Grompere-Republik
17. April 2023Eng Geschicht vum Nora Wagener
Wéi mäi Papp mech, wéi all Dag, zu Fouss bei d´Schoul siche koum, stoung dem Jamie seng Mamm (hien ass bei mir an der Klass) um Parking virun der Schoul bei engem aneren Auto ewéi gewéinlech.
„Ass ären alen Auto am Garage oder hutt der iech een neie kaaft?“, huet mäi Papp aus Virwëtz gefrot, an dunn huet si him déi nämmlecht Geschicht erzielt, déi hire Jong mir schonn am Schoulhaff verzielt hat: Si hunn deen Auto viru kuerzem an enger Tombola gewonnen.
Mäi Papp konnt et bal net gleewen.
„Stell der vir! Einfach sou! En Auto an enger Tombola gewonnen!“, sot hie beim Owesiessen zu menger Mamm. Hien huet den Handy aus der Boxentäsch geholl an hir eng Foto vum Jamie senger Mamm an deem neien Auto gewisen.
„Oh mei, dat ass awer en ellent, klengt Dëppchen …“, sot si nëmmen. Ech mengen, si war e bësse jalous op den Auto. An op dem Jamie seng Mamm.
„En ellent, klengt Dëppchen ass ëmmer nach besser wéi keen Auto. An op jiddwer Fall besser wéi eis Schrottkëscht!“, huet mäi Papp geknoutert.
An deenen nächste puer Wochen huet hie bei all Tombola matgemaach, déi him iwwert de Wee gelaf ass. De Problem war, datt hien absolutt näischt gewonnen huet, net mol e Glas Moschtert oder eng Fläsch Wäin. Grad wéi en decidéiert hat, just nach een allerleschten Tombolas-Ticket ze kafen, ass e Wonner geschitt – hien huet net nëmme gewonnen, hie war souguer ee vun den dräi Haaptgewënner! D´Saach ass just, datt hien näischt mega Cooles wéi en Auto, e Mountainbike oder eng Vakanz geschenkt krut – mäi Papp hat zéng Zenner Grompere gewonnen.
„Wat war dat fir eng gelungen Tombola?“, hunn ech hie gefrot.
Mäi Papp war genéiert. „D´Tombola vum Bauere- Veräin … Den éischte Präis war eng Kou“, huet hie geäntwert.
„Wat hätte mir wannechgelift mat enger Kou gemaach?“, wollt meng Mamm wëssen.„Mir hu kee Gaart, kee Stall! A mat eise Sue geet et hannen a fir net duer – och ouni Kou!“
Ech hätt gären eng Kou gehat, hunn ech fir mech geduecht. Dann hätt ech kéinte mat där duerch d’Géigend fueren. Eng Kou ass jo quasi en Auto op véier Been. Mä natierlech huet mäi Papp missen de Géigendeel vun enger Kou gewannen: Gromperen. Wann een sech op e Koup Grompere setzt – gleeft mer et – da kënnt een net wäit. Nodeems mir de Gewënn heem geliwwert kruten, hunn ech et ausprobéiert.
Wësst dir eigentlech, wéi vill zéng Zenner Grompere sinn? Ech wosst et net. Een Zenner, dat si fofzeg Kilo. Zéng Zenner, dat ass eng ganz Kummer voll. Dat ass meng ganz Kummer voll! An eiser Wunneng war soss néierens Plaz ausser bei mir. Dobäi hunn ech souwisou schonn déi klengste Kummer. Elo trëllen och nach iwwerall Gromperesäck doruechter, um Buedem, am Kleederschaf, um Schreifdësch, ënnert dem Bett, jo, souguer ënnert menger Decken. An zwar där richteger Säck. Net déi léif kleng Säckelcher gewäsche Gromperen, déi een am Supermarché ze kafe kritt. Nee, där graff, knaschteg Zéng-Kilo-Säck vum Bauer, déi no Stëbs richen.
Eng Woch laang huet meng Mamm näischt anescht gekacht.
