De Grof vum Huelen Zant

2. Juni 2025

Eng Geschicht vum Jean Bürlesk

Éischten Deel vun der Geschicht. 

Zweeten Deel vun der Geschicht. 
Bild: EDU.AI

Meng Mamm seet, d’Gesetz ass dofir do, fir déi éierlech Leit ze schützen“, sot de Charel. „Wann s de näischt verbrach hues, brauchs de näischt ze fäerten.“

„A mäi Papp seet, dass dat Kabes ass“, huet d’Cindy zeréckgeschoss. „D’Gesetz schützt ëmmer déi am beschten, déi am meeschten hunn.“

„Vläicht brauchen déi einfach am meeschte Schutz“, huet de Charel gekontert. „Iwwerlee mol: Ween näischt huet, kann och näischt ewechgeholl kréien.“

Dat war definitiv dat blöödst Argument, dat d’Cindy jee héieren hat. Dommerweis ass him grad net agefall, firwat genee dat Argument sou blöd war. Amplaz vun enger Äntwert huet hatt dem Charel dofir just de Réck gedréint. Wann et deem Eefalt säi blöd Grinsen net hätt misse wéi e Sonnebrand tëschent de Schëllere spieren! Hien huet bestëmmt gemengt, hien hätt de Sträit fir sech entscheet. Topert.

„En Heeschert fillt sech am Zentrum vun der Stad souwisou net wuel”, huet de Charel weider gestëppelt, „tëschent de Geschäfter, wou hien näischt ka kafen.Wann hien net dohinner dierf, sinn net nëmme mir geschützt, mee leschten Enns och hie selwer.”

Offensichtlech hat d’Cindy sech ze fréi entscheet — dat dote war dat blöödst Argument, dat hatt jee héieren hat. Am léifsten hätt hatt de Charel vun der blöder Mauer gedréckt, op där hie souwisou net sollt sëtzen, erof an de blöden Dall. Mee da géif et wuel nees heeschen, hatt misst ëmmer iwwerdreiwen. Am beschte war et wuel, iwwerhaapt net mat deem Krautkapp ze schwätzen, net op hien ze reagéieren, net mol ongeféier a seng Richtung ze kucken.

„Du géifs et also an der Rei fannen“, huet hatt dem Bam mat der Plack zum Centenaire 1867-1967 gesot, „wann d’Police fir dech géif decidéieren, wou s du deng Zäit verbréngen dierfs, a wou net ?“

„Mécht d’Police souwisou schonn“, huet de Charel zeréckgegrinst. „Ausserdeem sinn ech keen Heeschert, mee en éierleche Bierger mat engem Daach iwwert dem Kapp.“

Net drop agoen. Net drop agoen. Net. Drop. Agoen. Iwwerhaapt war dat eng zimmlech topeg Plack. 11 Mai 1867 — 11 Mai 1967. Traité de Londres. Centenaire. Luxembourg — Ville Ouverte. Wat sollt dat alles heeschen? De Charel wosst et bestëmmt, mee hatt géif hie bestëmmt net froen.

„Du verstees awer wierklech guer näischt“, huet hatt de Bam ugegranzt, „mat sou engem wéi dir wëll ech guer net schwätzen.“

„O komm, am Fong weess de, dass ech Recht hunn.“

„DU! HUES! NET! RECHT!“

Dat hat de Bam sécher net verdéngt, fir sou ugebierelt ze ginn. De Bam konnt weeder eppes fir dem Charel seng Dommheet, nach fir déi topeg Plack viru senge Féiss. De Bam stoung just grad op der perfekter Plaz fir ugemault ze ginn.

Vun hannert dem Cindy sengem Réck koum elo kee Mucks méi. Endlech huet de Charel säin domme Bak gehalen. Keng kleng Leeschtung!

„Ok dann“, sot de Charel.

„Ok dann“, sot d’Cindy.

Hatt huet sech nees ëmgedréint an ass sech niewent de Charel op d’Mauer stäipe gaangen. Et war wierklech eng schéi Vue.

Bild: EDU.AI

„Wat mécht deen doten dann ?“ huet de Charel hatt op eemol aus sengen Dreem gerappt.

„Wat? Wien?“

„Do op der Corniche.“

D’Cindy huet sech ëmgedréint. Op der Corniche stoung e Mann bei enger Lanter an huet iergendeppes Laanges a Krommes dergéint gehalen.

