D’Hierschtblat Milly
6. Januar 2025Eng Geschicht vum Linda Pleimling
Fréijoer, Summer, Hierscht a Wanter. Vergeet eng Joreszäit, ass déi nächst net wäit.
Den éischte Schnéi vum Joer fält. D’Emmi gräift no Jackett, Stiwwelen, Händschen, Mutz a Schal, a leeft eraus op de Feldwee. Hatt hieft de Kapp, blënzelt an de verschneiten Himmel erop, mécht de Mond op a léisst déi äiseg Flacken op seng Zong falen.
„ Ei, wat dat esou schéin am Gesiicht kribbelt“, freet hatt sech. Op eemol awer bleift hatt stoen …
Tëschent all deene wäisse Flacken an der Luucht spréngt dem Emmi e faarwege Punkt an d’A! Nee … Stopp! Et ass eppes méi wéi just e Punkt, et ass … e faarwegt Blat! An dat Blat danzt net esou fräi ronderëm wéi d’Schnéiflacken.
Et wackelt just hin an hier, fält awer net erof op de Buedem.
„Mä … wéi kann dat dann nëmme sinn?“, freet hatt ganz erstaunt.
„Et ass dach … Wanter! An dee Bam hei huet seng Blieder dach schonn am Hierscht verluer. Wat mécht dat schéint, faarwegt Blat dann nach mudderséileneleng hei an der Keelt hänken?“ D’Emmi ass ganz duercherneen …
Dat eenzegt Blat um Bam ass tatsächlech e besonnesch schéint Blat, an d’Emmi kritt vun deene kräftege Faarwe guer net genuch: Wéi bei engem Reebou si rout, giel an orange Sträifen um Blat verdeelt.
An hei an do gesäit een e puer brong Pink- telcher. Déi gesinn aus wéi Sommersprossen, fënnt d’Emmi. Mudderséileneleng hänkt d’Blietchen um plakege Bam an ziddert vu Keelt.
„Wat méchs du nach do uewen hänken, sou ganz eleng?
Firwat bass du net schonn am Hierscht mat all deenen anere Blieder vum Bam erofgefall?“, pëspert d’Emmi dem Blat virwëlzeg zou.
Ech hunn Angscht …“, héiert hatt do eng douce an ziddereg Stëmm vun uewen erof.
D’Emmi erféiert. War dat grad d’Hierschtblat, dat mat him geschwat huet? Wéi war dat nëmme méiglech?
„Du hues Angscht?“, widderhëlt d’Emmi virsiichteg dem Blietche säi Saz.
Ee Moment ass et ganz roueg, dunn awer:
„Jo, du hues richteg héieren. Ech, d’Milly, dat lescht Blat um Bam, hu grad mat dir geschwat“, äntwert him déi douce Stëmm no enger kuerzer Paus.
„ An … jo, ech hunn Angscht, ech hunn Angscht lasszeloossen.“
„Wéi … ech, ech verstinn net richteg … wat, wat mengs du mat lassloossen?“, tuddelt d’Emmi. Hatt kann nach ëmmer net gleewen, datt dat faarwegt Hierschtblat, dat esouguer en Numm huet, ka schwätzen.
Ech hale mech schonn zanter Wochen un deem dënnen Aascht elei un“, erkläert d’Milly ganz traureg, „soss wier ech ewell laang erofgefall, esou wéi déi aner Blieder och. Mäi Still deet mer sou wéi, et ass mer kal, an dann déi vill Loft! Laang packen ech dat net méi“, keimt d’Milly. „An eleng fillen ech mech och …“
Fréijoer, Summer, Hierscht a Wanter. Vergeet eng Joreszäit, ass déi nächst net wäit.
Dat ganzt Joer iwwer waren d’Blieder all zesummen um Bam an lo ass hatt ganz eleng. Datt d’Milly verdrësslech ass, dat kann d’Emmi ganz gutt verstoen – mä eppes aneres versteet hatt guer net! Firwat huet d’Hierschtblat Milly dann esou eng grouss Angscht lasszeloossen? Dat maachen d’Blieder am Hierscht dach all!
„Ech hunn Angscht virun der Héicht, versteess de?“, fänkt d’Emmi vum selwen un ze erzielen.
„ Ech hunn Angscht erof zefalen a mer wéizedoen. An dann, wat geschitt mat mir, wann ech bis um Buedem leien?
Ech hu jo gesinn, wéi et deenen anere Blieder ergaangen ass, déi erofgefall sinn:
D’Muppen hunn op se gepisst, d’Leit si beim Spadséieregoen op se getrëppelt oder se goufen opgekiert an an d’Dreckskëscht geheit“, spruddelt et nëmmen esou aus dem Milly eraus.
Hatt mécht eng kuerz Paus a jéimert dann: „Ech weess jo, datt ech net fir ëmmer um Bam kann hänke bleiwen, mä et feelt mir einfach de Courage, mech falenzeloossen.“
Mat all Tréin kritt d’Milly e bronge Pinktelche méi. Och seng Faarwe sinn net méi grad esou kräfteg wéi am Ufank vun hirem Gespréich.
