Vum Wieder bei dʼWierder
23 septembre 2026De Max Kuborn kennen Erwuessener nach als Wiederfräsch vun RTL. Hien huet jorelaang d’Meteo um Fernsee presentéiert. Haut kanns du seng Stëmm och am Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) an an der „Sproochmaschinn“ vum ZLS héieren. Mir hu mam Max Kuborn iwwer seng Liblingswierder, komesch Ausdréck an dʼZukunft vun der Lëtzebuerger Sprooch geschwat.
De Piwitsch: Är Stëmm liest am LOD an an der „Sproochmaschinn“ Texter op Lëtzebuergesch vir. Wéi ass et, wann e Computer op eemol mat Ärer Stëmm schwätzt?
Max Kuborn: Ech si gewinnt, meng eege Stëmm ze héieren, well ech laang beim Radio geschafft hunn. Trotzdeem ass et komesch, sech selwer an enger elektronescher Versioun ze héieren. Heiansdo stëmme kleng Detailer och nach net. Zum Beispill geet dʼStëmm um Enn vun engem Saz heiansdo komesch erof an duerno erëm erop. Mee dat si Saachen, déi nach kënne verbessert ginn.


De Piwitsch: Dir hutt 50.000 eenzel Wierder fir d’Sproochmaschinn opgeholl. Wat ass Äert Liblingswuert op Lëtzebuergesch?
Max Kuborn: „Sonneblumm“. An deem Wuert kommen zwou Saachen zesummen, déi ech gär hunn. DʼSonn erënnert mech un dʼWieder an dʼKlima, mat deenen ech mech e gudden Deel vu mengem Liewe beschäftegt hunn. An dʼBlumm steet fir dʼNatur, déi ech immens gären hunn a schütze wëll. A vun alle Blummen ass d’Sonneblummen eng vu menge Liblingsblummen.
De Piwitsch: Gëtt et nach aner lëtzebuergesch Wierder, déi Dir besonnesch gär hutt?
Max Kuborn: Ech hunn zum Beispill „Dräibiz“ schrecklech gär. An et gëtt am Lëtzebuergesche vill aner Wierder, déi eppes Änleches bedeiten. Zum Beispill „Dabo“, „Klautjen“, „Blani“ oder „Dëlpes“. Ech fannen esou Wierder herrlech.
De Piwitsch: Wéi fannt Dir den „Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch“?
Max Kuborn: Et ass gutt, datt mir eis Gedanken iwwer eis Sprooch maachen an datt mir se an dʼËffentlechkeet bréngen. Et gëtt deen Dag eng ganz Partie Aktivitéiten am ganze Land. Ech fannen dat eng flott Saach. Mee am Fong misst all Dag en Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch sinn.
Den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch

De 26. September ass den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch. Dat ass eng Aktioun vum Kulturministère. Deen Dag steet d’Lëtzebuergescht am Mëttelpunkt. Du kanns de Programm hei kucke goen.
De Piwitsch ass mat u Bord! An der aktueller Nummer fënns du e ganze Spezialdeel iwwer dʼLëtzebuerger Sprooch.
Do gëss du gewuer, datt Lëtzebuergesch net nëmmen eng Sprooch aus dem Schoulbuch ass. Et gëtt am Alldag benotzt, et verännert sech, et kléngt vu Regioun zu Regioun anescht a gëtt och a Musek, Geschichten an neie Medien gebraucht.
De Piwitsch kriss du entweeder bei dir an der Schoul oder och hei.
De Piwitsch: Dir hutt Iech selwer fir d’lëtzebuergesch Sprooch engagéiert, andeems Dir Erwuessene Lëtzebuergesch bäibruecht hutt. Wéi war dat fir Iech?
Max Kuborn: Dat war immens flott. Ech sinn zwar keen Enseignant, mee meng Fra ass Léierin a konnt mir bei pedagogesche Froen hëllefen. Besonnesch flott war den Austausch. Do sëtzen zéng Leit aus zéng verschiddene Länner virun dir, an du probéiers, hinne Lëtzebuergesch bäizebréngen. Heiansdo schwätz de dobäi selwer véier Sproochen. Ech hunn dat wierklech genoss an e puer Joer laang gemaach.

De Piwitsch: Dir kënnt besser Lëtzebuergesch schwätze wéi déi meescht Leit. Kennt Dir e lëtzebuergeschen Zongebriecher, fir datt mir kënnen üben?
Max Kuborn: Deen heite kennen ech nach aus der Kandheet: „Wann ären Décken eisen Décken nach eng Kéier Décke vernennt, da vernennt eisen Décken ären Décken esou laang Décken, bis ären Décken eisen Décken net méi Décke vernennt.“ Wann een dat séier seet, weess ee geschwënn net méi, wou een drun ass a wéi en Décken elo eigentlech wéi een ass.
De Piwitsch: Et gëtt och Ausdréck, déi mir nach ëmmer benotzen, obwuel se eigentlech net méi an eis Zäit passen.
Max Kuborn: Jo. An der Meteo héiert een zum Beispill nach ëmmer, datt „de Quecksëlwer klëmmt“, wann et méi waarm gëtt. Dobäi gëtt Quecksëlwer zanter Joren net méi an esou Thermometeren agesat. Mir soen och nach ëmmer „Gas ginn“, och wa mir an engem Elektroauto sëtzen. An et gëtt Leit, déi eng Telefonsnummer „dréinen“, obwuel Telefone scho laang keng Scheif méi hunn. Esou Ausdréck bleiwen an enger Sprooch erhalen.

De Piwitsch: Mir hu gemierkt, datt „Sproochmaschinn“ selwer net am LOD steet. Ass dat net komesch?
Max Kuborn: Et gëtt nach eng ganz Partie Wierder, déi net am LOD stinn. Mee et gëtt eng Méiglechkeet, nei Wierder virzeschloen. Déi ginn da vum ZLS gekuckt a kënnen duerno an den LOD opgeholl ginn.
ZLS – Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch

Den ZLS këmmert sech ëm dʼLëtzebuerger Sprooch. E schafft un de Reegelen, wéi Lëtzebuergesch geschriwwe gëtt. E sammelt a beschreift och Wierder a mécht Projeten, déi dʼSprooch bekannt maachen. Zum ZLS gehéieren digital Hëllefsmëttele wéi den LOD an dʼSproochmaschinn.
LOD – Lëtzebuerger Online Dictionnaire
Den LOD ass en Online-Wierderbuch fir Lëtzebuergesch. Du kanns do nokucken, wéi e Wuert geschriwwen a benotzt gëtt. Du fënns och Iwwersetzungen, Beispillsätz, Synonymmer an dacks och dʼAussprooch vum Wuert.
Sproochmaschinn
DʼSproochmaschinn ass eng KI. Du fënns se am Internet. Hir „Schreifmaschinn“ verwandelt geschwate Lëtzebuergesch an Text. Hir „Liesmaschinn“ mécht et ëmgekéiert: Du schreifs en Text, an dʼMaschinn liest en op Lëtzebuergesch vir. Eng vun de Stëmmen ass déi vum Max Kuborn.
