Firwat kann ee vum Videospill süchteg ginn?
3 février 2026Eng Kannerfro vum Victor vu Mamer.
Du lies gär e Buch? Spills gär Fussball oder frees Dech di ganz Woch fir Samsdes bei d’Scouten ze goen?
Sou gär’s du all déi Saache méchs, huet schonn eemol een zu dir gesot: hal emol op domat, du gëss jo nach süchteg! Warscheinlech net. Mais wann s Du e Spill op enger Konsol oder um Handy spills, da kriss de vläicht gesot: Dajee, hal mol op an den Ecran ze kucken, géi raus an d’Loft. Du gëss jo nach süchteg!
Firwat kann een da vum Videospill süchteg ginn? De Marc Bressler vum Zenter fir exzessiivt Verhalen (ZEV) weess firwat:
Hues Du och eng Fro op déi’s Du keng Äntwert weess? Stell dem Piwitsch se op www.piwitsch.lu/kifra oder iwwer E-Mail op info@piwitsch.lu!
