Kann eng Chipstut wierklech léien?

29 septembre 2026

Oder fale mir selwer op Tricke vu Reklammen eran? A wat kënne mir maache fir net op all Reklamm ze reagéieren?

De Piwitsch huet mam Susanne Pauli geschwat.

D’Susanne kennt sech aus mat Reklammen, well si selwer scho méi wéi 25 Joer eng eege Publicitéitsagence huet. Si denkt sech also Reklammen aus. D’Susanne ass Mediengestalterin vu Beruff, a weess dofir ganz gutt wéi eng Reklamm muss si fir dass mir e Produkt kafen.

Susanne Pauli
D’Susanne Pauli mécht scho 25 Joer laang Reklammen. Foto: Privat

Mais fänke mer mol vir un, Susanne, wat ass iwwerhaapt eng Reklamm?

Awer: net all Informatioun ass eng Reklamm. Eng Reklamm ass nach méi wéi nëmmen eng Informatioun. Eng Reklamm zitt eis Opmierksamkeet op sech, Susanne:

Wat mengs Du mat « Mir schaffe mat Tricken », Susanne?

Dat heescht dann Neuromarketing. Des Zort Reklamme maachen dass mir onbewosst dorop reagéieren. Iwwer déi sougenannt Coden. Dat sinn zum Beispill Faarwen, Téin, oder Biller déi mer kennen.

Mais reagéiert dann e Mënsch deen vläicht aus enger anerer Kultur kënnt och anescht op sou Reklammecoden?

Bleiwe mer mol beim Beispill vun de Kamellen. A stellen eis vir dass mir déi allerbeschte Kamellen hunn. Wat muss da fir eng Reklamm gemaach ginn, fir dass Leit onbedéngt déi Kamelle wëllen?

Schwaarz, wäiss a gro zitt eise Bléck an enger Reklamm net un. Bild: Shutterstock/Candysartistry

Ass eppes schéi faarweg, da kucke mir et automatesch. Wat méi grell, wat besser. Bild: Shutterstock/Iconic Bestiary

Wa mer also déi allercoolst Kamellen, déi mer an der Reklamm scho gesinn hunn, am Buttik fannen, trickst eis Gehier eis aus, Susanne:

Reklamme maachen also dass mir eppes kafe well mer onbewosst d’Informatioun kritt hunn dass dat dat Allerbescht ass. Mais stëmmt dat dann och?

Nee, net onbedéngt. Dofir schléit d’Susanne vir sech als Reklammendetektiv ze üben:


Fir net op all Trick vu Reklamme ranzefalen hëlleft et, gutt ze kucken an déi richteg Froen ze stellen. Bild: KI

Komme mer zeréck bei eis Iwwerschrëft: Kann eng Chipstut also wierklech léien?

Nee. Mais mir solle gutt oppasse wat drop steet, an eis ëmmer e puer Froe stellen.

Wa mer also net wëlle vun der Chipstut oder deene coole Kamelle belu ginn, da soll ee sech des 3 Schrëtt mierken:

Stop! Kuck! Denk no! Da gëss du net sou bal vun enger Reklamm belunn!