Hasta la Vista, Néckel!

3. März 2025

Eng Geschicht vum Anja Di Bartolomeo

D’Liewen ass heiansdo esou ongerecht. Einfach mega onfair a blöd! De Krich an der Ukrain, d’Gletscheren, déi schmëlzen, Matheexercicer, déi dech dronke maachen, Tëleesverbuet, wann deng Liblingssendung leeft, den Handy, deen de Geescht opgëtt, a wéi wann dat alles nach net genuch a vill ze vill wär, och nach déi Saach mam Hausdéier. Definitiv en iwwerflëssege Probleem, deen dach esou einfach aus der Welt ze schafe wier, an domat all déi aner Suergen op ee Coup méi liicht géing maachen. Ma nee, et ass näischt ze maachen, all Méi ëmsoss, einfach alles verluer!

Wéi dacks huet d’Elli schonns probéiert seng Elteren dovun ze iwwerzeegen, datt seng Notten an de Prüfunge mat engem klenge Mupp ëm mindestens zéng Punkte géife klammen, et manner um Handy wär, an deen op déi Manéier och net esou dacks op de Buedem géing falen, esou datt de Papp en net andauernd misst aschécken.

„Wann ech e Mupp hätt, da géif ech fräiwëlleg keng Tëlee méi kucken, ech wär vill besser gelaunt a géif souguer ouni ze meckeren den Dësch ofraumen. An ech géif dauernd an d’frësch Loft goen …“, huet hatt der Mamm versprach, déi all Kéier just midd de Kapp gerëselt huet.

„A well Muppe gären am Gaart sinn, kann ech mat him zesummen all dat Onkraut rappen, dat dech ëmmer sou opreegt.“

D’Elli huet all Kéier säi Bescht ginn. Fir datt säi gréisste Wonsch vun allen Zäiten an Erfëllung géing goen, huet hatt sech richteg an d’Broscht gehäit an esouguer e krassen „Iwwerzeegungsbléck“ virum Spigel ageüübt.

Gehollef huet et leider glat a guer näischt.

„Nee!“, huet d’Mamm all Kéier op en Neits gesot.

„Nee, an nach eng Kéier Nee. En Hond kënnt hei net eran. Ze grouss, ze dreckeg, ze ustrengend, ze mëffeleg. Vergiess et, Elli!“

Wann d’Elli weider insistéiert huet, konnt si richteg rose ginn. Ma op deenen Deeg, wou si gutt gelaunt war, sot si:

„E Mierschwäin, do géing ech eventuell mat mer schwätze loossen! Mee en Hond, nee, basta!“

E Mierschwäin?!

„Wee wëll da schonn e Mierschwäin?!?!“, ass et aus dem Elli erausgeplatzt.

„Dat ass dach kee richtegt Déier an huet ausserdeem och nach e megaschielen Numm!“

Nee, alles an der Welt, mee kee Mierschwäin.

„En Hond oder näischt!“, huet hatt seng Mamm ugebaupst an d’Dier fest hannert sech zougezunn.

Dem Elli säi Brudder, den Noah, deen zënter d’Elli sech erënnere kann, schonn ëmmer e bëssen „anescht“ war, huet sech sengersäits mat méi klengem Gedéiesch zefridde ginn, a sech tatsächlech näischt méi wéi e klengen, léiwen Hamster gewënscht … wat seng Schwëster natierlech ganz schrecklech fonnt huet.

Foto: Shutterstock/Ilyashenko Oleksiy

„Da kanns du der jo direkt eng ranzeg Rat an de Kullang fänke goen, déi ass wéinstens gratis a leeft net wéi en Dëlpes am Rad ronderëm!“, sot hatt zu him.

Den Noah huet sech dovun awer net aus der Rou brénge gelooss. Hien huet säin Dram vum eegenen Hamster net opginn a sech weider fest gewënscht … — bei all Stäreschnäiz, déi en erbléckst huet, bei all Wimper, déi him ausgefall ass, … — datt hien enges Daags e klengen Hamsterkolleeg géif kréien.

An esou war et och. Um Noah sengem aachte Gebuertsdag, nach moies virun der Schoul, stoung de klengen Néckelchen a sengem Käfeg um Kaffisdësch.

Wéi den Noah den Hamster, e binzege Kärelche mat treie schwaarzen Aen an engem blénkegen, wäiss-orangë Pelz, fir d’éischte Kéier gesinn huet, krut e vu Gléck kee Wuert eraus. Well och wann e sech näischt méi gewënscht hat wéi den Hamster, deen e sech all Dag wonnerschéin a senge Gedanke virgestallt hat, sou war deen echten einfach esou perfekt, datt et him d’Sprooch verschloen huet.

Dem Elli sinn dofir ëmsou méi Wierder agefall. An net nëmmen dat — se sinn och nach all duercherneen an zimmlech féx an haart aus sengem Mond eraus an der Mamm hir Richtung geschoss.

