Gitt eens!
5 janvier 2026Eng Geschicht vum Anne-Marie Reuter

D’Louise muss op d’Toilette. Hatt rutscht op sengem Stull hin an hier. Schonn eng Véirelstonn laang kuckt hatt andauernd op d’Auer iwwert der Tafel. Nach fënnef Minutte bis d’Paus. Soll hatt et riskéieren? Et ass net esou dringend … mee wann d’Joffer hatt elo géif goe loossen, da wier säi Moie gerett.
Normalerweis versicht d’Louise, an der Hallschent vun der Stonn ze goen. Dat wierkt méi seriö. Fënnef Minutte virun der Paus ass d’Joffer just genervt an déi aner laachen. „Gutt probéiert, Louise“, soen si dann. Obwuel, iwwerleet hatt, sou vill laachen der net. Si wëssen, firwat fënnef Minutte wichteg sinn.
D’Louise otemt déif duerch, setzt e ganz verzweifelte Bléck op a streckt d’Hand aus: „Dierf ech op d’Toilette goen? Ech muss ganz, ganz dringend!“ Mee hatt huet haut keng Chance. „Louise“, seet d’Joffer, „et sinn nach dräi Minutte bis d’Paus. Du häls dat aus.“ Dem Louise bleift näischt aneres iwwereg, wéi sëtzen ze bleiwen.

D’Toilette ass um Enn vum Gank. D’Louise héiert d’Stëmmen a weess, dass et net wäert verschount bleiwen. Si si schonn do. Déi Grouss. D’Meedercher aus dem sechste Schouljoer. Wéi ëmmer sëtze si um groussen Heizkierper am enke Passage bei de Lavaboen, laanscht déi ee muss goen, fir bei d’Toilettekabinnen ze kommen. Wéi ëmmer stäipe si hir Bee géint d’Mauer vis-à-vis vun der Heizung, sou dass de Wee blockéiert ass. D’Louise kennt de Ritual nëmmen ze gutt. Et huet kee Wäert ze froen, dass si ee laanschtloossen, dass si hir Bee forthuelen oder anzwousch anescht schwätze ginn.
Déi grouss Meedercher sinn nämlech ni do, well si op d’Toilette mussen, mee just, fir déi Kleng ze pisaken. „Wëlls du laanscht?“, froe si, wéi wann dat net selbstverständlech wier. An da geet et lass. Et muss een e Lidd sange fir duerchzekommen. Oder si huelen engem Schockela of oder Kamellen oder souguer Suen. Meeschtens verlaange si awer eppes ganz aneres. D’Louise an all déi Kleng mussen ënner de Bee vun de grousse Meedercher duerchkrauchen, a wa si da sou gebéckt an an den Huppe versichen, bei d’Toiletten ze kommen, maachen déi Grouss, wéi wa si Déiere wieren, déi misste mat enger Peitsch an de Stall guidéiert ginn. „Allez, allez! Méi séier!“ A schonn hu si een op de Kapp, de Réck oder den Hënneschte
geschloen, oder mat Féiss gerannt.

D’Louise hëlt en Ulaf, léisst sech bei deenen éischte Been op de Buedem falen a kraucht sou séier wéi méiglech duerch den Tunnel. Wann ee séier ass, kann ee mol duerchsinn, ier si reagéieren. Haut ass et
sou. Déi Grouss hunn iwwert iergendeppes geschwat an doriwwer vergiess, hatt ze quälen. D’Louise waart an der Kabinn, bis et héiert, dass de Gank ganz voll ass mat Gespréicher a Gejäiz. Hatt weess, dat mécht
de Wee zréck an d’Klass méi einfach.
No der Paus freet seng Frëndin Hannah: „Wéi ass et gaang?“ D’Louise hieft d’Schëlleren. „Et war ok“, seet hatt. „Ech hu mech getommelt.“ – „Wat mengs du“, iwwerleet d’Hannah, „solle mir nach eng Kéier mat der Joffer schwätzen?“ D’Louise rëselt de Kapp. „Dat bréngt näischt. Da kënnt si rëm mat hirem: ‚Och, dir iwwerdreift! Gitt einfach laanscht a loosst déi Grouss mat Rou.‘“ D’Louise gëtt scho rosen, wann et
nëmmen un dat Gespréich denkt. „Ma déi Grouss loossen eis net mat Rou!“, hat hatt gejaut, an du war d’Joffer séier fäerdeg an huet gesot, si sollte sech zesummerappen. Si wiere schliisslech schonn am véierte
Schouljoer. „Gitt eens!“, sot si.

