E seelene Villchen
6. März 2022Hues du scho mol e Piwitsch gesinn? Dann has du Chance! Well dee Villchen mat senge laange Plommen um Kapp a senge faarwege Fiederen ass leider ganz seele ginn an deene leschte Joren. Firwat ass de Piwitsch esou seelen?
Ma well et ëmmer manner Wisen a Felder ginn, wou de Piwitsch, den op Däitsch „Kiebitz“ heescht an op Franséisch „Vanneau huppé“, säin Iesse fënnt a wou e seng Eeër kann ausbréien. De Piwitsch huet gäre fiicht Wisen, wou hien Insekten a Wierm fënnt fir ze friessen. Mee ëmmer méi vun deene Plaze ginn dréche geluecht, et gi Planzen dorop geplanzt, déi d’Insekten, déi de Piwitsch frësst, net esou gären hunn, oder de Mënsch baut Haiser drop.
Dowéinst steet de Piwitsch och op der Lëscht vun de Vullen, déi besonnesch geschützt musse ginn. Kuck a lauschter also gutt, wanns du spadséiere geess. Wanns du en haarde „Piiiiwitsch, Piiiiwitsch“ héiers, dann ass dee Villchen nobäi. Du hues elo bestëmmt geroden, dass säin Numm vu sengem Ruff kënnt.
Andere Artikel
-
Schatzsuche in der versteckten Römervilla
Bei den Ausgrabungen bei Goeblingen machen auch Kinder mit. Im Wald bei Goeblingen liegt ein ganz besonderer Platz. Vor zweitausend... 09. August 2022 -
Strom aus der Kraft des Wassers
Bei Vianden liegt ein riesiges Kraftwerk mitten in einem Berg. Du kannst es sogar besuchen. Das Piwitsch-Team steht vor einem... 18. August 2022 -
Die unsichtbare Not: Kinderarmut
Am 20. November ist internationaler Tag der Kinderrechte. Das 26. Kinderrecht ist das Recht auf soziale und wirtschaftliche Sicherheit. Lies... 11. November 2024