Watgelift?
18 juin 2024De Gehaansdag
De 24. Juni, also den Dag just no Nationalfeierdag, ass de Gehaansdag. Dësen Dag war traditionell e chrëschtleche Feierdag. En heescht u sech just „den Dag vum Jang“. Mee firwat heescht deen Dag esou? Ma, et ass esou, datt deen Dag den Hellege „Jang den Deefer“, oder och nach „Jean (le) Baptiste“ oder „Johannes der Täufer“ gefeiert gouf respektiv och haut nach gëtt. Op deem Dag ass fréier de Gehaansdanz gedanzt ginn, fir Krankheeten ofzewieren. Zu Diddeleng gouf et och de Gehaansmaart, deen um Gehaansbierg war a grad op deem Dag, also dem 24. Juni, ofgehal ginn ass. Wann een ze vill där interessanter Saachen do fonnt huet, dann hat een dono eventuell kee Jang a kee Frang méi an der Täsch – dat heescht, et hat ee keng Sue méi. De Gehaansdag ass och den Dag mat der kierzter Nuecht (virdrun) an et ass de längsten Dag vum Joer.
Gehaansfénkelchen
Eppes, wat op eng Manéier och mam 24. Juni ze dinn huet, ass de Gehaansfénkelchen. Hannert deem Numm stécht dat, wat een op Däitsch e „Glühwürmchen“ nennt. De lëtzebuergeschen Numm seet et jo och – datt d’Déier fénkelt respektiv fonkelt. Nieft Gehaansfénkelche gëtt et awer och Gehaansdéierchen, Gehaansméck, Gehaanswiermchen, Gehaansquonk a Gehaansquénkelchen. E Quonk ass en anert Wuert fir Fonken. Et kéint een dëst Déierchen also bal „dem Jang säi Fonkendéierchen“ nennen.

Et ass och nom „Jang den Deefer“ benannt oder éischter gesot nom Gehaansdag; ëm déi Zäit ginn déi kleng Fénkelcher nämlech wibbeleg.
Wéi a wou kann ee Gehaansfénkelcher gesinn a firwat blénken si?
Gehaansfénkelcher liewen a fiichte Liewensraim: bei naasse Wisen, Baachen an um Rand vu fiichte Bëscher. Et gesäit een se besonnesch gutt tëscht 10 Auer owes a Mëtternuecht, a waarme Summernuechten a wann de Mound nei ass. Op ganz däischtere Plaze gesäit een heiansdo d’Larve schwaach glënneren. Mee wéi a firwat liichten d’Gehaansfénkelcher? An hirem Bauch hunn si eng extra Substanz, de Luciferin — an déi blénkt, wa si am Ufank vum Summer nei Partner sichen, fir sech fortzeplanzen. An obwuel de Gehaansfénkelchen op Däitsch Glühwürmchen heescht, ass et kee Wiermchen, mee e Käfer.

An Zesummenarbécht mam Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS).
Andere Artikel
-
„Du muss de Sport liewen!“
Wéi gëtt ee Sportjournalist? De Franky Hippert vun RTL huet dem Piwitsch dat erkläert. 13. avril 2023 -
Viel los auf dem Flughafen Findel
Am Flughafen in Findel, dem einzigen Flughafen Luxemburgs, ist immer viel los. Von hier aus fliegen jedes Jahr ein paar... 17. avril 2023 -
Auf der Flucht
Stell dir vor, du hast plötzlich kein Zuhause mehr und musst aus dem Land, in dem du lebst, fort! Dies... 19. juin 2022