Firwat ass den Himmel blo?
15 juillet 2026Dës Kannerfro huet d’Elisabeth aus der Schoul vu Mäertert gestallt.
Anescht gefrot: Ass den Himmel wierklech blo? Oder gesi mir e just an där Faarf? An heiansdo ass e jo och gro oder rosa. Kéint den Himmel och giel oder gréng sinn?

De Piwitsch huet dem Physiksproff Ben Kasel d’Fro gestallt. D’Äntwert kanns de hei drënner lauschteren:
Hues du och eng Fro? Schreif eis se op d’Adress info@piwitsch.lu oder iwwert dëse Link.