Et war e komesche Mann. En hat en Hutt op a säi laange Mantel huet am Wand geflattert, e bësse wéi Flilleken. En huet ausgesi wéi eng Vulleschäich. Ëmmer nach huet de Mann mat sengem laangen … Aascht ? … ronderëm hantéiert. D’Cindy duecht, hie geséich aus wéi eng Gestalt aus engem Buch.

„Mengs du, hie bräicht Hëllef?“, huet hatt de Charel gefrot.

„Ech ginn dach net e frieme Mann froen, ob hien Hëllef brauch“, huet dee protestéiert.

„Scho guer net een, dee sou ausgesäit wéi deen do!“

„Fänk net scho rëm domadder un.“

„Ech soe just.“

D’Cindy huet d’Ae verdréint. Net drop agoen. Wann d’Welt gerecht wier, misst hatt lo eng Medail kréie fir seng Gedold. Warscheinlech vum Grand-Duc.

Géigeniwwer op der Corniche huet de Mann mat de Flilleken nach eng Zäitche mat sengem Aascht un der Lanter gefuchtelt. D’Cindy huet gespaant nogekuckt, konnt awer net erausfannen, wat en do erreeche wollt. Do huet de Mann e puer Schrëtt bei déi nächst Lanter gemaach, an dat Ganzt huet nees vu vir ugefaangen.

„Mengs de, hie géif un de Lantere schaffen? Eppes flécken oder iwwerpréiwen?“

„Hie gesäit net sou aus, wéi wann hien op der Gemeng géif schaffen. Oder soss op iergendenger Plaz.“

D’Cindy hätt léiwer déi eegen Zong ofgeschléckt, wéi dem Charel Recht ze ginn. Glécklecherweis ass him grad deen Ament eng Späicherliicht opgaangen.

„Et ass e Meter!“, huet hatt gejaut. ,,Sou een, deen een op- an zouklappe kann!“

„Jo, ka gutt sinn“, sot de Charel „Mee wat wëllt hien domat?“

Dat war d’Fro. Wat fir en Zweck konnt et erfëllen, eng Lanter op der Corniche ze moossen? An dann och nach net nëmmen eng, mee eng no der anerer?

„Komm mer gi léiwer heem“, huet sech de Charel nees zu Wuert gemellt, „éiert hie bei eis ukënnt.“

„Du kanns gäre fortlafen, wann s de wëlls. Ech hu keng Angscht virun engem Mann mat engem Meter.“

De Charel huet hatt béis ugekuckt. Dat war awer kee Problem. Wann et huet misse sinn, konnt d’Cindy dat Spill stonnelaang duerchhalen …

„Entschëllegt,“ koum eng Stëmm an hirem Réck, an d’Cindy an de Charel sinn allebéid erféiert, „mee ech muss un dës Lanter run.“

*

„Am Fong misste mir d’Police ruffen“, huet de Charel gemengt, wéi se nees eng Kéier de Mann gesinn hunn, wéi en d’Lantere gemooss huet.

„Lo hal dach op domadder. Hie mécht jo näischt.“

„Majo grad. Hien huet hei wierklech näischt ze sichen.“

An deene leschte Wochen hate si him ëmmer nees aus der Distanz nospionéiert. Hie sollt si léiwer net gesinn. Dem Cindy war et elo nach peinlech, dass si déi Kéier einfach virun him fortgelaf waren. Ma hatt hat elo ëmmer nach net eraus, wat e géif maachen, a lues a lues huet de Virwëlz iwwert de Schreck Iwwerhand geholl.

Bild: EDU.AI

„Ech hu mech falsch ausgedréckt“, sot d’Cindy mat senger Meenung no praktesch schonn heroescher Diplomatie. „Hie mécht ganz kloer eppes, an zwar eppes, wat mat dëser Plaz ze dinn huet. An hien deet kengem eppes zuleeds.“

„Dat sees du.“

„Jo, dat soen ech.“

„A wouhier wëlls du dat da wëssen? Du kenns dee Mann dach net. Du weess mol net, wéi en heescht.“

„Stëmmt!“

Mat dësem Wuert ass d’Cindy opgesprongen, an éiert de Charel begraff hat, war hatt schonn um hallwe Wee bei de frieme Mann.

