Wou ass de Schlëssel fir bei dem Giorgio Montana säi Gesiicht?

23. Februar 2026

Eng Geschicht vum Jeff Schinker. Illustréiert vum Tracy Heindrichs

1. Den Toni

Den Toni koum aus enger vun deene Géigenden, vun deenen d’Joffer sot, et géif se net méi ginn.

„Fréier hu mir Mënschen ëmmer nei Plazen entdeckt, an dann huet een deene missen en Numm ginn, de Plazen, de Beem, de Flëss. Heiansdo och den Awunner, déi schonn do waren. Déi kruten dann erkläert, dat wär elo net méi hiert Land. Et war d’Zäit vun de groussen Explorer, déi sech net ginn hunn, bis se all Eck um Globus gedeeft haten.“

D’Explorer, dat ware Männer mat struppege Bäert an engem Messer tëscht den Zänn, déi op engem Schëff d’Steierrad an all Richtunge gerappt hunn. Esou krut ech se op alle Fall a menger Holo-App projezéiert, soubal d’Joffer vun hinne geschwat huet.

„A wat ass elo op där Plaz, wou den Toni gelieft huet?“, hunn ech gefrot.

Et war e Spill: Wien et fäerdegbruecht huet, dass d’Joffer d’Theema gewiesselt huet, well si keng Äntwert wousst, hat gewonnen. Ech hu meeschtens gewonnen.

Wann s du direkt bei den Toni an d’Paus wëlls, géi weider bei 2.

Wanns du méi iwwer mech wëlls gewuer ginn, lies weider bei 3.

2. An der Paus

Den Toni stoung ganz eleng am Haff. Op säi Polo war e klenge Krokodil gestéckt a seng Auer huet an der Sonn gefonkelt.

En huet mer leedgedoen, den Toni, well säi Räichtum, mat deem hien a senger Heemecht wuel krass beléift war, hei kee gepickt huet. Ech si bei e gaangen a sot:

„Et deet mer leed, dass deng Heemecht ofgebrannt ass.“

Den Toni sot näischt.

„Oder iwwerschwemmt gouf.“

Den Toni huet op seng Auer gestuerkt a sot nach ëmmer näischt.

„Schéin deier muss déi gewiescht sinn.“

„Et war e Cadeau fir d’Lana.“

„A wou ass d’Lana?“

An dunn huet den Toni alles beieneen erzielt: Hie war schrecklech an d’Lana verléift. Dem Lana seng Elteren hunn zu deene Leit gehéiert, déi dem Toni säi Papp fir vill Sue beschützt huet. Dee war steeräich. En hat all deene Leit en Chip agesat. Wéi bei engem Hond, sot den Toni rosen. Op enger Kaart konnt de Papp gesinn, wie wou war. Esou konnt kee fortlafen. Ma virun der Klimakris war hie selwer fortgelaf. Fortgeflunn, am Privatjet. An déi aner ware bliwwen.

„A wouhier weess du, ob d’Lana nach lieft?“

„Grad dat wéilt ech erausfannen. Mä dofir misst ech mech a mengem Papp säi Computer aloggen.“

„Ma du weess d’Passwuert net.“

„Et gëtt kee Passwuert.“

„Wat gëtt et dann?“

„Eng Gesiichtserkennung.“

„An dofir brauchs du dengem Papp säi Gesiicht?“

„Nee. Mäi Papp huet e ganz speziellen Humor. En huet d’Gesiicht vun engem Affer benotzt. Dem Giorgio Montana. En hëlt dat ëmmer aus sengem Safe eraus. Ech weess souguer de Code fir de Safe. De Problem ass, ech brauch de Schlëssel fir a säi Büro. An dat ass onméiglech. Well dee läit am Vestiaire vum Wellness, wou mäi Papp daagsiwwer hänkt. A so.“ Den Toni mécht eng Paus, wéi e Schauspiller, dee säin Text vergiess huet. „Wisou pecht hei keen um Smartphone?“

„Kuck, dohanne bei den Dännen, déi Bulldoggen. Drop trainéiert, Lithium ze richen. Wien d’Smartphone-Verbuet brécht, ass an zwou Sekonne beim Direkter.“

Wann s de scho verstanen hues, wou ech mam Toni hi wëll, da géi direkt bei → 4.

Wann s de et net weess, fënns du den Hiweis bei → 3.

3. D’Belle Étoile

Am Ufank hat ech mech gefreet, dass mäi Papp elo dauernd doheem wär. Ma en houng dunn de ganzen Dag schif um Canapé, huet no Zigaretten an no Béier gestonk an op sengem Handy gepiddelt. Well d’Leit just nach alles online kaaft hunn, hate meng Elteren, déi allen zwee an engem Buttek geschafft hunn, missen eng Formatioun fir de Webshop maachen. De Patron stoung op eemol als Hologramm an der Stuff a sot, just meng Mamm hätt se gepackt. De Papp gouf entlooss. En huet vu Roserei mat der Fauscht duerch dem Patron säin Hologramm geboxt.

Ëmmer méi Leit hunn hir Aarbecht an duerno hir Wunneng verluer. Si goufe mat hire Familljen an de Shopping Malls ënnerbuecht, déi jo eidel stoungen, wéinst all de Webshops. Do ass de Papp nach méi an de Béier gefall a war enges Daags einfach verschwonnen.

