„Virun allem muss ee frou si mat der Musek“
3 mars 2023Wie sicht eigentlech d’Musek eraus, déi am Radio leeft ? Dat si Museksredakteren wéi de Philippe Hansen. Hien huet dem Piwitsch säi Beruff erkläert.
Virwëtzeg, kreativ, an ëmmer op der Sich no gudder Musek: dat muss e Museksredakter sinn. De Philippe Hansen mécht dee Beruff beim radio 100,7 an huet De Piwitsch am Radiostudio ëmfaangen. Zu sengem Alldag gehéiert awer net nëmmen, dee ganzen Dag Musek vun deene verschiddensten Zorten ze lauschteren, mee hie begéint och dauernd Museker, schreift Texter a preparéiert Play-Lëschten a Radiosemissiounen. De Piwitsch setzt mam Philippe Hansen seng Serie iwwer Medieberuffer fort.
Andere Artikel
-
6.500 langues dans le monde
Pourquoi les humains parlent-ils de manière différente? On ne sait pas quand les humains se sont mis à parler la... 19. juin 2022 -
Tous les êtres humains sont différents, mais tous ont les mêmes droits
Le 10 décembre a lieu la Journée internationale des droits de l’homme – Cet article du « Zentrum fir politesch Bildung »... 07. décembre 2022 -
Son bureau est la forêt
Der Förster Ben Louis erzählt aus seinem Alltag. 17. avril 2023