„Dat kënnt bestëmmt vun der grousser Opreegung“, iwwerleet d’Emmi. Hatt hëlt sech fest vir, dem Blietchen elo ze hëllefen …
„Weess de, Milly“, fiert d’Emmi virun, „ech hunn och Angscht viru ville Saachen. Angscht ze hunn ass ganz normal, dat …“
— „Du hues och Angscht?“, ënnerbrécht d’Milly hatt.
„Jo, jiddereen huet virun iergendeppes Angscht“, erkläert d’Emmi am Äifer.
„Owes, wann et a menger Kummer däischter ass an ech eleng am Bett leien an et am Eck kréckelt, da fäerten ech, da fillen ech mech och eleng a ruffen no menger Mamm …“
D’Milly ass een Ament roueg. Hatt schéngt iwwert dat nozedenken, wat d’Emmi him grad uvertraut huet.
Du freet hatt ganz erstaunt: „Dann ass et also net schlëmm, wann ee virun eppes Angscht huet? Ech hu mech ni getraut menge Frënn a Frëndinnen dovun ze erzielen, well ech Angscht hat, si géife mech auslaachen.“
D’Emmi rëselt lues de Kapp an äntwert ganz léif: „Ma nee, Angscht ze hunn ass guer net schlëmm! Et brauch ee sech dofir net ze schummen. Angscht ze hunn ass ganz normal; si kann eis munchmol souguer virun enger Gefor beschützen. A souguer déi grouss Leit hunn Angscht.“
„ Mee weess de“, fiert d’Emmi virun, „heiansdo rentéiert et sech awer och, all säi Courage zesummenzehuelen an sech eppes Neits ze trauen. Deng Angscht dierf net sou grouss ginn, datt s du dech guer näischt méi traus. Du späers dech jo soss selwer an e Prisong an, an da verpass de all déi schéi Saachen am Liewen, verstees de?“
Uewen um Bam ass et ganz roueg. Et héiert een elo just e staarke Wand an den Äscht päifen, deen d‘Milly richteg duerchrëselt.
„Milly“, setzt d’Emmi nach emol un, „denk net un déi schlecht Saachen, déi geschéie kéinten, wann s du lassléiss, dat mécht dech just traureg! Denk un déi gutt, un déi flott Saachen, dat mécht dech frou a staark!“
D’Milly huet dem Emmi déi ganzen Zäiten nogelauschtert. Du mécht et seng Aen zou a seet just nach: „Merci, Emmi, ech si frou, datt et dech gëtt.“
Fréijoer, Summer, Hierscht a Wanter. Vergeet eng Joreszäit, ass déi nächst net wäit.
De Wand gëtt elo ëmmer méi staark, sou staark, datt och d’Emmi sech um Bamstamm muss unhalen, fir net fortgeblosen ze ginn.
Just e kuerzen Ament huet d’Emmi d’Bliet- chen net am A gehalen. Wéi et nees an d’Spëtzt vum Bam eropkuckt, ass d’Milly verschwonnen.
„Milly, Milly, wou bass de?“ Mä … dem Milly seng Plaz ass eidel!
Verdrësslech denkt d’Emmi: „De Wand war wuel ze staark an dem Milly seng Kraaft um Enn.“
Op eemol awer héiert d’Emmi eng Stëmm, déi him bekannt virkënnt. Nervös siche seng Aen déi ganz Äscht nom Milly of an — hei, tatsächlech, — um ënneschten Aascht erbléckst hatt endlech seng faarweg kleng Frëndin.
Couragéiert, wann och e bëssen zerdiebelt, hält d’Milly sech nach un.
„Milly“, jäizt d’Emmi, „fäert net, looss lass, ech fänken dech op!“
A knapps huet hatt de Saz op en Enn geruff, gesäit hatt, wéi d’Milly d’Aen zesummepëtzt, lassléisst, sech am Krees dréit an, amplaz erof op de Buedem ze falen, duerch e kräftege Wandstouss ëmmer méi héich an ëmmer méi héich an d’Luucht geblose gëtt.
Ganz erstaunt iwwert dat, wat grad geschitt, steet d’Emmi virum Bam, de Bléck an den Himmel geriicht an d’Hänn nach ëmmer an der Luucht, fir d’Milly opzefänken. Opfänke muss hatt d’Hierschtblat allerdéngs net méi. D’Milly flitt elo mat ausgestrecktem Still héich iwwer d’Schoul, d’Haiser, de Bësch, uechter d’Land an an déi grouss Welt eraus … D’Emmi héiert d’Blietche just nach gluckse vu Freed a „Wow!“ an „O, wéi schéin!“ ruffen.
Seng Angscht huet d’Milly iwwerwonnen, a fir säi Courage gëtt hatt elo belount mat enger schéiner Vue erof op d’Äerd, mat neie Frënn a ville flotten Abenteuer, déi héich uewen an der Luucht op hatt waarden.
Glécklech geet d’Emmi heem, frou, datt et dem Milly elo gutt geet, a stolz op dat klengt Blietchen, datt sech getraut huet, him vu senger Angscht ze erzielen.
Fréijoer, Summer, Hierscht a Wanter. Vergeet eng Joreszäit, ass déi nächst net wäit.