Emma & Elsa

15. April 2024

Eng Geschicht vum Tullio Forgiarini.

Klick op dee klengen Dräieck fir d’Geschicht ze lauschteren.

Ech heeschen Emma. Ech hunn zimmlech genau zéng Joer. Mäi Monster heescht Elsa. Also, ech weess net, ob hatt wierklech Elsa heescht. Ech hunn hatt emol sou genannt. Hatt huet näischt dogéint … mengen ech emol. Mee hatt lauschtert och net sou richteg op deen Numm. Hatt lauschtert am Fong ganz wéineg op mech. An och op soss keen. D‘Elsa mécht meeschtens dat, wat hatt grad wëll. E Monster eben. A wéi e Monster gesäit hatt och aus. Wéi vill verschidde Monsteren éischter, well d’Elsa wiesselt dauernd d’Form an d’Faarf. Mol ass hatt knaschteg a buuschteg, mol duerchsichteg a schwabbeleg. Mol sténkt hatt no kalem Frittefett, mol no Schweess a Féiss. Sou wéi an de Vestiairë vun der Sportshal, wann déi Grouss aus dem Lycée grad dra waren.

Net ganz appetitlech, hä?

Dofir géif ech d‘Elsa am léifsten doheem loossen. Mee dat passt him guer net. D‘Elsa wëll all Dag mat an d‘Schoul. Onbedéngt! Firwat?, frot dir iech. Ma … ech mengen, fir dass och wierklech all Mënsch gesäit, dass hatt dat obercoolst vun all de Monsteren ass.

E wujelegt Monster, wat am Bett läit

Wann ech moies an der Klass de Schoulsak opmaachen, da feelt schonn d’Hallschent vu menge Bicher an Hefter. Dobäi hat ech se owes agepaakt. Honnertpro! D’Elsa hëlt se dann nees heemlech eraus. Einfach esou. Well hatt dat witzeg fënnt. Mee d‘Panzrappecht an e Stréch, déi kréien ech. An der Klass fiert d‘Elsa einfach weider: Hatt gaapst haart, bierelt an d‘Klass eran, steet ouni ze froen op, stéisst widdert d’Bänken a pucht deenen anere Kanner hir Schachtel op de Buedem. Ups! Sorry!, seet hatt dann nach. D‘Elsa krozelt souguer dem Léonie an d‘Bicher. D‘Léonie ass meng beschte Frëndin. Meng eenzeg Frëndin. Dat Eenzegt, dat et aushält, niewent mir an dem Elsa ze sëtzen. Wann d‘Elsa nees Blödsinn am Léonie säin Däitschbuch geschriwwen huet, hëlt d‘Léonie e Gummi a wëscht alles schéi propper aus. A wann d‘Elsa dann de Gummi duerch d‘Klass schmäisst, da verdréint d‘Léonie d‘Aen zwar liicht, mee hatt steet op a geet de Gummi sichen. Ouni vill ze meckeren. D‘Léonie kënnt doudsécher an den Himmel … falls et deen da gëtt.

D’Elsa ass wierklech …

An dir? Wéi maacht dir dat mat äre Monsteren? Sinn déi och sou frech wéi d‘Elsa? All d‘Kanner hu Monsteren, dat ass gewosst, mee bei mir an der Klass gesinn ech deenen aneren hir ni … bal ni. A wann, da sinn se butzeg a léif. Heiansdo luusst mol eent aus engem Schoulsak oder aus enger Jackettentäsch eraus. Si sinn e bësse verwujelt, schneiden eng Grimass a jäize Buuh! mat enger piipseger Stëmm. A wann s de da méchs, wéi wann s de géifs fäerten, da sinn se ganz houfreg a fille sech wéi e richtegt Megamonster. Dobäi sinn se just Petzien. Bei mir an der Klass hu just ech e Megamonster …

Ech … an den Dok.

Den Dok ass eréischt virun zwou Woche bei eis an d‘Klass komm. Den Dok heescht Dok, sot eis Joffer, d‘Jessie. Also net grad esou. Et wousst jo du nach keen, dass den Dok Dok géif heeschen. D‘Jessie sot:

– Dat hei ass ären neie Klassekomerod, den Dok. An nee, hie kënnt net aus China, mee aus Thailand. Dir wësst jo, wou Thailand läit, oder?

Kee wousst et. Mol net de Ben. Dobäi ass seng Mamm Geosproff.

Wéi dem Dok säi Monster heescht, sot d‘Joffer net. Ech hunn hien emol Anton genannt. Ech hu fonnt, deen Numm géif passen. Den Anton war … uah! Hien huet sech missen duerch d‘Dir quëtschen, fir eranzekommen, sou riseg war hien.

