D’Lili, de Pol an déi Saach mam Schaf
20. Dezember 2022Eng Geschicht vum Anja Di Bartolomeo
Donneschdes ass en Dag fir ewechzegeheien. E Poubelles-Dag, deen einfach misst aus dem Kalenner gestrach ginn. Zack, an all Donneschdeg wier fort.
Datt d‘Lili moies déi zwou éischt Stonne Schwammen huet, ass schlëmm. An datt dono och nach Rechnen an déi lescht Stonn Franséisch um Programm stinn, ass eng Qual. Mee am fuerchtbaarsten – ganz schrecklech an eng richteg Folter – ass, datt all Donneschdegmëtteg der Mamm hir beschte Frëndin Annette mam Pol bei d’Lili heemkënnt.
Dee klenge Pol ass nämlech verbuede blöd. Eng onheemlech Nervesee, déi net auszehalen ass. Okay, vill Jonge sinn esou, a wann d’Lili éierlech ass, gëtt et och zimmlech vill Meedercher, déi hatt am léifste géif op de Mound schéissen … mee de Pol … deen iwwertrëfft einfach alles a jiddereen. Een ewéi de Pol, do ass d’Lili sech sécher, muss ee mindestens an e schwaarzt Lach oder an eng aner Galaxie schécken, bis dee Rou gëtt.
D’Mamm seet ëmmer, datt hatt net esou béis mam Pol sollt sinn. „Hien huet eben eréischt fënnef Joer, du weess dach, wéi dat ass, Lili. An du bass jo awer schonn e grousst Meedchen, dat domadder eens gëtt. Kuck, du kanns et als Babysitter-Training gesinn.“ Datt d’Lili guer keng Loscht huet a 5, 10 oder 50 Joer op Kanner opzepassen, ass der Mamm ganz egal.
Den Donneschdeg haut ass extra schlëmm. Am Schwammen ass d’Lili als Lescht ukomm, dono gouf et vun der Joffer am Franséischen opgeruff an si huet gemault, well hatt seng Verben net wosst. Am Rechnen ass d’Lili net fäerdeg ginn a fir d‘Mëttegiessen huet d’Mamm och nach eeklege Choufleur gekacht. A wéi wann dat op engem Pol-Donneschdeg net scho genuch wär, huet hatt zu allem Ongléck och nach säi Rechenheft an der Schoul leie gelooss – wouriwwer d’Mamm natierlech gutt gemeckert huet. Wéi et dunn um Punkt zwou Auer un der Dier geschellt huet, war d’Lili net nëmmen terribel schlecht gelaunt, mee hatt war och nach rosen an traureg, einfach alles mateneen. Keng Persoun, mat där ee gutt Kiischten iesse kann. An op kee Fall e Stress-Pol.
Wéi ëmmer stiermt d’Nervesee direkt an ouni unzeklappen an dem Lili säin Zëmmer a spréngt wéi en Dillendapp ronderëm. „Lili, Lili, wat maache mer? Lili, kënne mer spillen?“, jäizt de Pol sou haart, datt et dem Lili an den Ouere wéideet.
„Mann, wëlls de dech net als Siren bei der Police mellen?“, mault d’Lili hien un.
„Police, jo, jo! Juppi! Spille mer elo Police? Ech sinn de Chef, an du, Lili, du bass de Gangster“, rifft de Pol begeeschtert an hopst vun engem Been op dat anert.
„Police, juhuu! Mir spille Police an ehech sihinn de Cheheff…“
„Nix da!“, äntwert d’Lili , „dat kanns de der mol schéin ofschminken. Vergiess et! Ech spillen dach net mat zéng Joer Police! A schonns guer net mat esou engem ustrengende Kauz wéi s du ee bass!“
Hatt kuckt e béis un.
„An ech sinn och kee Gangster, du Topert!“
De Pol zitt eng Schnuff.
„Ohhh, bitti, Lili, bitti, kënne mer net just ganz e bësse Police spillen?“
D’Lili rëselt nees de Kapp.
„Däi klengt Gehier versteet wuel nach net, wat Nee heescht!”, seet hatt. „Vergiess et, Pol. Keng Police, kee Gangster. Looss mech einfach just mat Rou! Setz dech an den Eck, kuck e Buch a spill: Ech sinn net do.“
De Pol kuckt enttäuscht, wärend d’Lili seng Kopfhörer opsetzt, sech ënnert säin Diwwi tässelt an sech seng Zeitung schnaapt, fir alt wéinstens den Interview mat sengem Liblingssänger ze liesen.