„Cindy!“, ass hien him nogelaf. „Du wäerts dach lo net mat him schwätzen?“

Hatt ass einfach weidergaangen.

„Cindy, looss dat sinn! Méiglecherweis ass dee Mann geféierlech!”

„Ganz geféierlech. Wa mir net oppassen, huet hien eis herno nach gemooss!“

Dat war eng zimmlech gutt Äntwert, huet d’Cindy fonnt, mee de Charel huet kee Fatz gelaacht.

„Kann ech iech hëllefen?“

D’Cindy ass bal aus der Haut gefuer. Wéi huet dee Mann et ëmmer nees fäerdegbruecht, op eemol einfach niewent him ze stoen?

„Ähm …“

Am Fong huet den Här guer net onfrëndlech ausgesinn. E bësse komesch natierlech. Laang Hoer. E Baart. Oder awer kee Baart, op jiddwer Fall kee richtegen. Just dass hien onraséiert ausgesinn huet. Dann eng déck Nues, e bësse roudelzeg wéinst der Keelt, dorobber e Brëll mat grousse ronne Glieser, deen op enger Säit vu Pechpabeier zesummegehale gouf, en décke Schal ëm den Hals, an en alen Hutt um Kapp. An dann natierlech dee Mantel. Eng schrulleg Gestalt.

Bild: EDU.AI

„Ähm, pardon …“ E bësse geroch huet hien och. Net extreem schlëmm, net sou, dass et wierklech gestéiert hätt, mee awer net grad no Seef.

„Pardon“, sot hatt erëm, an ass sech dobäi sou lues blöd virkomm.

Wéi sollt een dann e Gespréich mat engem frieme Mann ufänken?

„Wéi heeschs du dann?“, huet de Mann gefrot.

Dat war einfach. Do wosst hatt d’Äntwert drop.

„Cindy. Cindy Kloos“, huet hatt geäntwert.

„An datt heiten ass de Charel …“

„Dat geet hien näischt un!“, huet de Charel hatt ugebaupst.

Den Här huet gelaacht: „Et freet mech, iech kennen ze léieren, Cindy Kloos a Charel Geet-Mech-Näischt-Un.“

Dat war zwar net immens witzeg, mee ëmmer nach besser, wéi wann hie lo rose gi wier.

„A wee sidd Dir?“ huet de Charel him trotzeg dohinnergehäit.

„ Ech? Ech sinn de Grof vum Huelen Zant!“ huet den Här mat houfreger Minn zeréckgedonnert.


Zweeten Deel vun der Geschicht. 

Fir e puer Sekonnen huet keen eppes gesot.

„Ähm … Ok.“

Eppes Besseres ass dem Cindy net agefall.

„Et gëtt kee Grof vum Huelen Zant!“, ass et aus dem Charel geplatzt.

„Wierklech?“, sot de Grof. „Firwat dann net?“

„Well den Huelen Zant kengem gehéiert. Oder e gehéiert der Stad. Oder dem Staat. En ass op jiddwer Fall kee Privatbesëtz.“

„Dat ass richteg“, huet de Grof zouginn.

„Mee dat deet awer näischt zur Saach. Oder mengs du, ganz Lëtzebuerg wier dem Grand-Duc säi Privatbesëtz?“

„Dat … Dat ass net dat selwecht.“

„Nee? Firwat dann net?“

„Jiddweree weess, dass de Grand-Duc de Grand-Duc ass!“

Dat war nees en zimmlech schwaacht Argument, duecht d’Cindy. Net, dass de Charel Onrecht hat. Natierlech war de Grand-Duc de Grand-Duc. An dofir gouf et sécherlech Grënn. Historesch. Rechtlech. Oder sou eppes. Mee mat Wëssen hat dat näischt ze dinn. D’Leit wossten et, well et sou war. Net ëmgekéiert.

„Genee!“, huet de Grof de Charel breet ugegrinst. „ Jiddweree weess, dass de Grand-Duc de Grand-Duc ass. An dowéinst ass hien et och. An ech weess, dass ech de Grof vum Huelen Zant sinn. An dowéinst sinn ech et och!“

„Ähm …“

„Dat ass alles schéin a gutt — mee eigent- lech wollt ech froen, wat Dir déi ganzen Zäit mat deem Meter maacht“, ass d’Cindy dotëschtgefuer.