Wéi e geplëmmte Poulet huet hien ausgesinn, wéi eng plakeg Int éischter. Eng Int ouni Hals. Just e klenge Kapp. Kee Mond, mee dofir zwee eidel Aen, déi einfach riicht no vir gekuckt hunn.

Den Dok souz eleng ganz vir beim Pult. Wann den Anton sech dann op säi Schouss gesat huet, ass den Dok ganz ënnert sengem Monster verschwonnen. Just seng Äerm a seng Been hunn nach erausgeluusst. Lo erstéckt hien!, duecht ech déi éischte Kéier. Mee dem Dok seng Hänn hunn sech ganz normal weiderbeweegt, a seng Féiss och.

Eng Zeechnung vun engem klenge Meedchen, wat op e klenge Bouf jäitzt

Den Dok war wuel dru gewinnt, sou ee fett, trauregt Monster dorëmmer matzeschleefen.

And‘Elsa?, wëllt dir elo bestëmmt wëssen! Ech kann iech soen, ech hat mega Panik am Ufank. Ech hunn d‘Elsa gekuckt a mech gefrot:

–  A wat geschitt elo?

Mee d‘Elsa war grad esou impressionéiert wéi ech. Hatt sot näischt, huet sech net méi geréiert. Hatt huet e puer Deeg gebraucht, bis et sech getraut huet, erëm eng kommen ze loossen. Am Laanschtgoen huet hatt e Stréch an dem Dok säin Heft gekrozelt. Den Dok huet gemaach, wéi wann hien näischt gemierkt hätt, an den Anton huet d‘Elsa net mol mam Aasch bekuckt. Wéi hatt zréckkoum, huet et en zweete Stréch gemaach. Null Reaktioun. D‘Elsa ass nervös ginn. Lo wou endlech en anert Monster a senger Gréisst an der Klass war, huet dee blöden Anton hatt einfach ignoréiert. D‘Elsa ass schwäirose ginn, dat hunn ech direkt gemierkt. An der Paus huet hatt dem Dok d‘Schmierekëscht aus der Hand geschloen. E puer Kanner hu gelaacht an d‘Elsa huet sech opgefouert wéi e Star. Den Dok huet seng Këscht opgeraf. D‘Elsa schléit him se eng zweete Kéier erof. An den Anton? Steet just do a glotzt hatt mat senge Spigeleeërssaen un. Dat war souguer fir d‘Elsa onheemlech. An d‘Kanner mussen dat och gespiert hunn, well et huet kee méi gelaacht. Den Dok huet seng Këscht opgeraf a seng Schmier giess. Et war Schockelasbotter drop. An e bëssen Dreck. Mee dat huet den Dok net gestéiert. Bärk!

Wann esou eppes geschitt, sinn ech sou rose mam Elsa, ech schumme mech sou … mee et ass jo net meng Schold, oder? Ech hu scho laang keng Kontroll méi iwwert hatt. Dobäi war hatt sou e butzegt Monster wéi déi aner och. Bis virun zwee Joer. Wéi d’Mamma gaangen ass. Dono ass d‘Elsa gewuess. Op ee Coup. An dunn ass d‘Elsa richteg onheemlech ginn. Virun allem nuets. Wann ech Chance hunn, da läit hatt ënnert mengem Bett. Oder hannert der Riddo. Heiansdo pecht hatt och um Plaffong. Alles esou typesch Monsterplazen. Mee wann ech nuets erwächen, da kann et scho virkommen, dass d‘Elsa sech am Bett breetgemaach huet a mir meng ganz Decke geklaut huet. Oder hatt läit hallef op mir an da kréien ech ganz schlecht Loft. Ech probéieren dann, hatt erof ze drécken, mee ech packen et bal net, sou schwéier ass hatt. Am schlëmmsten ass et, wann ech erwächen an d‘Elsa guer net gesinn. Da verstoppt hatt sech doudsécher op der Toilette a waart do, fir mech ze erféieren. Mee da ginn ech net. Fir ze vrecken net! Da kënnt et vir, dass ech an d‘Bett pissen. Moies kräischen ech dann. De Pappa och. Net bei mir zou. Do mécht hie ganz op cool:

  • Dat ass net schlëmm, Emma! Dat kënnt vir, Emma! Wéi ech däin Alter hat, Emma …

Mee heemlech kräischt hien. Ech hunn hie gesinn. An dat mécht mech nach méi fäerdeg. Wéi et wuel beim Dok ass? Ob hien och … A firwat ass dat Anton-Monster sou megafett? Ech géif jo gäre mat him driwwer schwätzen, mee dat ass onméiglech.