Wéi hatt an der Hallschent vum Artikel ukomm ass, huet et säin onerwënschte Gaascht bal vergiess. Allerdéngs nëmme bal … Well op eemol rappt et um Lili sengem Aarm an hatt ass eenzock am Donneschdes-Albdram zeréck.
„Wat der Däiwel!“, rifft et a klaakt seng Zeitung op de Buedem. Hatt rappt sech de Kopfhörer vum Kapp. Virun him steet de Pol, deen hatt mat grousse ronnen Aen ukuckt. An där enger Hand hält en een Einhorn-Kapp, an där anerer en Einhorn-Schwanz. „Futti …“, seet en an zitt d’Schëlleren erop. „Ass erofgefall. Pardon, Lili.“
D’Lili spréngt op. Et mécht zwou déck Fäischt mat sengen Hänn, wéi een dat mécht, wann ee richteg rosen ass. Säi Gesiicht gëtt tomaterout. Sou rout, datt de Pol sech virstellt, datt d’Lili och sécher eng gutt Police-Luucht wär. Hatt mécht de Mond op a fänkt u mat Bierelen.
„Deen Einhorn … deen do Einhorn hunn ech mir selwer an der Vakanz viru fënnef Joer kaf …“
Hatt schnaapt no Loft. „Just een eenzegt ass et op der ganzer Insel ginn! Verstees de! An elo, elo gees du mir einfach esou mäi Liblingseinhorn an zwee briechen.“
De Pol denkt un déi Hexen, déi munchmol an de schlëmme Filmer sinn, no deenen hien ni aschlofe kann. Hien ziddert e bëssen.
„An alles wat dir afält, ass e klenge Pardon.“
Hatt mécht eng komesch Stëmm, déi dem Pol elo nach méi Angscht andreift.
„Oh, pardon, Lili, datt ech mech alt erëm d’Schwäi gestalt hunn an däin allercoolst Einhorn futti gemaach hunn.“
De Pol geet e Schrëtt no hannen.
D’Lili stemmt d’Äerm an d’Hëft an et pëtzt seng Aen zesummen.
„Weess de, wat s du bass?”
Dem Lili seng Stëmm ass elo nach méi haart.
„Du bass dee schielste Jong, deen ech kennen! E richtege Blödian! Verschwann aus mengem Liewen! Direkt! Ech wëll dech ni méi gesinn!“
An deem Ament, wou et dat seet, knuppt et mam Fouss op de Buedem. De Pol spréngt wéi vun enger wëller Bei gepickt am Lili säi Kleederschaf a klaakt d’Dier zou. Hatt rennt hannendrun, nach ëmmer am gaangen ze blären an de Pol Schëmmel a Bless ze vernennen, rappt d’Dier op, gräift an de Schaf, fiert mat der Hand vu lénks no riets a vu riets no lénks derduerch. An op eemol gëtt et ganz roueg. Am Schaf ass nämlech wäit a breet kee Pol. Keng Spuer vun him. Just den ofgebrachene Kapp vum Einhorn läit tëscht dem Lili senge Strëmp um Buedem. Vu Schreck kann hatt sech ee Moment laang guer net méi beweegen. A sengem Kapp dréit et, an hatt kritt bal keng Loft. Hatt denkt un d’Mamm an un d’Annette, déi herno wëlle wëssen, wou dee klenge Pol dann op eemol hin ass. „Wéi kann et sinn, datt hie fort ass? Du hues e verjot! Du bass Schold. Elo musse mer d’Police ruffen!“
„Police, hätt ech dach nëmme Police mat him gespillt …“, seet d’Lili sech
a kuckt op d’Auer. D’Mamm an d’Annette sinn nach spadséieren.
Uff, denkt et. An da mécht et dat eenzegt, wat hatt elo nach rette kann: Hatt klëmmt selwer an de Schaf …
E Schaaf, deen op eemol kee Schaaf méi ass, gëtt et just an de Filmer. Zack, an op eemol ass een an enger anerer Welt, an där ganz komesch Saache geschéien.
Blödsinn! Datt aus esou enger onméiglecher Geschicht géif Wierklechkeet ginn, an dat och nach op engem blöde Poubelles-Donneschdeg mam Pol, hätt d’Lili sech ni am Liewe kënne virstellen.