„Dat ass eng ganz gutt Fro“, huet de Mann hatt ugelaacht. „Meeschtens ginn d’Leit einfach laanscht a maachen, wéi wann se näischt géife gesinn. Dobäi sinn ech jo net grad deen onopfällegste Mënsch.“

Nee, onopfälleg war hien net, duecht d’Cindy. Op d’mannst war hie sech doriwwer am Kloren.

„ Ass iech scho mol opgefall, wéi vill Lanteren et an der Stad gëtt?“ Säi Mantel huet hannert him lues am Wand gedanzt.

„Op wéi vill Plazen eng Luucht aus dem Buedem wiisst, oder aus enger Fassad eraus gräift, oder un enger décker Kette vun engem Virdaach klunscht, an alles beliicht a bekuckt, wat ënnert hir virgeet?“

„Ähm …“, sot lo nees d’Cindy.

„Genee! Et gëtt ëmmer manner Ecker, wou ee sech nach verstoppe kann. Lues a sécher breet sech d’Netzwierk aus, mat Lanteren aus allen Zäiten. Iwwerall sti se, hänke se, mat engem Kapp oder mat véier, mat laangem oder kuerzem Hals, mat …“

„Dat ass dach Kabes!“, ass et dem Charel rausgeplatzt. „Et gëtt keng Lantere mat véier Käpp!“

Firwat hie sech grad deen Detail fir säi Protest erausgesicht hat, war dem Cindy wierklech net kloer. Him selwer warscheinlech och net. Hien huet zimmlech verlueren ausgesinn. Dem Charel ware Reegelen a Logik schonn ëmmer wichteg gewiescht, an an enger logescher Welt hunn Erwuessener net iwwer Lantere geschwat, wéi wa si lieweg Wiese wieren.

De Mann huet de Charel ugekuckt, wéi wann hien eppes komplett Verrécktes gesot hätt.

„Natierlech gëtt et Lantere mat véier Käpp. Op der Plëss stinn der zum Beispill zwou, a sechs um Knuedler.“

„Mee wat huet dat mat menger Fro ze dinn?“ huet d’Cindy nogehaakt a sech virgeholl, haut nach kucken ze goen, ob dat mat de véier Käpp wierklech géif stëmmen. „Wat maacht Dir déi ganzen Zäit mat deem Meter?“

Bild: EDU.AI

„Moossen, natierlech“, huet de Mann gesot.

„Mee dat ass net dat Eenzegt, wat ech maachen. Ech krazen, ech betaaschten, ech klappen a lauschteren op de Klang, ech betruechten all Motiv, dat sech ëm de Potto wéckelt, all Tag, all Sticker an all Krazert. Nuets kontrolléieren ech, ob all d’Lanteren nach ginn an ob se méi oder manner hell liichte wéi déi Nuecht virdrun. Dat ass net wéineg Aarbecht.“

„Mee woufir soll dat gutt sinn?“ huet de Charel gemeckert.

„Ma ech kucken, wéi staark sech d’Lantere vun Dag zu Dag veränneren. Ob se grad wuessen, oder ob se éischter méi kleng ginn.

Ob et der nach ëmmer sou vill si wéi den Dag virdrun, oder ob vläicht eng verschwonnen oder dobäigewuess ass. Ob se nach ëmmer op der selwechter Plaz stinn. D’Méiglechkeete sinn onendlech.“

Dat war sou absurd, dass weeder dem Cindy nach dem Charel eng Äntwert agefall ass.

„A wa sech eppes géif veränneren?“, huet d’Cindy et versicht.

De Mann huet eng Kéier déif Loft geholl.

„Kennt dir d’Geschicht vun der Grënnung vun der éischter Buerg hei an der Stad?“, huet hie si gefrot.

„Wat?“ Dat war rëm vun Hippches op Hapches gesprong, huet d’Cindy geduecht.

„Ähm … Dir mengt d’Geschicht vum Melusina? Oder mengt Dir déi wouer Geschicht? Also … historesch a sou?“

„Just well eppes net historesch ass, heescht dat net, dass et net wouer ass“, huet de Mann nees eng Kéier keng Äntwert ginn.

Wat och rëm eng komesch Ausso war. Eng Geschicht konnt entweeder wouer sinn oder awer net. Wann eppes net geschitt war, da war et eebe just eng Geschicht, mee awer keng wouer Geschicht. Oder net?

