Mat lénks
1. Juni 2026Eng Geschicht vum Luc François
Fir säi Gebuertsdag eng Woch virun der Grousser Vakanz huet de Vic en neie Vëlo kritt. Ee fir Grousser, sëlwreg a mat 21 Gäng. „Mir fueren all Dag en Tour maachen, souguer wann et reent!“, huet säi beschte Kolleeg, de Raph, direkt op seng Raph-Manéier geruff. De Raph mécht ëmmer gär Pläng.
Et war och senger Pläng een, dass de Vic sollt de Kiischtebam am Gaart eropklammen, fir ganz uewe puer där décker Kiischte ze plécken. „Kuck, do hänke se all beieneen!“, huet hie gesot. „Du bass méi grouss a besser am Klammen, dofir ass dat deng Aufgab. An ech passen op, dass deng Mamm eis net gesäit.“
Dem Raph seng Pläng ginn awer gär no hanne lass. Dorun huet de Vic net geduecht, wéi hien duerch d’Äscht geturnt ass. Déi Kiischten hu vill ze säfteg ausgesinn, fir se hänken ze loossen!
„Do sinn der nach ganz vill“, huet de Raph geruff a mam Fanger an d’Äscht gewisen. Dunn, wéi de Vic e Stéck geklommen ass: „Nee, net do. Do vir mengen ech.“
„Raph, wat stiicht dir? Wou ass de Vic?“, huet op eemol dem Vic seng Mamm geruff, do ass de Vic erféiert an huet d’Gläichgewiicht verluer. Dat, wat duerno geschitt ass, ass a sengem Kapp e grousst Duercherneen.
Elo, eng Woch méi spéit, huet de Vic seng riets Hand am Gips. Mat sengem neie Vëlo ass en nach keng eenzeg Kéier gefuer an de Raph däerf eng Zäitchen net méi virun d’Dier. Déi zwee hu sech just eemol gesinn, well de Raph sech bei him huet missen entschëllegen. De Vic ass awer guer net rose mam Raph, a mat him géif hie sech net sou langweilen.

„Du hues jo onbedéngt missen de Bello markéieren“, seet seng Mamm, wéi hien eng Grimass schneit. „Elo wësst dir, wéi geféierlech dat ass.“
De Vic ass sech sécher, dass dat déi latzegst Grouss Vakanz vu sengem Liewe gëtt.
„Wann ech muer rëm schaffe ginn, bréngen ech dech bei d’Tatjana, hatt passt déi nächst Zäit op dech op. Ee Gléck, dass hatt grad tëscht zwee Projeten ass a gutt Zäit huet, soss hätte mir lo e Problem wéinst dengem Geturns.“
Hie seet zwar näischt, well seng Mamm nach ëmmer béis kuckt, mee de Vic freet sech iwwer dës Nouvelle. Beim Vic senger Tatta Tatjana ass et ni langweileg, si ass nämlech Kënschtlerin.
Den nächste Moien erlieft de Vic direkt déi nächst Iwwerraschung: Dem Tatjana säi rietsen Aarm ass och an engem Verband.
„Do huet et eis jo alleguer erwëscht“, seet hatt a weist riwwer op den Nadir, säi Frënd, dee wéi op Kommando den Aarm hieft. Och hien huet e Verband.
„Wat ass iech da geschitt?“, wonnert sech de Vic.
„Mir hunn eis gëschter vill ze fest en High-Five ginn. Dat häss de missen héieren, wéi dat geklaakt huet!“, äntwert d’Tatjana a mécht d’Beweegung mam lénksen Aarm no. De Vic ass sech net sécher, ob hien dat gleewe soll, mee senger Tatta traut hie villes zou.
Seng Mamm rëselt just de Kapp a seet, hie soll sech gutt schécken. Duerno mécht si sech op de Wee.
„Mee wa mir eis all wéigedoen hunn, wat maache mir dann de ganzen Dag? Et ass meganull, just eng Hand ze hunn!“
„Mir kréien d’Zäit schonn ëm. Mat lénks!“, laacht d’Tatjana a wénkt de Vic eran. „Ass et net sou, Nadir?“
„Ma jo, ech kann deng Hëllef gutt gebrauchen, Vic. Ech wollt dës Woch en neit Lidd schreiwen, mee mat enger Hand kann ech schlecht Gittar spillen. Wëlls du mir net hëllefen?“
„Ech?“ De Vic mécht grouss Aen. „Ech kann dach guer keng Gittar!“
Mee den Nadir dirigéiert hie schonn a Richtung vu sengem Musekszëmmer, wou hien eng Gittar, e Keyboard an nach sëllechen aner Instrumenter huet. Hien ass e richtege Profi; de Vic huet hie leschte Mount suguer mat senger Band op der Fête de la Musique gesinn.
„Mir maachen dat elo als Team!“, seet den Nadir an hëlt seng Gittar. „Ech drécken d’Bënn, fir déi richteg Téin ze kréien, an du schléis d’Säite mam Plektrum un.“
No e puer Versich, déi wierklech net gutt kléngen, wëll de Vic am léifsten opginn.
„Ech hunn eng Iddi! Ech zielen elo ëmmer: 1-2-3-4, 1-2-3-4. All Kéiers bei der Eent an der Dräi fachs du an d’Säiten, ok?“