Eng hallef Sekonn nodeem hatt tëscht de Kleeder erduerch an de Schaaf gekroch war, ass dem Lili seng Welt total op der Kopp. Wéi vun engem risege Staubsauger ugezunn, flitt hatt nämlech elo mam Kapp no vir an een däischtert Lach. Et fält a fält, ruddert ëmmer erëm wëll mat den Äerm a jäizt sou haart et kann. Hatt probéiert krampfhaft seng Aen opzemaachen, mee vum krasse Géigewand gi seng Aendeckelen ëmmer erëm zougedréckt.
„Genee esou fillt et sech warscheinlech un, wann ee mam Fallschierm aus engem Fliger spréngt“, fiert et dem Lili duerch de Kapp, deen him esou lues virkënnt ewéi e Loftballon.
Wéi et him ee Moment geléngt, d’Aen e klenge Schlitz wäit opzemaachen, gesäit hatt näischt: Alles ronderëm ass schwaarz ewéi d’Nuecht.
„En Dram, dat ass e ganz schrecklechen Albdram“, denkt hatt verzweiwelt.
„Erwäch! Erwäch, Lili!“
Mee hatt erwächt net, hatt fält ëmmer weider, an zwar esou séier, datt him seng zwou Wollstrëmp fortfléien. Ugestrengt deet hatt e weidere Kreesch, et brennt schonn am Hals, hatt strampelt wëll mat de Been, schléit op eemol e Salto, fir da rumsdibums mam Hënner vir an e risege mëlle Koup anzedauchen … genee esou, wéi wann een eng Aaschbomm an der Schwämm mécht. Mat leschter Kraaft krabbelt hatt aus deem komesche Koup eraus, schnaapt no Loft a späizt Fisemen aus dem Mond eraus.
„Ärk!“
Hatt reift sech d’Aen. Kuckt ëm sech. Et ass elo hell genuch, fir eppes ze erkennen.
„A wat der Däiwel ass dat do?! Ech sëtze matten op engem … Strëmp-Bierg?” Genee an deem Ablack, wou hatt dat seet, fänkt et un, ënnert him ze wackelen an ze raschelen.
„Ups … éischter e Strëmp-Vulkan“, rifft et nach, éiert hatt aus deem Koup, deen tatsächlech nëmmen aus Strëmp besteet, erauskatapultéiert gëtt.
„Aua!“, jäizt d’Lili an éiert hatt sech ëmsäit, spiert hatt, wéi eppes him op d’Schëller hopst.
„Strëmp-Bierg?!!! Du méchs wuel de Geck!”
D’Lili jiipst vu Schreck, dréit de Kapp a quiikt, bis et him selwer an den Ouere wéideet. Mee wat soll een och soss maachen, wann op eemol eng lieweg Strëmp een attackéiert?
„Lo blär emol net esou. Selwer schold, wann s du de wonnerbaren, eenzegaartege Mont-Chaussette als banalen, domme Strëmp-Bierg vernenns! Dat si wierklech keng Manéieren, ma chère Lili!“
„Keng Manéieren!“, rifft et elo mat dausend klenge Stëmmen aus alle Richtungen, a scho flitt dem Lili eng zolidd Portioun Strëmp entgéint.
„Weess de, eis soll een net ënnerschätzen. Se sinn nach ëmmer zimmlech enttäuscht datt s du se deemools einfach esou am Stach gelooss hues …“
„Hä!!! Wat? Wat hunn ech gemaach?!“
D’Strëmp op der Schëller ass elo ganz opgereegt.
„Iwweregens, Pantero mäin Numm! Ech sinn deen, deen s du deemools einfach an d’Poubelle gehäit hues, well der mäi Muster net gefall huet: Déi kleng Kazen waren der ze schwaarz. An déi giel An ze giel!”
„Ze giel! Ze giel! Ze giel!“, schaalt et elo vun iwwerall.
„Jo, chère Lili, d’Bewunner vum Mont-Chaussette sinn alles anescht wéi glécklech iwwert däi Besuch. Schliisslech hues du hinnen d’Häerz gebrach, wéi s du se einfach entsuergt hues!“
„What?!“
„Jo, jo, erënner dech: De Greenie hues de am Sand vergruewen. De Kolleeg mat de Sträifen, de Stripes, hues de an de Bam geschoss, an den Trucker carrément an en Autosauspuff gestach, sou datt e bis haut nach heiansdo dämpt.“
„Ëm Gottes Wëllen!“
Eng Strëmp no der anerer spréngt virun hatt.