„Dir wäert eis awer lo net d’Legend vum Melusina verzielen?“, huet de Charel hien ënnerbrach. „Déi krute mir eleng dëst Joer schonn zweemol an der Schoul an eng Kéier op engem Ausflug virgeleiert.“

„Keng Angscht”, huet de Mann gelaacht, wärend de Wand nees u sengem Mantel gerappt huet. „Et ass zwar eng ganz schéi Geschicht, mee et geet mir hei ëm eppes anescht. Wat wësst dir iwwert d’Buerg selwer?“

D’Cindy an de Charel hunn d’Schëllere gehuewen.

„Wéi heescht déi éischt Buerg dann iwwerhaapt?“

„Lucilinburhuc“, sot de Charel wéi aus der Flënt geschoss.

„Genee“, sot de Mann. „Lucilinburhuc. Wat sou vill heescht wéi ‚kleng Buerg‘.“

„Se stoung hei um Bockfiels“, huet d’Cindy gehollef.

„Jo, richteg. Wat nach?“

„Se gouf vum Grof Sigfrid gebaut, viru méi wéi dausend Joer“, sot de Charel.

„Och dat stëmmt. Oder … bal. Nee, am Fong stëmmt dat iwwerhaapt net. De Sigfrid huet déi Buerg sécher net selwer gebaut.“

„ Baue gelooss.“ De Charel huet d’Ae verdréint.

„A… Voilà! Do si mer um Kär vun der Saach. Vu wiem huet hie se da baue gelooss?“

„Vun Aarbechter. Oder Kniechten. Oder wéi och ëmmer ee seet. Ass dach egal.“

„Et ass net egal“, huet d’Cindy zeréckgebass.

„Jo, ok, et ass net egal, mee et ass awer ëmmer esou. Aarbechter oder Kniechten hunn d’Buerg gebaut.“

„Vläicht“, sot de Grof vum Huelen Zant. „Vläicht och net. Et gëtt eng aner Geschicht. Eng, déi ech selwer laang net gegleeft hunn …“

De Mann huet verdreemt an den Himmel gekuckt, an d’Cindy war sech scho bal sécher, dass hie si ganz vergiess hat.

„Wéi eng Geschicht dann?“ huet hatt nogefrot.

„Hm? A, ma de Sigfrid wollt dem Melusina net als Heeschemann begéinen an ass dowéinst, éiert hien hatt gefrot huet, hien ze bestueden, e Pakt mam Däiwel agaangen. Deen huet him an der Nuecht eng stattlech Buerg um Bockfiels gebaut, an dofir huet de Sigfrid him seng Séil vermaach. Alles Kabes natierlech. De Sigfrid huet jo meeschtens guer net a senger Lucilinburhuc gewunnt, mee zu Metz.“

„Wat huet sech da verännert?“ wollt d’Cindy wëssen.

„Hm?“

„Dir hutt gesot, Dir hätt d’Geschicht laang net gegleeft … Wat huet sech da verännert?“

„Ma, ech hu mam Melusina geschwat.“

De Wand huet geraschelt a gepëspert, an eng Sekonn laang huet et fir d’Cindy ausgesinn, wéi wann en d’Lanteren zum Flackere géif bréngen.

Bild: EDU.AI

Wat natierlech net méiglech war. Et ware jo keng Käerzen. Hatt huet de Kapp gerëselt. Moment. D’Lantere waren un. War et scho sou spéit?

„Schwätzt Dir oft mam Melusina?“, huet de Charel de Geck gemaach.

„Sou oft wéi et geet. Ëmmer dann, wann hatt sech langweilt an aus dem Pëtz geschlach kënnt.“

„An d’Melusina huet Iech dat mam Däiwel gesot?“ De Charel wollt sech einfach net packen.

„Dat Eenzegt, wat ech weess, ass, dass de Sigfrid dem Däiwel schlussendlech entwëscht ass — wéi en dat fäerdegbruecht huet, huet d’Melusina mir bis elo net erzielt

— an dass den Däiwel ëmmer nach schwäirosen doriwwer ass. Anscheinend wëll hien dowéinst seng Buerg zeréck.“

De Wand huet weiderhi mat frieme Wierder an dem Cindy säin Ouer geschwat.