Ech géif mech ni trauen. A souwisou schwätzt hien ni. Bal ni … Just wann d‘Jessie hien eppes freet. D‘Joffer Jessie! Ech misst vläicht mam Jessie driwwer schwätzen. Ech si ganz frou mat him, och wann hatt mer zimmlech vill Strofe gëtt. Vläicht kréien ech sou d‘Geleeënheet, fir him ze soen, dass d‘Elsa un allem Schold ass. Hatt géif dat och bestëmmt verstoen … mee ech hu mengem Papp missen héich an helleg verspriechen, ni

  • (Ni, Emma! Héiers de?! Ni!)

mat anere Leit iwwert d‘Elsa ze schwätzen. Soss kéimen direkt esou Psischologen a soss Leit gelaf, seet hien. Déi waarde just op sou ee Quatsch, seet hien. An da weess een ni, wéi et ausgeet, seet hien. An ech wëll jo net an d’Psischatri, oder?, seet hien. Natierlech net. Ech si jo net geckeg! Et ass just d‘Elsa, dat e bësse komesch ass. Mee souguer hatt ass net richteg geckeg. Et ass éischter mäi Papp, deen e bësse psischo drop ass. Hien

ass bal ëmmer eleng. Owes wann ech am Bett leien, setzt hien sech virun de Fernsee. Mat engem Glas Tomatejus. Bäääh! Wien drénkt dann esou eppes?! An de Fernsee, dee mécht hien net mol un. Mee doriwwer kann ech och mat kengem schwätzen. Net mat mengem Papp, net mam Jessie, an och net méi mam Léonie. D‘Elsa huet hatt un den Hoer gezunn. Sou fest, dass d‘Léonie ganz haart Auaaaaa! huet misse bierelen. Sou fest, dass et dem Léonie e ganze Putsch Hoer ausgerappt huet. An dee Putsch krut ech natierlech séier an de Grapp gedréckt. An dunn …

… an dunn ass et komm, wéi et huet misse kommen.

„Du setz dech vun elo un niewent den Dok!“, sot d’Jessie mat senger rosener Stëmm. Ech si bleech ginn, mee ech hu gefollegt. An d’Elsa? D’Elsa koum op mäi Schouss. Dat huet mir net gefall. Ech sinn net sou ofgehäert wéi den Dok. D‘Elsa huet mer op d‘Blos gedréckt, mee ech wollt net opd‘Toilette goen. Ech hu missen op d‘Elsa oppassen. Hatt hat sech nämlech mäi roude Bic gekroopt. Wat, wann hatt lo den Dok an d‘Hand pickt? Oder him an d‘Bee stécht? Sou eppes géif ech dem Elsa direkt zoutrauen.

D‘Elsa mécht nees e Stréch am Dok säin Heft. Den Anton reagéiert net. D‘Elsa mécht nach e Stréch a kuckt frech. Den Anton hëlt e bloe Bic. A mécht och zwee Strécher. D‘Elsa ass paff. Hatt weess net, wat maachen. Hatt kuckt mech, dann den Anton, an dann … da mécht hatt e Kräiz. Den Anton moolt e Rondel. D‘Elsa mécht e Kräiz.

Den Anton e Rondel. Kräiz. Rondel. Kräiz!

Rondel!

Eng Zeechnung vun engem léiwe klenge bloe Monster

Dat lescht Kräiz mécht d’Elsa mol net méi. Et huet jo kee Sënn, hatt kann net méi gewannen. Dofir moolt hatt direkt en neit Spill dohin. Den Anton an d‘Elsa spillen nach eng Partie. An nach eng. Bis d‘Säit ganz vollgemoolt ass. Ni gewënnt een. D‘Jessie gesäit dat Spillchen. Hatt seet awer näischt. Ewéi mir heem ginn, ass d‘Elsa iergendwéi komesch. Ech fannen et sou roueg, bal schonns manéierlech. Vläicht ass hatt rosen, well hatt net gewonnen huet. Oder besuergt? Vläicht zerbrécht hatt sech de Kapp, wéi hatt muer gewanne kéint? Vläicht huet et sech en anert Spill ausgeduecht? Vläicht

… Op ee Mol weess ech, wat mam Elsa lass ass: D‘Elsa ass méi dënn ginn! An och méi kleng! Dat ass et, wat d‘Elsa sou foxt. Wann dat sou weidergeet, dann ass hatt geschwë kee Megamonster méi, mee e Minibutzimonster. Ech muss laachen. D‘Elsa deet mir bal leed. An ech si gespaant, wéi den Anton muer ausgesäit. A vläicht, jo, vläicht kann ech mam Dok doriwwer schwätzen.

Andere Artikel