. Haut gebraucht een éischter wiheren, dat iwwer déi däitsch Sprooch an d’Lëtzebuergescht komm ass.

E Päerd, dat hénkelt.
Foto: Shutterstock / MoLarjung

D’Kaz spënnt!

Wann d’Kaz op der Kusch spënnt, dann ass se net verréckt, mee se schnurrt. Jo, spannen ass och en aalt lëtzebuergescht Wuert fir schnurren!

Beim Waasser kanns de emol eng Waasserjoffer gesinn, déi doruechter flitt. D’Waasserjoffer ass en Insekt, dat s de bestëmmt ënnert engem aneren Numm besser kenns, nämlech Libell. A se huet näischt mat der Joffer an der Schoul ze dinn.

Eng Waasserjoffer.
Foto: Shutterstock / drishfaqahmad
Logo zu ZLS