„Dat ass dach egal wat! Ech däerf keen Hond, mol kee miniklengen. Esouguer kee vun deenen, déi keng Hoer verléieren!“. Hatt war rout am Gesiicht wéi eng Tomat, huet no Loft geschnaapt a mam ausgestreckte Fanger op den Noah gewisen.

„ An elo kritt deen do en iwwerschielen Hamster! Ma, wat krut ech fir mäin aachte Gebuertsdag?!“

Hatt huet mam Fouss op de Buedem getuppt.

„ E blöd, dommt Buch, dat emol net spannend war. An och nach op Franséisch!“

Rose wéi eng Spann huet hatt déi éischt Zeitung, déi et grad ze pake krut, duerch déi ganz Kiche gehäit … Wat et besser net hätt solle maachen, well d’Zeitung ass der Mamm riicht widdert de Kapp geflattert.

„D’Tëlee ass gespaart! Keng Frëndin op Besuch de Weekend! An déi ganz Woch och net! Keen Handy! Kee Computer! An d’Onkraut … Free dech schonn drop!” D’Mamm war net frou.

An den Néckel, deen sech verschotert ënnert dem Hee verstoppt hat, och net. Just den Noah war trotz deem ganzen Theater gutt gelaunt ewéi e Gromperekichelchen.

Wësst der, wann et en Award fir dee glécklechste Jong mat Hamster aus dem Universum géif ginn, dann hätt den Noah dee kritt. Zënter datt hien den Néckelchen hat, war hien esou gutt drop wéi nach ni am Liewe virdrun. Voller Hamsterfreed, wann e moies aus dem Bett gesprongen ass, a voller Hamsterbegeeschterung, wann en owes schlofe gaangen ass. Hien ass esouguer op eemol gären an d’Schoul gaangen, huet ouni ze maulen seng Kummer geraumt, an dem Elli, obwuel et dat net wollt, gehollef d’Onkraut ze rappen.

Hätt den Noah gewosst, datt säi Gléck op eemol, ganz onerwaart, a Gefor géif geroden, hätt et him d’Häerz gebrach.

Am Géigesaz zum Noah huet den Néckelchen d’Elli nämlech net glécklech gemaach. Am Géigendeel. Soubal hatt de Käfeg erbléckst huet, huet hatt gespiert, wéi d’Roserei a sengem Bauch op eemol ferm gebrannt huet. Seng Aen hu sech zu engem klenge Schlitz zesummegezunn a säin Otem ass esou séier ginn, datt hatt dacks gemengt huet, et kréich keng Loft méi.

D’Elli konnt keng Rakéit fir op de Saturn bauen. Fir den Néckel einfach op d’Strooss ze setzen, dofir hat et de Courage net oder, wee weess, vläicht awer jo nach e Fonke Gewëssen. D’Déierenasyl koum net a Fro, do hätte si jo direkt de Radio kontaktéiert. Nee, dat wär keng gutt Iddi gewiescht. Do war den Zirkus, dee grad an der Stad war an iwwerall seng Plakater opgehaangen hat, eng besser Iddi, huet d’Elli sech a senger Kummer iwwerluecht.

„Spannende Show. Coole Stunts!“ Perfekt fir déi stresseg Nervesee.

De Plang stoung an Zäit vun zéng Minutten. En ëmzesetzen, dat war allerdéngs e bëssi méi komplizéiert, schliisslech konnt d’Elli jo net einfach viru sengen Elteren hiren Ae mam Néckelkäfeg aus dem Haus spadséieren. Hatt huet gedëlleg gewaart, bis d’Luuchten all aus waren a kee Mucks méi ze héiere war. An souguer dunn huet et virsiichtshallwer nach e bëssi Zäit vergoe gelooss.

„Et géif ee bal mengen, du häss eng iwwerkrass Hamsterallergie“, huet seng bescht Frëndin, d’Mara, gemengt, wéi et endlech erëm duerft bei d’Elli spille kommen.

„Näischt ze allergien! Deen Néckel-Hamster ass einfach esou verbuede blöd, datt et wéideet! Kuck der nëmmen un, wéi idiotesch en a sengem klenge Rad ronderëmrennt.“ Hatt huet eng Grimass geschnidden.

„Peinlech ass dat! Mat engem Hond kanns de wéinstens spillen. Oder spadséiere goen. A kuschelen. Hënn sinn esou séiss! Mee dat do! Déi nerveg Rennmaus kéint ech direkt poulriicht op de Saturn schéissen!“

Besonnesch schlëmm war, datt d’Roserei net besser ginn ass. Vu Stonn zu Stonn, vun Dag zu Dag ass si méi grouss ginn a gewuess, bis dat aarmt Elli bal un hir erstéckt ass.

