E seelene Villchen
6 mars 2022Hues du scho mol e Piwitsch gesinn? Dann has du Chance! Well dee Villchen mat senge laange Plommen um Kapp a senge faarwege Fiederen ass leider ganz seele ginn an deene leschte Joren. Firwat ass de Piwitsch esou seelen?
Ma well et ëmmer manner Wisen a Felder ginn, wou de Piwitsch, den op Däitsch „Kiebitz“ heescht an op Franséisch „Vanneau huppé“, säin Iesse fënnt a wou e seng Eeër kann ausbréien. De Piwitsch huet gäre fiicht Wisen, wou hien Insekten a Wierm fënnt fir ze friessen. Mee ëmmer méi vun deene Plaze ginn dréche geluecht, et gi Planzen dorop geplanzt, déi d’Insekten, déi de Piwitsch frësst, net esou gären hunn, oder de Mënsch baut Haiser drop.
Dowéinst steet de Piwitsch och op der Lëscht vun de Vullen, déi besonnesch geschützt musse ginn. Kuck a lauschter also gutt, wanns du spadséiere geess. Wanns du en haarde „Piiiiwitsch, Piiiiwitsch“ héiers, dann ass dee Villchen nobäi. Du hues elo bestëmmt geroden, dass säin Numm vu sengem Ruff kënnt.
Andere Artikel
-
Die unsichtbare Not: Kinderarmut
Am 20. November ist internationaler Tag der Kinderrechte. Das 26. Kinderrecht ist das Recht auf soziale und wirtschaftliche Sicherheit. Lies... 11. novembre 2024 -
Envie d’Histoires(s)? En route pour les casemates!
De Piwitsch en visite sous le rocher du Bock Tu as envie d’une aventure mystérieuse ? Tu peux la vivre... 02. juin 2025 -
Bongert, Bounen a Bonjour
Am 26. September ist in ganz Europa der Tag der Sprachen. In Luxemburg steht an diesem Tag die luxemburgische Sprache... 23. septembre 2025