Et gouf gebroden, gebaken, gebootschten, gequellten, gegrillte Gromperen. Et gouf Gromperepüree, Gromperegratin, Gromperenzalot, Gromperenzopp. Et gouf Krockette mat Fritten a Fritte mat Krocketten. Och den Emil, eisen Hond, huet missen dru gleewen: Fir all „Platz“, deen hie gemaach huet, krut en e klenge Gromperekichelchen. A well den Emil schonn ural ass a souwisou just nach schléift an um Buedem ronderëm läit, krut hien einfach de ganzen Dag laang Kichelcher. De Koup a menger Kummer ass awer nawell net méi kleng ginn. Mengen Elteren a mir sinn d’Buppe schonn zu den Oueren erauskomm. No enger Woch hate mer ës all genuch.
Mir hunn eis dunn zesummen iwwerluecht, wéi mer eisem Tombola-Gewënn Meeschter kënne ginn, ier dee vermuuscht. Meng Mamm huet virgeschloen, Gromperejus draus ze maachen, huet sech bei deem Virschlag awer selwer geschuddert. Mäi Papp huet proposéiert, ee Concours ze organiséieren, ee Grompere-Wäitworf oder sou eppes, an den Éischte kréich dann zéng Këschten däers Gromperejus, mä meng Mamm wollt schonn näischt méi vun dem Jus héieren. A well Chrëschtdag nach net laang erlaanscht war, hunn ech du gefrot, wisou mer d´Gromperen net einfach verschenke géingen. Genee dat hu mir du gemaach.
Den Dag drop hat jiddwereen am Appartementshaus eng Kartrongskëscht voll Grompere virun der Dier stoen. Wisou knéckeg sinn, wann een deele kann? Mir hunn elo all Moien eis Ronn mat de Këschte gemaach. Meng Elteren hu schonn dovunner gedreemt, d’Staren aus dem Haus ze ginn, vu jiddwerengem Moie gesot ze kréien an op Fester invitéiert ze ginn. Mir goufen och tatsächlech vun eiser Nopesch vu lénks weekends fir z’iesse bei si heem agelueden.
Et gouf Gromperenzopp, Gromperegratin an als Dessert Gromperekuch. Mir hu brav alles giess. Wat hate meng Elteren sech aneschters erwaart? De Rescht vun den Noperen haten no e puer Deeg och schonns d’Flemm mat de Gromperen.
Wéi si bis eraus haten, wou se hier komm sinn, hunn se déi voll Këschten ënnen an der Entrée bei eis Bréifboîte gestallt, well bei eiser Dier scho keng Plaz méi war. Eise Bréifdréier koum bal net méi un d’Boîtten.
„Ech wosst schonn ëmmer, datt mir eng Grompere- Republik sinn, mä dat doten … !“, hunn ech hien héiere grommelen, wéi ech moies laanscht hie gaange si fir an d’Schoul.
Ech weess net genee, wat eng Grompere-Republik ass, mä ech weess, datt ech nuets vun sou eppes Änlechem gedreemt hunn. An der Grompere- Republik aus mengem Dram, do war einfach alles aus Grompere gebaut: d’Stroossen, d’Haiser, d’Schoulen, d’Kierchen. An d’Mënsche selwer waren och Gromperen, grouss, laang Grompere mat Hitt a Brëller a Boxen. An de Präsident vun där Republik huet Emil geheescht, Emil den Zweeten. Awer jiddwereen huet hie just Zweemill genannt. A wann een sech net un d’Reegele vun der Republik gehalen huet, dann huet den Zweemill Gromperekichelcher aus engem gemaach. Sou ee Quatsch hunn ech gedreemt!
Meng Mamm ass vun där ganzer Saach och e bësse komesch ginn. Enges owes huet si an engem Stéck gejéimert, mengem Papp verbueden, jeemools nees bei enger Tombola matzemaachen, a wéi se fäerdeg mat jéimere war, huet si sech zwou kleng Bippecher hannert hier Brëlleglieser gestach – si wollt de Misär net méi gesinn.
Mäi Papp an ech hunn eis missen zesummerappen, fir net ze laachen. Si huet immens witzeg ausgesinn.
„Mäin Häerz“, sot mäi Papp an huet si getréischt. „Looss eis einfach dat Bescht draus maachen, nee?“
„Wéi mengs de dat?“, huet si gefrot.