Beim nächsten Ulaf geet et effektiv besser, sou lues fannen déi zwee hire Rhythmus. Tëschenduerch gëtt den Nadir nei Kommandoen, wéi zum Beispill, dass de Vic just déi zweet Säit soll spillen, an aus dem Geschrumms entwéckelt sech eng Melodie.
„Dat klappt jo wierklech!“, wonnert sech de Vic.
„Ma sécher, mir rocken dat mat lénks! Wosst de, dass ee vun de gréisste Gittariste vun allen Zäite un zwee Fanger e Stéck verluer hat?“
„Seriö? Mee wéi konnt hien da spillen?“
„Ma hien huet sech e ganz spezielle Stil ausgeduecht an doduerch eng ganz nei Museksrichtung erfonnt. E richtege Kënschtler fënnt ëmmer e Wee, sou wéi mir zwee haut!“
No enger Zäit kënnt d’Tatjana ran a seet, hatt wéilt eppes kachen, mee mat enger Hand wär dat schwéier. De Vic soll him kuerz hëllefen. Well si mat hiren zwou lénksen Hänn zimmlech limitéiert sinn, maache se Panecher, op déi zum Schluss gutt vill Gebeess kënnt.
„Wann ee kee Geméis schneide kann, muss een och keent iessen“, seet d’Tatjana a pëtzt en A zou.
Duerno maache si all zesummen d’Spull a raumen d’Kichen. Wéi si fäerdeg sinn, seet d’Tatjana, hatt hätt och e Projet, bei deem hatt Hëllef bräicht. Zu dräi gi si a säin Atelier, wou op engem Dësch eng Schossel, eng Wo, e Läffel, e puer flaach rechteckeg Formen an eng Tut mat wäissem Polver stinn.
Zesumme stelle si d’Schossel op d’Wo, schëdden dees wäisse Polver dran a vermëschen et mat Waasser, bis et e bësse wéi eng Crème ass. Mam Läffel fëllt de Vic dann e puer Fläpp an déi rechteckeg Formen a sträicht alles glat.
„Wat ass dat do dann iwwerhaapt?“, wëll hie wëssen.
„Gips.“
Scho rëm Gips! De Vic verzitt d’Gesiicht. Säit enger Woch leeft dat Wuert him no.
„Komm, du wäerts gesinn, dat gëtt gutt. Mir mussen dat just kuerz stoe loossen.“
Fir d’Zäit ëmzekréien, soll de Vic zielen, wat en an der Vakanz alles wëlles huet. Do denkt hien dann un all déi Saachen, déi hie wéinst deem blöde Gips un der Hand net ka maachen, an hien huet direkt rëm d’Flemm.
„Lo kuck net sou granzeg! Soss musse mir zwee och granzeg kucken, mir si grad sou wéi s du mat der Hand geplot.“
„Ech weess dach, dass dir just sou maacht, wéi wann!“
D’Tatjana an den Nadir kucke sech un a grinse béid.
„Huet dech dat da bis elo gestéiert?“
De Vic rëselt de Kapp.

„Eis och net, ganz am Géigendeel! A muer an iwwermuer wäerte mir och alles mat lénks maachen, genee wéi s du. Mir hu jo déi nächst Deeg genuch Zäit fir rauszefannen, wéi s du dech mat dengem Gips fills, wa mir op dech oppassen.“ D’Tatjana weist riwwer op d’Forme mam Gips. „Mee elo waart eise Projet op eis.“
Et ass am Prinzip einfach, wat d’Tatjana wëlles huet. E bësse freet sech de Vic souguer, ob hien dofir net ze al ass: Hie soll seng Hand an de Gips drécken, fir en Ofdrock ze maachen.
Wéi hie fäerdeg ass a riwwer bei den Nadir kuckt, gesäit hien nieft dem Handofdrock och nach e méi klengen Ofdrock am Gips.
„Wat ass dat do dann?“
„Dat ass mäi Plektrum“, äntwert den Nadir. „Dee gehéiert fir mech zu mengen Hänn.“
Duerno fält dem Vic op, dass seng Tatta mam Fangernol lauter kleng Musteren an de Gips gedréckt huet. Do verzitt de Vic nees säi Gesiicht.
„Wat ass da lass?“
„Bei iech gesäit dat sou flott aus, sou richteg wéi Konscht, an ech hu just eng langweileg Hand am Gips.“
„Hmm … langweileg … Hand am Gips …“ Am Tatjana sengen Ae fonkelt et. „Dat sinn zwou Saachen, déi dech grad rose maachen, oder?“
„E bëssen.“
„Da looss dat raus. Schlo an de Gips. Drätsch mat de Fangeren dran. Egal, wat s de wëlls, maach et!“
Dat léisst sech de Vic net zweemol soen: Flang, lant seng lénks Hand an deem mëlle Gips, deen no alle Säite sprutzt.
„Fills de dech elo besser?“
„Ech mengen, jo.“
„Da bass du elo de Star-Kënschtler!“
„Hä, well ech drageschloen hunn?“
D’Tatjana rëselt de Kapp. „Konscht ass, ze weisen, wat ee fillt. A Konscht hëlleft, ze verschaffen, wat engem geschitt. Si zielt eng Geschicht. Dat alles hues du grad gemaach: Du bass rosen, dass de dir wéigedoen hues, dat gesäit een. An du sees jo selwer, dass de dech elo besser fills. Däin Ofdrock ass wéi en ass, well s du dir wéigedoen hues, an e wäert dech drun erënneren, besser opzepassen. Du hues Konscht gemaach, Vic, an zwar mat lénks.“


De Luc François ass Auteur, Programméierer a Sänger mat enger grousser Virléift fir Phantastik a Geschichten, déi beweegen an inspiréieren. Meeschtens schreift hien op Däitsch a fir Erwuessener, zum Beispill de Roman Wasserstand (Kremart Édition) oder d’Kuerzgeschichtesammlung Hirngespinste und Silberstreife (Hydre Éditions), mee Ausname mécht hien och. Mat lénks natierlech.