Foto : Shutterstock/Eric Isselee/photomaster

NOMNOMNOM

11. November 2024

Eng Geschicht vum Larisa Faber a vum David Morgan, geschriwwe vum Larisa Faber

Et waren emol zwee Kaweechelcher: de Rocky, e rout Kaweechelchen, an den Gino, e grot Kaweechelchen. Allerbescht Frënn, zanter si konnten denken. Zesumme sinn si flénk iwwert d’Hecken an d’Beem gesprongen, op der Sich no de säftegsten Nëss. KRACKSSS hunn si d’Nëss mat hire spatzen Zänn opgebrach an NOMNOMNOM hunn si d’Nëss gefrupst. Mee keng Noss wäit a breet war esou lecker a säfteg ewéi d’Nëss vun der Madamm Casagrande hirem Nëssert. Et gouf just ee Problem: Wann d’Madamm Casagrande eppes net ausstoe konnt, da waren dat Kaweechelcher.

„Glorifizéiert Raten!“, huet si getoobt, a mat faulen Äppel op d’Kaweechelcher gehäit.

„Ech loossen de Pepe op iech lass!“, huet si gedreet. De Pepe war der Madamm Casagrande hire Papagei, e risegt Béischt mat bloen a roude Plommen.

„RRRRATEN! RRRRRATEN!“, huet de Pepe gebläert an sech op d’Kaweechelcher gestierzt. Dofir huet kee Kaweechelchen sech méi op den Nëssert vun der Madamm Casagrande gewot.

Bis op eemol e ganz komeschen Hierscht mat ganz wéinegen Nëss koum. De Rocky an den Gino hate säit Deeg net vill ze räissen an ze bäissen, an hire Mo huet nawell staark gegrommelt: GRRRRRR. Just an engem Gaart huet alles gebléit: bei der Madamm Casagrande.

Foto : Shutterstock/Eric Isselee/photomaster

Den Nëssert stoung stolz do wéi ëmmer, mat säfteg-grénge Blieder a fetten, leckeren Nëss. Enges Daags hunn de Rocky an den Gino sech mat enger butzegklenger, batterer Noss geplot, déi si anzwousch an engem Kulang fonnt haten.

„O jee. Dann ass et eebe sou. Il ne faut pas faire la fine bouche, soen d’Fransousen“, huet den Gino gepiipst.

„In der Not schmeckt jedes Brot, soen di Däitsch“, quiitscht de Rocky, an NOMNOMNOM ass hinnen déi batter Noss d’Strass erof gaangen. Beurk! Wat eng Katastrof.

„Esou kann dat net weidergoen! Schluss mat de batteren Nëss!“, hunn d’Kaweechelcher sech geduecht.

Et konnt net sinn, datt do der Madamm Casagrande hire säftegen Nëssert stoung a si sech hei mat engem eidele Mo geplot hunn. Iergendwéi misst et dach méiglech sinn, op den Nëssert ze sprangen, ouni datt de Papagei Pepe si erbléckst. A souguer wann d’Madamm Casagrande de Pepe op si géif lassloossen, d ’ Zäiten hate sech geännert! A wann et haart op haart sollt kommen, krit den topege Pepe eng op d’Noss! Mat sengen eegenen Nëss!

Et war schonn Zäit fir d’Owesiessen, wéi de Rocky an den Gino iwwert d ’ Gaardepaar t vun der Madamm Casagrande geklotert sinn: de perfekte Moment.

D’Madamm Casagrande an de Pepe waren an der Kichen an hunn sech eng gutt Zopp schmaache gelooss. Op der Tëlee ass den Nussknacker gelaf, e Ballet mat klassescher Musek.

„Eng Provokatioun!“, hunn de Rocky an den Gino fonnt.

„Eise Mo ass eidel, an hiren Nëssert däerfe mir net, a si kucken ausgerechent den Nussknacker!“ Dat do goung elo wierklech ze wäit; et war un der Zäit fir hire Plang. Realistesch wieren dräi bis véier Nëss. Mat ganz vill Gléck vläicht sechs, siwen. D’Kaweechelcher konnten entweeder Nëss plécken oder Nëss vum Buedem opsammelen.

Plécke géif méi laang daueren an d’Äscht kéinten sech beweegen, wat de Pepe sécher géif mierken. Mee fir d’Nëss vum Buedem opzerafen, misst ee bis bei d’Kichendier hopsen, wou d’Madamm Casagrande mat hire faulen Äppel an hirem gaschtege Papagei si kéint gesinn.

