„Du muss de Sport liewen!“
13. April 2023Wéi gëtt ee Sportjournalist a wéi bereet ee sech vir, fir zum Beispill eng Formel 1-Course ze kommentéieren? De Franky Hippert ass zanter 20 Joer Sportjournalist bei RTL Radio an RTL Télé. Am Interview mam Piwitsch erkläert hien, wéi hien aus sengen zwou Passiounen, de Sport a Radiomaachen, säi Beruff gemaach huet. Eng Passioun ass, wann een eppes immens gäer mecht. „Du muss ëmmer un däin Draam gleewen. Da sinn d’Chance ganz grouss dass en sech realiséiert“, seet de Franky Hippert. Et bedeit awer och ganz vill Aarbecht fir als Sportjournalist grouss Matcher oder Coursen däerfen ze kommentéieren.
Weitere Topthemen
-
Wirklich wertvolles Wasser
Alles wissenswerte zum Thema Wasser. 08. Juli 2022 -
Die Brezel ist der Star!
Am Sonntag, dem 19. März ist wieder „Bretzelsonndeg“. Eine schöne Tradition, mit der sich auch die „Mini-Käch“ beschäftigt haben. 13. März 2023 -
Tristan ist der beste Vorleser
Alle waren super gespannt, als am Nachmittag des 28. Juni das Finale des „Virliesconcours 2022“ im großen Saal des „Mierscher Kulturhaus“ über... 29. Juni 2022