De Gudden an de Béisen

10 novembre 2025

E Klassenzëmmerstéck vum Mandy Thiery

Lauschteren:

Personnagen:
De Gudden: gespillt vun engem Kand aus der Klass
De Béisen: gespillt vun engem anere Kand aus der Klass

De Gudden huet e Schëld ëmhänken, wou „de Gudden“ drop steet, an de Béisen huet e Schëld ëmhänken, wou „de Béisen“ dropsteet. De Gudden an de Béise triede virun d’Klass.

De Gudden: (zu der Klass) Gudde Moien, alleguer.

De Béisen: Firwat sinn ech de Béisen?

De Gudden: (duercherneen) Wat schwätz du? Wee fänkt esou un? Mär hunn nach guer näischt gemaach.

De Béisen: Mee kuck den Numm op mengem Schëld. De Gudden: (kuckt dem Béise säin Numm) A baa, jo … Do steet et. Du bass „de Béisen“.

De Béisen: A bei där steet „de Gudden“. Mär hunn nach guer näischt gemaach, an awer sinn ech schonn de Béisen.

De Gudden: An dann?

Si kucke sech géigesäiteg un.

De Béisen: Da gëtt jo quasi erwoart, dass ech béis sinn a béis Saache maachen, oder wéi oder wat?

De Gudden: Gesäit esou aus. Jo.

De Béisen: Jo?

De Gudden: Jo.

De Béisen: Nee!

De Gudden: Hä?

De Béisen: Wee wëll schonn de Béise sinn? Oder béis Saache maachen?

De Gudden: A baa, ech net.

De Béisen: (iwwerkräizt seng Äerm fir ze protestéieren)

Gesäis de! Ech och net!

De Béisen dréint dem Gudden an der Klass de Réck. Et ass kuerz roueg.

De Gudden: Mee lo motz net. Du hues der di Roll erausgesicht, wéi mer dat Stéck hei zesumme geprouft hunn.

De Béise verdeckt säi Schëld esou, dass de Gudden et net gesäit. De Béisen hëlt aus senger Täsch e Stëft eraus a sträicht „Béisen“ aus. Driwwer schreift en „vill méi bessere Gudden“, ouni dass de Gudden oder d’Klass drop gesinn.

De Béisen: (wärend dem Ëmschreiwen) Ech hu mer di Roll net erausgesicht, ech hu beim Schnick-Schnack-Schnuck verluer, an dat weess du. Dat woar mega onfair.

De Gudden: A, ja … ass jo egal, wéi mer dat decidéiert hunn. Wat zielt, ass, dass ech „de Gudden“ spillen an du „de Béisen“. Dajee!

Lo dréin dech rëm ëm, fir dass mer kënne weidermaachen. D’Klass kuckt scho gelangweilt … Ech mengen, ech hu schonn ee gaapse gesinn dohannen.

De Béisen: Ok.

De Béisen dréint sech selbstsécher ëm. De Gudden a jiddwereen aus der Klass gesinn elo, dass do „de Béisen vill méi bessere Gudden“ steet.

De Gudden: (liest vum Schëld) „De vill méi bessere Gudden“?

De Béisen: (stolz) Jep!

De Gudden: (kraazt sech um Kapp) Ass dat iwwerhaapt richteg? Dat kléngt falsch. Misst dat net einfach „de bessere Gudden“ sinn?

De Béisen: (onsécher) A, ëëmmm … dat ka sinn, Moment, da schreiwen ech dat nach eng Kéier richteg.

De Gudden: Nee!

De Béisen: Wéi, nee? Ech hu keng Loscht, mat engem falschen Numm ronderëmzelafen. Da laachen di aner mech jo all aus.

De Gudden: Mee du kanns dach net einfach däin Numm um Schëld änneren!

De Béisen: A bon? Wisou net?

De Gudde kuckt verdaddert tëschent dem Béisen an der Klass hin an hier.

De Gudden: (reegt sech op) Ech gleewen dat dote grad net. Mär wollten hei en Theaterstéck virspillen! Mär hunn eis extra Zäit geholl, fir den Text auswenneg ze léieren an ech woar wierklech opgereegt, virun der ganzer Klass ze stoen, an elo schmäiss de alles op de Koup?! D’Geschicht geet jo guer net méi op! Mär kënnen net allen zwee de Gudde sinn. Mär brauchen e gudden an e béise Personnage.

De Béisen: Mee dat hu mer jo.

De Gudden: Hä? Nee, hu mer net.

De Béisen: Dach, dach. Kuck. Kuck.

De Béisen trëppelt bis bei d’Dier vun der Klass.

De Gudden: Wou gees de hin?

De Béisen: (bei der Dier, kuckt op de Gudden) Keng Angscht, net wäit. Also. Gesäis de, wéi s de eleng do stees?

De Gudden: Jo.

De Béisen: Gutt. An op dengem Schëld steet „de Gudden“.

De Gudden: Jo, dat hu mer mëttlerweil all gesinn. De Béisen:

A well jiddwereen dat gesinn huet, mengt och jiddwereen, dass du gutt bass. Mee! De Béise stellt sech erëm niewent de Gudden.

De Béisen: Wann ech elo niewent der stinn, da gesäit jiddwereen wéinst mengem Numm, dass ech vill méi besser gutt sinn, an dat heescht, dass du net sou gutt bass wi ech, an dowéinter bass du lo de Béisen.