„Mech hues de enger Bom an d’Bréifboîte gehait. Just well ech e Mini-Lach hat.“
„Ech sinn an d’Mier geflunn, well s du meng Punkte blöd fonnt hues.“
„Mech hues du dem Nopeschhond ginn, well ech der ze déck war.“
Eng orange Strëmp plustert sech op.
„Mech hues du am Mierschwéngerchers-Stréi verstoppt. Ihhh, ech hunn haut nach de Geroch vun deenen nervege Biester an der Nues!“, mault elo eng kleng Strëmp mat Halloween-Kürbissen.
„Du bass jo awer och wierklech net schéin“, platzt et spontan aus dem Lili eraus, wat hatt schonns am nächste Moment bereit, wéi et eng zimmlech wëll Strëmp-Arméi erbléckst, déi spannerose riicht op hatt lass marschéiert.
„Ähm. Pardon, et war net esou gemengt. Sorry, guys!“, seet hatt, an iwwerdeems kommen him tatsächlech e puer Strëmp-Erënnerungen an de Kapp.
„Also, wéi ech kleng war … naja, do war dat esou eng Saach mat de Strëmp. Also, d’Mamm huet ëmmer déi falsch kaaft. An de Papp nach vill méi …! War net esou gemengt … Sorry …“
Si gesinn alles anescht ewéi zefridden aus, mee de Pantero klappt an d’Hänn.
„Sou, Frënn, zréck an de Bierg. D’Lili sot Pardon. Och wann dat net alles erëm gutt mécht, hatt huet sech entschëllegt an dat ass et e Fortschrëtt. An esou schlecht hu mer et hei ënne jo net. Et ass keen eleng a mer hunn eis Rou virun deene fuerchtbare Wäschmaschinnen an Trockner, déi dech am schlëmmste Fall schrumpfen.“
D’Lili staunt. Domadder hätt hatt net gerechent. Ma da fält et him op eemol erëm an: De Grond, firwat hatt eigentlech bis bei de Mont-Chaussette geroden ass.
„Dir hutt net zoufälleg de Pol gesinn?“, freet hatt e bëssi verleeën.
De Pantero laacht.
„Wat ass dann do sou komesch?”, freet d’Lili.
An deem Moment kënnt eng Strëmp no vir gepoltert. Si ass blo an huet e Policeauto mat rouder Siren op der Säit.
„Oh nee! Wat ass dat do? Hu dir de Pol éiere verhext?“
Hatt schléit d’Hänn iwwert dem Kapp zesummen.
„Wat soen ech da lo senger Mamm?!! Ah, de Pol, nö, dee kënnt net méi heem, deen ass lo fir ëmmer an éiweg eng Policestrëmp.“
Ouni ze mierken, datt de Pantero grinst, fänkt hatt u mat kräischen.
„Dem Pol ass et e bëssen ergaangen ewéi eis. En huet dech genervt, also huet en einfach misse fort, einfach esou an de Schaaf. Deen aarme Jong. Tja, an dunn ass en eben hei bei eis geland“, erkläert de Pantero.
„Jo, an elo?“, freet d‘Lili besuergt.
„Keng Angscht, dee Jong ass einfach net gemaach fir eng Strëmp ze sinn. Wierklech … en ass e bëssen ustrengend mat sengem permanente Sirene-Getuuts.“
„Uäuäuä“, mécht d’Police-Strëmp elo.
„Pol?“
„Lili, spille mer elo endlech Police?“, quääkt d’Pol-Strëmp an hopst vu Freed.
„Alles, wat s de wëlls, wa mer just erëm hei erauskommen.“
“Versprach?”
“Versprach!”
„Bon Voyage dann!“, rifft de Pantero, a scho ginn d’Lili an de Pol ewéi zwou Rakéiten no uewe geschoss.
Wéi d’Lili aus dem Schaaf erausgebonzelt kënnt, ass de Pol schonn ukomm.
„Uff, du bass rëm deen Alen. E ganz normale Stress-Pol.“
De Pol laacht a freet sech, datt hien deen eenzege Jong weltwäit ass, dee jeemools eng Police-Strëmp huet dierfe sinn.