Lauschterkëscht 1
28. April 2026Stress mech net! Looss mer meng Rou!
Wann s du sou oder sou änlech reagéiers, wann een dech eppes freet, da bass de zimmlech sécher gestresst. Dat deet net gutt, a muss och guer net sinn. Wat s du kanns maachen, fir dech ze entspanen, huet de Piwitsch beim Annette Jaffke nogefrot.

D’Annette Jaffke ass Psychagogin. Si schafft mat Kanner an hëlleft hinnen, sech nees wuelzefillen.
An dëser Lauschterkëscht gëss du gewuer, wat Stress iwwerhaapt ass, a wat s du kanns maachen, fir dass de nees an d’Gläichgewiicht kënns.
Setz dech also gemittlech an eng Fotell, a lauschter eran!

Wann s du intresséiert bass, fir méi Informatiounen iwwer en Theema ze kréien, schreif eis gären op info@piwitsch.lu!
Andere Artikel
-
Firwat kann ee vum Videospill süchteg ginn?
Eng Kannerfro vum Victor vu Mamer. Du lies gär e Buch? Spills gär Fussball oder frees dech di ganz Woch... 03. Februar 2026 -
Wéi de Yuri an d’Klass koum
Eng Geschicht vum Gast Groeber. 03. Juli 2023 -
Ganze Welten in kleinen Kartons
Gesellschafts- oder Brettspiele gibt es unheimlich viele. Einige davon kennst du vielleicht: Mühle, Jenga, sogenannte „Exit Games“ oder sogar „Dorf... 14. Januar 2024