Sandbuerg
23 septembre 2025Eng Geschicht vum Greg Melmer
Et ass Freideg, 15 Auer 55, a gläich ass d’Schoul fäerdeg. D’Kanner hu schonn de Rucksak um Réck fir heem. Net wäit vun der Schoul, niewent der Spillplaz an der Heck, waarden och d’Maus Julie an hire beschte Kolleeg, de Kiewerlek Tobias. Awer net fir heemzegoen.
„D’Kanner si gläich fort! Du weess jo, wéi en Dag mer sinn!“ Et gesäit een dem Julie d’Virfreed un der spatzer Nuesspëtzt of. Mee den Tobias schéngt net iwwerzeegt.
„Jo, ech weess, mee wannechgelift, kënne mer haut net eppes anescht spillen?“
„Wat?! Bass du verréckt?“
D’Julie hëlt den Toby mat de Schëlleren a seet ganz lues, e bësse wéi wann et e Geheimnis wär: „ An der Paus däerfen d’Kanner vun elo un nees an d’Sandkëscht!“
Den Toby probéiert eppes ze soen, mee d’Julie lauschtert net no!
„Do bauen se di coolste Sandbuergen, Sandhoteler, oder … oder, Toby, kanns de dech nach un dem Florence seng Jickebunn d’lescht Joer erënneren? Déi war phenomenal!“
„Okay, jo, déi war flott, mee ech hu menger Mamm versprach, ech géif net méi dohinner goen.“
„Du méchs, wéi s de wëlls; wann s du en Angschtkäfer wëlls sinn …? Ech ginn dohinner!“

D’Julie ass prett, fir aus der Heck ze spran- gen, direkt an d’Sandkëscht. Hatt huet säin Abenteuerhutt aus Bierkenholz op, säin Iwwerliewensrucksak aus enger hall- wer Noss um Réck an en alen Zanstocher, et weess ee jo ni. An do geet och schonn d’Schell als Startzeechen. D’Julie wëllt grad fortlafen, do spiert et op senger Schëller eng kleng Patt.
„Wannechgelift, Julie, géi net! Ech hunn e komescht Gefill am Bauch! Komm, mir waarde wéinstens op d’Salomé!“
„Toby, ech hat dir jo gesot, du solls net sou vill friessen de Mëtten um Dësch! Ech ginn elo, a fäerdeg. Ech hunn de ganze Summer op di éischt Sandbuerg gewaart.“
A knapps huet d’Julie dat gesot, ass et schonn ënnerwee an d’Sandkëscht. Fir d’éischt laanscht d’Klunsch, ënnert der Poubelle erduerch an dann iwwert de Pneu vun der Wipp sprangen, schonn ass et ukomm. An do kann hatt sengen Aen net gleewen! Hannen op der Spillplaz steet di gréisst a schéinst Sandbuerg, déi d’Julie jee gesinn huet. D’Buerg ass uewen op e Sandhiwwel gebaut, mat zwee Weeër, di erop ginn.
Ënne beim Hiwwel ass e ganzt Sandduerf gebaut gi mat Ritter a Päerd aus ale Käschten. An niewent de Ritter steet e Katapult!
D’Julie dréint sech ëm a wëll dem Toby ruffen, hie soll elo endlech kommen, mee o Schreck bei der Heck! E Kand! Mat engem Dëppchen aus duerchsichtegem Plastik an der Hand! An am Dëppchen den Toby! D’Julie verstoppt sech séier hannert engem Sandhaus.
E Kand, wat eng Katastroph! An den Toby an deem Prisong!
„Wat maachen ech dann elo?“, denkt d’Julie.
„Ech muss den Toby retten! Wee weess, wat dat Kand mat him wëll maachen? Komm, denk no, Julie, denk no!“
Et dauert nach ongeféier zwou Sekonnen an eng Drëttel, do pëspert d’Julie: „Heureka, ech hunn et!“
D’Julie leeft bei e Käschteritter a klaut sengem Päerd eng Käscht.
„Deet mer leed, mee et ass fir e gudden Zweck.“
Mat der Käscht um Réck leeft d’Maus ganz séier bis bei d’Katapult a leet d’Käscht drop. Hat zitt de Katapultaarm erof an dréckt mat senger ganzer Kraaft d’Katapult Richtung Kand. D’Kand ass vill ze vill mam Toby beschäftegt, fir matzekréien, wat fir eng schro Attack op et duerkënnt. Elo rëselt et och nach säin Dëppchen, dass deen aarmen Toby hin an hier flitt. D’Julie biicht a waart net laang. Et zitt um Hiewel. D’Käscht flitt a flitt a flitt a flitt … laanscht dem Kand säi Kapp.
„Donnerwierder“, grommelt d’Julie.