De Gudden kuckt de Béisen. Hëlt säi Stëft aus der Täsch a schreift „den allerbeschte Gudden“ op säin eegent Schëld.

De Gudden: Ma da sinn ech elo „den allerbeschte Gudden“.

De Béisen: (an deems en tuddelt) Ëëmmm … Dat do … ëëë …

De Gudden: Denger Theorie no spille mer lo rëm déi Rollen, déi mer vun Ufank un hätte solle spillen. Ech als de Gudden an du als de Béisen! Oder gesinn ech dat falsch?

De Béisen: Nee … (motzeg)Mee ech wëll net de Béise spillen! A!

De Béisen huet eng Iddi. Réckelt e Stull bei de Gudden.

De Béisen: Hei, setz dech.

De Gudden: Hä? Nee, firwat? Mär sinn amgaangen hei eppes ze/

De Béisen: Mär si guer näischt amgaangen. Mär mussen eng kuerz Paus maachen, ier mer ufänken (dréckt de Gudden op de Stull) an eng Kéier duerchootmen (otemt hoart an an erëm aus) a kuerz nodenken.

De Béise masséiert dem Gudde seng Schëlleren.

De Béisen: Fillt sech dat net gutt un?

De Gudden: Dach, mee lo grad fillen ech mech net sou/

De Béisen: (masséiert méi kräfteg) Entspan dech. Relaxéier deng Muskelen. Du bass vill ze vill verspaant.

De Gudden otemt hoart an an erëm aus an entspaant seng Schëlleren.

De Béisen: Gesäis de. Direkt vill besser, oder?

De Gudden: (genéisst seng Massage) Mmmh hmmmm.

De Béisen: (masséiert weider) Et kann ee vill besser iwwerleeën, wann ee relaxéiert ass. Einfach nodenken a sinn. (meditativ) Ooommm. Ooommmm.

De Gudden: Muss deen Ooommm sinn?

De Béisen: Dat ass e meditativen Om. Den „M“ muss vibréieren an da fléissen d’Vibratiounen duerch de ganze Kierper.

De Gudden: A, ëëë … ok?

De Béisen: Wann ech eleng et maachen, huet dat just e klengen Effekt. Mee wann déi ganz Klass géng matmaachen, da géngs de schonn d’Vibratioune spieren. Solle mer eng Kéier probéieren?

De Gudden: Ech tendéieren zu nee.

De Béisen: (zu der Klass) Op Dräi maache mer all dräimol Ooommm. Eent. Zwee. Dräi.

De Béisen an hoffentlech déi ganz Klassmaachen dräimol Ooommm. Wärenddeems dréint de Béisen de Gudden an enger Kreesbeweegung wéi an enger Trance.

De Béisen: An? Hues de d’Vibratioune gespuert?

De Gudden: Ech denke schonn.

De Béisen: Wann net, da kann ech d’Klass froen, fir dräimol méi hoart Om ze maachen/

De Gudden: (spréngt vum Stull) Nee! Stopp elo! Wat méchs du?

De Béisen: Ech maachen der nëmmen eppes Guddes.

De Gudden: (tuppt mam Fouss op de Buedem) Nee! Du kanns net de Géigendeel maache vun deem, wat op dengem Schëld steet!

De Béisen: Mee op mengem Schëld steet net méi/

De Gudden: Pack dech! Dat mécht guer kee Sënn! Da kënne mer och direkt ouni Schëlder spillen!

De Béisen: Ma dat wär mol eng brillant Iddi! Ouni Schëlder! Ouni Virurteeler!

De Gudde woar prett, fir weider rosen ze äntweren, ass awer iwwert dem Béisen seng Äntwert iwwerrascht.

De Béisen: (méi roueg) Ech fannen dat blöd, dass een einfach sou e Schëld opgedréckt kritt. Et kennt een déi Persoun jo nach guer net. Wee seet, wat do op deem Schëld steet? Ween decidéiert, wéi ech mech soll behuelen?

De Gudden: Baa … hei am Theaterstéck ass et d’Schrëftstellerin, déi dat virschreift.

De Béisen: Ech fannen dat awer blöd. Am Fong verréit dat jo alles iwwert de Personnage.

De Gudden: Am Fong jo.

De Béisen: An am Fong och net, well et kann ech sinn, dass déi béis Personnagë guer net béis sinn, mee dass se am Fong och kënne gutt sinn, obwuel di aner se als béis ugesinn.

De Gudden: (wénkt Jo mam Kapp) Am Fong.

De Béisen: Also ass et am Fong egal, ob mer mat Schëlder spillen oder net.

De Gudden: Am Fong schonn.

De Béisen: Solle mer d’Schëlder dann ausdoen?

De Gudden: An d’Stéck?

De Béisen: Mär kënne jo kucken, ob mer en anert Stéck fannen, wou ee keng Schëlder brauch. A wou de Publikum selwer entscheede kann, ween de Gudden a ween de Béisen ass.

De Gudden: Jo, dat kléngt gutt.

De Béisen: Kanns du d’Schlusswuert iwwerhuelen?

De Gudden: Gären. (un d’Klass geriicht) Léif Klass, ëëmmm … villmools Merci. Ëëë … mär hoffen, dass mer d’nächst Kéier eppes hunn, wat mer kënnen opféieren … Ëëmmm … jo, mee elo doe mer eis Schëlder aus.

D’Schëlder ginn ausgedoen an niddergeluecht. Verbeugung.