Geléinte Wierder
23. September 2025
Déi eng Leit ginn am Summer op d’Plage an déi aner op de Strand. An awer ass jiddereen op der selwechter Plaz. Firwat ass dat esou?

Villäicht ass dir schonn eng Kéier opgefall, datt et am Lëtzebuergesche vill Wierder gëtt, déi een och aus anere Sprooche kennt. Am Beispill huet d’Lëtzebuergescht esouwuel aus dem Däitschen (Strand) ewéi och aus dem Franséischen (Plage) e Wuert geléint. Plage a Strand hunn déi selwecht Bedeitung. Et sinn also Synonymmer.
Aflëss aus anere Sproochen
Wéi Lëtzebuergesch geschwat gëtt, hänkt vill vun deem of, dee schwätzt. Den Alter oder och wou ee wunnt, kënnen en Afloss dorop hunn, wéi eng Wierder ee gebraucht. Lëtzebuergesch gehéiert zu de germanesche Sproochen. Et ass also no um Däitschen. Dowéinst gëtt et am Lëtzebuergeschen och vill Wierder, déi een aus dem Däitsche kennt. Well Lëtzebuerg awer scho laang méisproocheg ass an och déi franséisch Sprooch hei am Land wichteg ass, gëtt et am Lëtzebuergesche vill Ausdréck aus dem Franséischen. Lëtzebuergesch ass eng oppen a lieweg Sprooch a léint nawell gär Wierder, ganz besonnesch aus dem Däitschen an aus dem Franséischen, awer och ëmmer méi aus dem Engleschen.

Kaddo oder Geschenk?
Heiansdo gëtt et also direkt e puer Wierder mat där selwechter Bedeitung, ewéi bei Decisioun an Entscheedung oder bei Kaddo a Geschenk. Heiansdo gëtt et awer och just eng Méiglechkeet. Zum Beispill bei de Wierder merci a Vëlo, déi aus dem Franséische kommen, oder Himmel a Keller, déi aus dem Däitsche kommen. Geléinte Wierder ginn am Lëtzebuergeschen oft e bëssen anescht ausgeschwat oder geschriwwen, mee et erkennt een awer meeschtens, wou se hierkommen.

Foto: Shutterstock/Rawpixel.com
Andere Artikel
-
Bongert, Bounen a Bonjour
Am 26. September ist in ganz Europa der Tag der Sprachen. In Luxemburg steht an diesem Tag die luxemburgische Sprache... 23. September 2025 -
„Wie eine Stadt in der Stadt“
An diesem Freitag startet die „Schueberfouer“. Aber wer organisiert eigentlich diese riesige Kirmes und wie kompliziert ist das? De Piwitsch... 16. August 2022 -
Wo ist die Steckdose auf dem Mond?
Es gibt Eis auf dem Mond! Es ist der Schlüssel für die Energieproduktion da oben Auch wenn sie intelligent sind... 16. Dezember 2022