„Mee déi Buerg gëtt et dach scho laang net méi!“, huet hatt gejaut. Hatt war sech selwer net am Kloren, op hatt lo mam Här oder mam Wand géif schwätzen.

„A … mee wat ass dann aus der Lucilinburhuc ginn?“, koum et vum Här zeréck. Net vum Wand. Definitiv net vum Wand.

„Lëtzebuerg“, huet de Charel gepëspert, an d’Cindy huet gesinn, dass och hie méi beandrockt war, wéi hien et jee géif zouginn.

„Lucilinburhuc gëtt zu Lützelburg an dann zu Lëtzebuerg. Den Däiwel wëll déi ganz Stad.“

„Oder dat ganzt Land“, huet d’Cindy bäigefléckt.

De Wand war absolut iwwerall.

„ An dowéinst“, sot de Grof vum Huelen Zant „dowéinst brauche mer eng Buerg um Bockfiels, fir den Däiwel ofzelenken — an e Grof, deen dozou passt.“

Dem Cindy säin Häerz huet geklappt wéi wëll. „Kann een den Däiwel wierklech sou einfach oflenken?“

„Net honnertprozenteg, nee. D’Lantere si jo iwwerall. An de Grand-Duc ass jo och net grad onopfälleg. Gitt mol virum Palais laanscht, a kuckt do op d’Lanteren. Déi hunn an der Tëschenzäit souguer scho Gesiichter.“

Bild: EDU.AI

„Mee wat huet den Däiwel mat de Lanteren ze dinn?“

„Ass dat dann net kloer?“, sot de Grof, a säi Mantel huet sech nees zu grousse Flilleken iwwert senge Schëlleren opgeblosen.

„Den Däiwel ass deen Engel, deen dofir zoustänneg war, d’Luucht an d’Welt ze bréngen. Wann dir nuets op eng Lanter kuckt, da kuckt den Däiwel vun der anerer Säit zeréck!“

*

Fir all Problem gouf et eng Léisung. Dat huet dem Charel seng Mamm him ëmmer gesot, an et huet sech och hei als richteg erwisen. Et war mol net schwéier gewiescht. Hien hat einfach mat senger Mamm geschwat, seng Mamm hat sech op der Gemeng beklot, a lo ass eng Equipe vun der Police iwwert de Bock gaangen, wann d’Schoul fäerdeg war. De verréckte Grof krut een net méi ze gesinn. De Charel war net wéineg houfreg. D’Gesetz war do, fir hien ze schützen. D’Cindy wier natierlech rëm rose mat him gewiescht, mee hatt huet jo net ëmmer alles misse gewuer ginn.

„Ass et net besser esou?”, sot hien um Wee fir heem. „Dat ass dach vill méi propper a respektabel. Lo gëtt et näischt méi, wat vun der schéiner Vue oflenkt.“

„Ausser déi uniforméiert Beamte mat hire Waffen, déi lo hei laanschtpatrouilléieren“, huet d’Cindy gemengt.

„Ech fannen, déi gesi ganz gutt aus. Et fillt een sech direkt méi sécher.“

„Mee sécher viru wiem? Vu wou koum dann hei eng Gefor?“

„Ma zum Beispill vu verréckten Heescherten, déi sech fir Grofen halen.“

„Hien huet dach näischt gemaach. Hien huet probéiert, eis virum Däiwel ze schützen.“

De Charel huet einfach nëmme gelaacht.

„Ech soe jo net, dass ech dru gleewen“, huet d’Cindy d’Ae verdréint. „Mee hien huet eis virun enger Gefor beschützt, déi et nëmmen a sengem Kapp gouf, a lo schützen déi Polizisten eis anscheinend virun enger Gefor, déi et nëmmen an dengem Kapp gëtt. Also éierlech, ech gesinn do keen Ënnerscheed.“

De Charel huet d’Cindy schwätze gelooss a sech dobäi immens erwuesse gefillt. Hien ass weidergetrëppelt. Haut war e schéinen Dag.

D’Cindy huet him e puer Sekonne laang nogekuckt. Huet hie wierklech gemengt, hatt kéint sech net denken, dass hien eppes mat de Polizisten ze dinn hat?

Hatt huet de Kapp gerëselt. Dunn ass hatt him nogaangen, an huet ugefaangen, dobäi d’Lanteren ze zielen.

Bild: EDU.AI