„Ehhhuuu …“, huet mäi Papp gemaach, „ech weess et éierlech gesot net sou genau.“
Meng Mamm huet een Ament iwwerluecht. „Mengs de et éieren esou, wéi d’Spréchwuert et seet: Wann ee Mais am Haus huet, muss een se fir sech lafe loossen?“
Ech fäerten, mäi Papp kennt dat Spréchwuert grad sou wéineg ewéi ech. Hien huet gezéckt. „… Wann dat heescht, dat een dat Bescht draus maache soll, da jo!“, huet e geäntwert.
An du war meng Mamm op eemol héich motivéiert. Si huet déi zwou Bippecher hannert hire Brëlleglieser erausgefëscht a gesot: „Vun elo un huet all Gromper hei am Haus eng Aufgab, soss flitt se!“
E puer Stéck huet si direkt an e Blummendëppche gestach, op eise Balcon gestallt a genat.
„Da wuessen d’nächst Joer neier“, sot si.
(Soubal meng Mamm net kuckt – sot ech mir – huelen ech déi nees aus dem Buedem eraus: Ni méi Gromperen! Och d’nächst Joer net!)
Dono ass si duerch d’Géigend gebëselt an huet allerhand Saache gemaach: Ënnert all Miwwelstéck, dat gewackelt huet, huet meng Mamm eng, zwou Fritte gestach, op all Téitschen an der Mauer huet si Gromperegratin geschmiert, an iwwerall do, wou e Lach war, huet si eng ganz Gromper dragedréckt. Dunn huet si an der Kiche kleng Skulpturen aus Püree gemaach, déi si herno um Internet verkafe wollt, op Ebay. Zu gudder Läscht huet si d’Riddoen an hirer Schlofkummer erofgeholl a mengem Papp d’Riddosstaang an de Grapp gedréckt.
„Merci“, sot mäi Papp ganz manéierlech. „A wat fänken ech domadder un?“
Meng Mamm huet keng Sekonn gezéckt an him op all Säit vun der Staang e Sak Grompere gehaangen. „Lo kanns de domadder trainéieren“, sot si an huet gegrinst ewéi e Kichelchen.
„A wat geschitt mat menger Kummer?“, wollt ech wëssen.
„Ech kann net fir ëmmer an där Grompere-Republik do liewen.“
Meng Elteren hunn allen zwee misse laachen.
„A wou hues du dat dann hier?“, huet mäi Papp gefrot.
„Vum Bréifdréier“, sot ech.
„Aha …“, sot meng Mamm.
„Du hues awer Recht“, sot mäi Papp. „Et geet net duer, e puer Fritten ënnert de wackelege Schaf ze drätschen … mir brauchen eng besser Léisung. Ech iwwerleeë mer eng.“
De Weekend drop hu mir ee klenge Stand bei eis op der Gemengeplaz opgeriicht. Op deem Stand war ee klengt Schëld ze gesinn: „Gratis Gromperen! Servez-vous!“ An tatsächlech si mir se deen Dag bal alleguerte lassginn. Am Ufank huet sech kee sou richteg getraut, mä wéi bis deen Éischte mat senge Gromperen heem getrëppelt ass, koumen se op eemol all gelaf. D’Leit ware mega begeeschtert. Deen een oder aneren ass souguer eng Zäitche bei eisem Stand stoe bliwwen, fir ze poteren. Si hunn dann zum Beispill gefrot, wou mir déi vill Gromperen hier hätten. A well eis d’Wourecht e bësse peinlech war, hu mir eis e Spaass draus gemaach, hinnen all Kéier eppes anescht ze erzielen.
Meng Mamm sot eng Kéier, datt hire Monni, en ale Grompere-Bauer, viru kuerzem gestuerwe wier, a mir elo all seng Grompere geierft hätten.
Mäi Papp sot eng Kéier, si wäre Chrëschtdag vum Himmel gefall.
An ech sot eng Kéier, se kéimen all aus menger Grompere-Republik.
Dat Bescht un der Saach war, dat herno nach ee vun der Gemeng laanscht komm ass. Hien huet eis erzielt, datt si all Joers eng Tombola fir déi Leit organiséieren, déi eppes Guddes fir d’Gemeng gemaach hunn, an datt mir dëst Joer kéinte matmaachen. Den Haaptgewënn – lo haalt iech fest – ass eng Kou! Ma nee … et ass natierlech en Auto!
Mäi Papp konnt et bal net gleewen.
Illustratiounen: Shutterstock