„O, wéi léif den Néckelche kuckt!“

„Wéi brav e seng Kärercher frësst.“

„Wow, super, braven Néckelchen, du hues däi Stréi awer haut extra gutt geraumt.“

„Klengen, léiwen Néckelchen, du bass mäi beschte Kolleeg!“

„Kommt all séier kucken, den Néckel leeft sou séier am Rad wéi nach ni. Geschwë kann en op der Olympiad matmaachen!“

Néckel hei. Néckel do. Néckel iwwerall.

Op engem ganz normalen Dënschdeg, d’Owesiesse war bal fäerdeg an den Néckel war wéi ëmmer ëm dës Zäit amgaangen, seng Owesronn am Rad ze dréien, do huet d’Elli eng Decisioun geholl.

„Et geet es elo duer. Et ass es elo definitiv genuch!“, huet et sech gesot, a vun engem Moment op deen anere war hatt op eemol esou gutt gelaunt, wéi schonns laang net méi.

Um Punkt véierel vir zwielef ass et endlech op den Zéiwespëtzten no ënne geschlach, huet seng Turnschong an eng Jackett ugedoen, an ass dono, ëmmer nach op den Zéiwespëtzten, an d’Kiche getrëppelt. Wéi hatt de Käfeg am Grapp hat an d’Dier lues hannert sech zougezunn huet, huet et sech liicht wéi e Loftballon gefillt.

Den Néckelchen huet sech net geréiert, an ouni eppes ze mierken, brav ënnert sengem Hee weidergeschlof. Oder vläicht huet en och just esou gemaach wéi wann, bei esou engem Hamster weess een ni, Haaptsaach, huet d’Elli sech geduet, hie mécht keen Zodi.

Schonn no enger Véirelstonn si si beim routblo gesträiften Zirkuszelt ukomm.

„Däin neit Doheem, Kolleeg. Hei fënns de sécher vill Frënn!“, huet d’Elli lues gesot a sech virsiichteg a Richtung Keess beweegt.

Knapp do ukomm, huet et de Käfeg einfach op de Buedem gestallt.

„Hasta la Vista, du Stressvéi!“ An deem Moment huet den Néckelchen tatsächlech kuerz gequiitscht, ma d’Elli huet sech zackeg ëmgedréit an ass um Wee fir heem begeeschtert vun engem Been op dat anert gesprongen.

Hatt huet d’Dier lues opgespaart, dunn ass et an d’Kiche geschlach.

„Endlech Rou! Kee blöd Gerenns méi. Kee Gequiitschs a keen Theater méi. Finito! Aus die Hamstermaus!“

Et huet sech op e Stull plompse gelooss.

„Do stauns de, Néckel, wéi séier ech dech lass gi sinn … An den Noah, dee wäert muer gutt staunen … ha!“

Hatt huet d’Luucht aus gekuckt. Op d’Auer, déi haart getickt huet. An op de Buedem, deen elo ongewinnt eidel war. Iergendeppes war komesch. Iergendeppes war anescht. Déi gutt Laun ass mat all Otemzuch e bëssi manner ginn. Sou wéi d’Loft aus engem futtisse Pneu erausgaangen. An och, wann d’Elli alles probéiert huet, fir sech weider ze freeën, ass et him op eemol ganz weech ginn. A sengem Kapp si Biller duerchernee gebonzelt.

Do war den Noah, wéi e moies mat engem froue Laachen an d’Kiche kënnt, de Käfeg sicht — an net fënnt. Den Noah, wéi en ufänkt mat kräischen, traureg ass — wéi nach ni a sengem Liewen. Den Noah, wéi e sech net tréischte léisst. Den Noah, deen net versteet, wéi een him säi beschte Kolleeg konnt ewechhuelen. An da sinn do d’Néckelbiller. Den Néckel eleng a sengem grousse Käfeg virum Zirkuszelt, ängschtlech verstoppt ënnert sengem Hee. Den Néckel, wéi e béisen Zirkusdirekter en dresséiert, fir duerch e Reef ze sprangen.

Den Néckel, dee vun engem Tiger gejot gëtt. Den Néckel, dee säi Frënd vermësst.

„Wat hunn ech gemaach?“, rifft d’Elli a versteet sech op eemol selwer net méi.

Am nächste Moment weess et, wat ze maachen ass. Eenzock geet et nees zu der Hausdier eraus. Dann hëlt et Ulaf. Et rennt a leeft fir unzekommen, éiert et ze spéit ass. Fir den Néckelchen ze retten, éiert dee strengen Zirkusdirekter hien aspäert an dresséiert. Hatt leeft, bis et de Stach huet a seng Bee ganz wibbeleg sinn. Et leeft, bis et him bal schwaarz virun den Ae gëtt. Et rennnt a rennt, bis et endlech ukënnt. Beim groussen Zirkuszelt, wou de klengen, léiwen Néckelche schonn op et waart, an him vu Freed en A zoudréckt.