Haut ass Dënschdeg. Dënschdes no der Schoul geet d’Louise ëmmer bei säi Bopa an d’Altersheim. „Du bass schonn erëm méi grouss ginn“, seet de Bopa, deen an der Entrée op hatt gewaart huet. „Elo bass de geschwënn en Teenager!“ D’Louise schneit eng Schëpp. „Wéi dann?“, freet de Bopa. „Wëlls du keen Teenager sinn?“ – „Nee!“, äntwert d’Louise. „Teenager sinn Idioten.“ De Bopa kuckt hatt verwonnert un. „A bon?“, seet hien. „Ma da komm, mir ginn elo mol iessen. Bass de hongreg?“
Wéi se am Refectoire un hirem üblechen Dësch sëtzen, freet de Bopa: „Firwat sinn Teenager dann Idioten?“ D’Louise bléist a seng Baken, iwwerleet kuerz an erkläert: „Teenager sinn eekleg.“ An da kann hatt sech net méi bremsen. „Am sechste Schouljoer fänkt et un, Bopa! Do menge si, si wieren d’Cheffen a kéinten alles commandéieren, a mir musse maachen, wat si soen. Si si mega
krass drop. Mir ginn do richteg gemobbt!“ De Bopa lauschtert ganz konzentréiert no. D’Louise erzielt him d’Detailer. Vläicht huet hie jo eng Anung, wat ee kéint maachen. Mee wéi hatt fäerdeg ass, seet e just: „Du
muss mat der Joffer schwätzen.“
Nom Iessen, am Bopa sengem Zëmmer, installéiert d’Louise sech an der Fotell an hëlt säin Handy eraus, deen seng Elteren him just dënschdes matginn, fir seng Draacheserie ze kucken, wärend de Bopa eng Mëttesrascht hält. Um dräi Auer gi si spadséieren, dat ass de Programm, an duerno iesse si an der Cafeteria vum Altersheim nach eng Glace a waarden drop, dass dem Louise seng Mamm hatt siche
kënnt.

De Bopa schnaarcht schonn, mee d’Louise ka sech net richteg op d’Draache konzentréieren. Déi eekleg Meedercher ginn him net aus dem Kapp. Do muss dach eppes ze maache sinn, denkt hatt. Dat kann net
sou weidergoen! An da kënnt him eng Iddi! Natierlech! Hatt stoppt d’Draachen, mécht d’Kamera vu sengem Handy op a fänkt un, säi Bopa ze filmen. Dat ass et! Mar hëlt hatt säin Handy mat an d’Schoul. Wann d’Joffer d’Handyen asammelt, gëtt hatt säin net of. Dat wäert net weider opfalen, well hatt jo souwisou just dënschdes den Handy derbäihuet. An der Paus wäert hatt sech um Gank verstoppen a filmen, wéi déi Grouss mat deene Klengen ëmginn. D’Joffer soll sech dat da selwer ukucken.

Den nächste Moie seet d’Louise sengen Elteren, dass hatt den Handy muss mathuele fir e Projet. Si fannen dat e bësse komesch, mee gleewen him. An d’Louise denkt: Ech hu jo och e Projet! Et ass net gelunn! An der Schoul erzielt hatt direkt dem Hannah seng Iddi. Si pësperen nach wärend den éischten zwou Stonne sou vill, dass si eng Strof kréien, mee dat ass egal. Schäissegal, seet d’Hannah. Kuerz virun der Paus steet hire Plang.

Si waarden, bis si gesinn, dass déi grouss Meedercher op dem Heizkierper sëtzen. Da geet d’Hannah lues a Richtung Toilette. Hatt léisst sech gutt Zäit, gëtt vun e puer Schülerinnen aus dem drëtte Schouljoer
iwwerholl, sou dass déi Grouss hir Zeremonie direkt mat engem klenge Grupp kënnen ufänken. Fir de Film ass dat ganz gutt, denkt d’Louise. Hatt ass prett. Déi Grouss gesinn hatt net, well si déi Kleng
quälen, mee d’Kamera gesäit a filmt alles.
An der Klass weist d’Louise dem Hannah de Film. „Wow! Mega!“, jäizt d’Hannah. „Wat maache mer dann elo domat?“ – „Hmmm…“, seet d’Louise. „Hues du Tiktok?“, freet d’Hannah. D’Louise rëselt de Kapp. „Nee.
Du?“ – „Nee, ech och net … schued …“ Si denke weider no. „Vläicht sollte mer guer net bei eis Joffer goen, mee bei d’Joffer vun deene Groussen! Oder mir gi bei déi zwee!“ An do kënnt dem Louise deen allerbeschte Plang iwwerhaapt.

„Mir ginn iwwerhaapt guer net bei d’Jofferen“, seet hatt. „Mir gi bei déi Grouss! Mir soen hinnen, dass mir si gefilmt hunn. An da musse si eis verspriechen, opzehale mat hirem Schäiss. Si dierfen net méi op dem
dem Heizkierper de Passage blockéieren, si dierfen iwwerhaapt ni méi bei den Toilettë sinn, ausser si musse wierklech goen. A wa si sech net dorun halen, da wäerten d’Jofferen de Film gesinn. Dat soe mir
hinne klipp a kloer.“ D’Hannah ass total begeeschtert. Déi zwee fale sech ëm den Hals, wéi wann de Problem scho geléist wier. En ass jo och schonn hallef geléist, well si si gutt Frëndinnen, si halen zesummen, a si wäerte sech vun haut un net méi alles gefale loossen.
Mëttes huelen d’Louise an d’Hannah hire Courage an de Grapp a gi bei de Sall vum sechste Schouljoer. Si gi mat kräftege Schrëtt drop lass an d’Louise muss komescherweis u säi Bopa denken. „Hien hat recht“, iwwerleet hatt, „mir si bal Teenager … Mee mir wäerte keng Idiote ginn!“