Dat kléngt natierlech net schrecklech geféierlech, well d’Julie eng Maus ass, mee et ass schrecklech geféierlech gemengt!
Ouni laang ze waarden geet d’Julie eng aner Käscht sichen. Dës Kéier dem Ritter säi Kapp. An dës Kéier zitt hatt den Aarm vum Katapult net grad sou wäit erof. D’Käscht flitt a flitt a flitt … a BÄM! dem Kand widdert d’Schëller. D’Kand erféiert an dréint sech ëm wéi vum Blëtz getraff. Dobäi léisst et d’Dëppche mam Toby op de Buedem falen. D’Julie huet sou just nach Zäit sech ze verstoppen, do kënnt de Ris schonn op et duer.
D’Julie kennt an der Sandkëscht all di bescht Stoppen. Wann de Jong no lénks kuckt, verstoppt hatt sech riets a wann hien no riets kuckt, da kennt hatt e geheime Wee fir op di aner Säit. Sou kann d’Julie ganz diskret an ouni dass d’Kand et mierkt bis bei den Toby lafen. Wéi d’Julie beim Dëppchen ukënnt, gesäit hatt den Toby do sëtzen ze kräischen. Hie kräischt esou vill, dass e mol net mierkt, dass hien op de Réck fält, wéi d’Julie ufänkt, d’Dëppchen an d’Heck ze rullen. Wéi hien endlech anuecht hëlt, dass seng Frëndin hie rette komm ass, spréngt e vu Freed am Dëppchen op an of. Mee leider mierkt elo och d’Kand, dass di zwee sech duerch d’Bascht maachen.
D’Kand gëtt ganz rout am Gesiicht a flucht vu Roserei wéi e Pirat. Ech soen elo hei léiwer net, wat fir grausam Saachen et rifft, mee dir kënnt iech et jo virstellen.
D’Julie dréckt mat ganzer Kraaft d’Dëppchen an d’Heck. Di zwee Frënn sinn nach just e puer Zentimeter ewech.

D’Julie dréckt an dréckt. Den Toby feiert et un. Am leschte Moment gräift d’Kand nom Dëppchen a verpasst et ganz knapps.
Di zwee Kolleegen hunn et gepackt! Si sinn an der Heck, d’Julie ausser Otem an den Toby ganz hees vum ville Jäizen. D’Julie setzt sech widdert d’Dëppchen a schnaapt no Loft. Hatt kann net méi. An ausgerechent elo gesäit et ronderëm sech e Schiet, e risege Schiet. Dee gehéiert zu enger Hand. Enger riseger Hand! D’Kand taascht an der Heck ronderëm, fir säin Dëppche mam Kiewerlek erëmzefannen.
„O nee, Julie, wat maache mir elo?“, souert den Toby.
„Da waart!“, grommelt d’Julie.
Wéi gesot, et ass schrecklech geféierlech gemengt. Hatt hëlt säin Zanstocher a pickt mat ganzer Kraaft dem Ris an de klenge Fanger.
„Aua!“, jäizt d’Kand.
D’Julie pickt sou fest, dass den Zanstocher an zwee brécht.
„Jooooooooo!“ Den Toby hopst op an of vu Freed.

Mee et dauert net laang, do kënnt schonn erëm de Schied an d’Heck. D’Julie kuckt den Toby, den Toby kuckt d’Julie, mee leider huet d’Julie elo keng Iddi méi a just nach zwee hallef Zanstocher.
D’Hand kënnt ëmmer méi no an den Toby spiert, wéi d’Dëppche vum Buedem ofhieft.
„Julie, hëëëëëllefff!“, rifft den Toby.
Ganz verzweiwelt probéiert d’Julie d’Dëpp- chen unzehalen, mee d’Hand ass einfach ze staark.
D’Maus muss lassloossen a gesäit, wéi hire beschte Kolleeg am Dëppche fortschwieft. Dem Julie lafen d’Tréinen d’Baken erof. Hatt erënnert sech un all di flott Momenter mam Toby.
All di flott Dommheeten, déi si zesumme gemaach hunn.
Hatt denkt un den Dag, wou hatt den Toby fir d’éischte Kéier an der Heck gesinn hat an
„AAAAAATTTTTTTAAAAAACK!“ Wéi wann
et en Elektroschock kritt hätt, erwächt d’Julie aus senge Gedanken.
Hatt gesäit e Schiet op d’Hand sprangen!
„Salomé!“, rifft d’Julie.
D’Spann Salomé zéckt net a bäisst dem Jong an d’Hand.
„Auuua!!“, jäizt d’Kand nach eng Kéier. Et léisst d’Dëppche falen a leeft fort. D’Salomé kënnt ganz relax mat engem Fuedem vun engem Aascht erof.
„Dass dir zwee iech ëmmer ouni mech ameséiert!“, beschwéiert et sech mat engem Grinsen am Gesiicht.
D’Julie hëlt d’Spann an den Aarm an dréckt se ganz fest!
„Maach lues, ech kréie keng Loft“, seet d’Salomé.
„Ech och net“, mellt sech den Toby aus sengem Dëppchen.
„Mee wéi kréie mer dech dann do eraus?“, freet sech d’Julie.
„Ech weess et“, seet d’Salomé be- geeschtert, „ech zéien dech mat mengem Spannennetz ganz héich uewen an d’Heck an da loossen ech dech eroffalen. Da geet d’Dëppche futti an du bass fräi.“

Den Toby ass natierlech net iwwerzeegt vun där Iddi. Di dräi iwwerleeë weider. Op emol spréngt d’Julie op den Deckel a fänkt un ze lafen. Am Ufank ass et schwéier an et gesäit aus, wéi wann d’Julie an Zäitlupp géif lafen. Mee lues a lues geet den Deckel lass an d’Julie muss ëmmer méi séier lafen. An op eng Kéier flitt den Deckel fort wéi e Frisbee an den Toby kann aus sengem Prisong sprangen.
„Uff, endlech fräi“, freet sech den Toby a léisst sech op de Réck falen.
„Ech brauch elo e puer Deeg, fir mech vun deem Abenteuer ze erhuelen.“
* * *
Et ass Méindeg, 15 Auer 55, an d’Schoul ass bal fäerdeg. An enger Heck net wäit vun der Sandkëscht waarden eng Maus an eng Spann op d’Schell.
„Hallo, dir zwee, wat maacht dir do?“ freet den Toby.
„Mir waarden op d’Schell“, äntwert d’Salomé, „an dës Kéier gees du mat!“
