Lauschterkëscht 1
28 avril 2026Stress mech net! Looss mer meng Rou!
Wann s du sou oder sou änlech reagéiers, wann een dech eppes freet, da bass de zimmlech sécher gestresst. Dat deet net gutt, a muss och guer net sinn. Wat s du kanns maachen, fir dech ze entspanen, huet de Piwitsch beim Annette Jaffke nogefrot.

D’Annette Jaffke ass Psychagogin. Si schafft mat Kanner an hëlleft hinnen, sech nees wuelzefillen.
An dëser Lauschterkëscht gëss du gewuer, wat Stress iwwerhaapt ass, a wat s du kanns maachen, fir dass de nees an d’Gläichgewiicht kënns.
Setz dech also gemittlech an eng Fotell, a lauschter eran!

Wann s du intresséiert bass, fir méi Informatiounen iwwer en Theema ze kréien, schreif eis gären op info@piwitsch.lu!
Andere Artikel
-
Des mondes entiers dans de petits cartons
Zu diesem Artikel gibt es ein Arbeitsblatt.Ganze Welten in kleinen Kartons · Piwitsch Nr. 7 Vorschau DE PDF DE Les... 14. janvier 2024 -
Firwat kann ee vum Videospill süchteg ginn?
Eng Kannerfro vum Victor vu Mamer. Du lies gär e Buch? Spills gär Fussball oder frees dech di ganz Woch... 03. février 2026 -
Kéipercher
Eng Geschicht vum Jhemp Hoscheit. 03. juillet 2023