Meng Mamm ass kuerz duerno mam Julio zesummekomm. De Julio war charmant an huet vill gelaacht. Hie war Yoga-Coach, hat 38 Joer an e witzege Schnauz, vun deem ech mer virgestallt hunn, dass e beim Kusse géif kribbelen oder picken. Ma dat konnte mer net erausfannen, well de Julio eng Kënschtlech Intelligenz war. Meng Mamm wollt sech souguer mat him bestueden, ma zu Lëtzebuerg goung dat nach net. Si huet him awer de Package „Geniale Stéifpapp“ installéiert. Deen huet deier kascht, ma meng Mamm hat mëttlerweil en Zweetjob als Masseuse an engem Wellness-Zenter op der Musel. Hiren neiste Client war e räichen Italieener.

Wanns du wëlls wëssen, wat an der Paus passéiert ass, géi bei 2.

Wann s du wëlls de Bus huele fir an de Wellness, géi bei 4.

4. Am Bus

Mir hu wéineg geschwat. Bausse si mol d’Dierfer, mol d’Bëscher laanschtgejauft, wéi wann se virun eppes géife fortlafen. Esou muss et a Sizilie gewiescht sinn, wéi d’Déieren aus dem Gestrëpp gerannt koumen, beim Toni sengem Duerf, an et schonn nom Feier gericht huet.

„An deng Mamm kritt sécher all d’Schief op?“

„Ganz sécher. Kee Mënsch verhält nach eng Kombinatioun vu véier Zifferen. Well alles mat Gesiichtserkennung funktionéiert. Dofir muss si reegelméisseg de Clienten hir Casiere mat hirem Badge opmaachen.“

Hanner Mutfert ass de Bus méi lues gefuer. Op der Héicht vu Bous huet e sech op e Quai agereit, ass lues an d’Waasser gefuer an huet seng Rieder erageklappt. Mir hunn nogekuckt, wéi eise Bus no an no zu enger Zort Schëff gouf. „Et ass wéi en Aquapark“, huet den Toni geruff, wärend eist Busschëff duerch d’Waasser gefuer ass.

Wéi een endlech vu wäitem de Wellness gesinn huet – et war e Komplex, deen aus ville klengen Hütte bestanen huet, gebaut ronderëm e puer grouss Villaen – huet sech den Toni net méi gepackt an dauernd op de Stopp-Knäppche gedréckt.

„Beroueg dech, Toni, et ass den Terminus.“

Den Terminus erreechs du bei 6.

5. Game Over

Du hues leider verluer. Menger Mamm hire Client war natierlech dem Toni säi Papp, a soubal ech mam Toni an d’Kabinn 4 gelaf sinn, si mer op d’Mamm an dem Toni säi Papp gestouss, dee schlau genuch war, fir eise Plang direkt ze duerchkucken.

Géi zeréck bei d’Jocelyne → 6.

6. Am Wellness

Am Entrées-Hall huet et no Zitroun a Lavendel gericht. „Wéinstens erënneren d’Parfumen eis nach un d’Saache vu fréier“, sot d’Mamm ëmmer traureg.

„Tiens donc, eist klengt Sarah“, sot d’Jocelyne an der Receptioun. „Misst du net an der Schoul sinn?”

„Ze vill Reen. Iwwerschwemmungsgefor“, sot den Toni.

„Wie bass du dann?“, huet d’Jocelyne virwëlzeg gefrot, an ech wousst schonn, dass ech menger Mamm den Owend dierft erklären, dass ech kee Frënd hätt.

„E Kolleeg“, sot ech, wärend den Toni gläichzäiteg: „Geet Iech en alen Dreck un!“ sot.

D’Jocelyne ass rout ugelaf.

„Deng Mamm ass an der Kabinn 4. Masséiert grad en Italieener, dee sech opféiert, wéi wann d’halleft Land him géif gehéieren.“

Mir sinn duerch e laange Gank gelaf, wou op all Säit gliesen Diere waren, hannert deene Männer mat décke Bäich op de Brëtsche louchen. Virun der Dir mat der 4 sinn ech stoe bliwwen.

Wann s de direkt wëlls an d’Kabinn eragoen, géi bei 5.

Wanns de léiwer waarts, bis deng Mamm fäerdeg ass, géi bei 7.

7. Nächste Level

Gratulatioun. Du hues dëse Level gepackt. Wéi dem Toni säi Papp aus der Kabinn erauskoum,hu mir eis hannert dem nächste Client verstoppt. Muer kanns de den nächste Level spillen. Kréie mer meng Mamm dozou, eis hire Badge ze ginn, fir dass mer kënnen nom Lana sichen?

Genervt hunn ech mäi VR-Helm ausgedoen. Ech hätt gär direkt weidergespillt. Mäi Smartphone huet vibréiert. D’Tammy.

„An, gepackt?“

„Kloer. An Du?“

„Jo, och.“

Dem Tammy seng Freed huet mech just nach méi genervt. Zanter der neier Corona-Pandemie huet kee méi däerfen an d’Schoul. De Ministère hat dee VR-Programm entwéckelt. Mir sollten am Spill gewuer ginn, wat an der Welt grad passéiert – de Klimawandel, Migratioun, Kricher, K. I. – an dobäi och léieren, wéi Matgefill funktionéiert. Matgefill mam Toni hat ech schonn – ma wisou ech lo e ganzen Dag misst waarden, bis ech nees an déi VR-Welt kéint dauchen, war mer e Rätsel.

Foto: Philippe Matsas

De Jeff Schinker ass Schrëftsteller a Journalist. Hie schreift Romaner an Theaterstécker, heiansdo och fir Kanner. Et kann een hien all Woch um Radio 100,7 lauschteren, an e puermol am Mount am Lëtzebuerger Land liesen.

Lies a lauschter hei all eis aner Geschichten!