Faarweg Sprooch!
21 septembre 2026Mäi Frënd wollt mat mir an d’Vakanz fueren an hien huet mir dat Blot vum Himmel versprach. Mee lo hunn ech rausfonnt: Hien huet kee Rouden a kee Wäisse méi! Ech gesi schwaarz fir d’Vakanz. Ech iergere mech gréng a giel!
Fält dir eppes an dësem Text op? Do gi vill Faarwe genannt. Am Lëtzebuergesche gëtt et vill Ausdréck, déi eppes mat Faarwen ze dinn hunn. Am Text uewen op der Säit zum Beispill dës:
Wann een engem dat Blot vum Himmel versprécht, da mécht ee Verspriechen, déi een net kann halen.
Wann ee kee Rouden a kee Wäisse méi huet, dann huet ee guer keng Sue méi.
A wann ee fir eppes schwaarzgesäit, dann erwaart ee sech näischt Guddes.
Et iergert ee sech gréng a giel, wann een immens rosen ass.

Et gëtt awer och Ausdréck, an deene keng speziell Faarf virkënnt:
Wann eng Persoun d’Faarf changéiert, dann heescht dat, datt se ganz bleech gëtt. Dat ka geschéien, wann ee sech erféiert. Zum Beispill: „Wéi ech menger Mamm vum Accident verzielt hunn, huet si d’Faarf changéiert.“
A wann s de zu engem sees „Lo muss de Faarf bekennen!“, dann heescht dat „Lo muss de deng Meenung oder d’Wourecht soen!“.
Wat heeschen dës Expressiounen?
1) D’Stroosse ware schwaarz vu Leit.
- D’Leit an de Stroosse waren all schwaarz ugedoen.
- Et ware ganz vill Leit an de Stroossen.
- D’Stroosse waren eidel.
2) Dat do ass net dat Gielt vum Ee.
- Ech hunn Omletten net gär.
- D’Ee ass mer op de Buedem gefall a gebrach.
- Dës Situatioun ass net sou super.
Opléisung:
- 2. Et ware ganz vill Leit an de Stroossen.
- 3. Dës Situatioun ass net sou super.