„Mir gräifen op alle Fronten un: Du plécks d’Nëss“, sot den Gino, „an ech sammelen se vum Buedem op.“ An ZACK! ass de Rocky op den Nëssert gesprongen an den Gino bis bei d’Kichendier. Nach ni waren eis zwee Kolleegen esou opgereegt, esou ausser Otem: HOPP HOPP HOPP vun engem Aascht op den aneren. Séier huet de Rocky dräi fett Nëss gepléckt an sech d’Bake vollgestoppt. AAAAHH, huet den Gino de Mond grouss opgerappt a véier fett Nëss dragestach. An elo, schnell zréck!

Mat vollem Mond HOPP HOPP HOPP – mee dunn, grad wéi si gemengt hunn, hir Aktioun wier en Erfolleg, héiere si vu Wäitem RRRRAAAATEN!!! De Rocky an den Gino haten sech knapps ëmgedréint, du koum schonn de Pepe mat Karacho op si duer geflunn an huet si gepëtzt, bis hinnen all d’Nëss aus dem Mond gefall sinn. De Pepe ass mat stolzer Broscht zréck bei d’Madamm Casagrande geflunn. Den Gino an de Rocky konnten sech esou just nach iwwert d’Gaardepaart op den Trottoir retten.

Wat e Fiasko! RRRAAATTENN!!, héieren si de Pepe vu Wäitem nach blären, wéi wann dat Béischt ës net genuch géif domat kréien, si ze vernennen. RRRAAATEENN!!

Foto : Shutterstock/Potapov Alexander/Eric Isselee/Passakorn Umpornmaha

Mee de Rocky an den Gino wieren net de Rocky an den Gino, wann si esou séier géifen opginn.

Dat doten huet Konsequenzen!“, huet de Rocky getoobt, och wann him alles wéigedoen huet.

„Dat loosse mir ons net gefalen!“, huet den Gino gepiipst an sech de Kapp geriwwen, wou de Pepe hie gepëtzt hat. Déi zwee Kaweechelcher hunn d’Käpp zesumme- gestreckt an eng zolitt Revanche geplangt: Vun der däischterer Nuecht wollten si profitéieren, fir sech sämtlech Nëss ze kropen.

An zwar net just zwou oder sechs Nëss, mee ALL d’Nëss. Net eng sollt herno nach um Bam hänken oder ënnen an der Wiss leien. An domat net genuch! All d’Kaweechelcher aus der Noperschaft hunn si zesummegetrommelt. Flénk wéi d’Kazen an der Nuecht sinn d’Kaweechelcher rëm iwwert d’Gaardepaart geklommen. Si hu gelauert, bis de Pepe an der Kiche geschnaarcht huet an d’Luucht uewen an der Madamm Casagrande hirer Kummer aus war. Sech owes an de Gaart ze schläiche war net ouni Risiko. Bei all Beweegung konnten d’Luuchten automatesch ugoen, de Pepe waakreg maachen, a scho wier et rëm ëm si geschitt. Mee de Rocky an den Gino haten esou eng Roserei am Bauch, datt si bereet waren, alles op d’Spill ze setzen.

Et war schonn ëm Mëtternuecht, keng Séil wäit a breet. De Rocky an den Gino ware prett fir hir Aktioun. Op eemol hunn si eng däischter Gestalt erbléckst: Do, an der Kichen! Wéi e Schiet ass se laanscht de Frigo geschlach. A PATSCH! huet d’Gestalt dem Pepe eng op d’Noss gehaen, datt dee wéi eng Popp, komplett k. o. vun senger Staang bei der Kichefënster op de Buedem gedonnert ass: BÄMM!

„En Abriecher!“, huet den Gino gepiipst.

„ Eng gutt Tak tik , f ir de Pepe ze neutraliséieren. Misste mir ons mierken“, huet de Rocky fonnt. Uewen an der Kummer vun der Madamm Casagrande ass d’Luucht ugaangen. De Rocky an den Gino hunn si gesinn zur Fënster erausluussen.

„Si huet näischt entdeckt. Kuck, lo geet si nees schlofen“, sot de Rocky.

„So“, huet den Gino gepiipst, „ech mengen, dat doten ass seriö. Mir sollten hinnen hëllefen.“ De Rocky war sech net esou sécher. Hie wollt keng vum Abriecher op d’Noss, an ausserdem:

„Bof. Mir wollten si jo och beklauen.“ Mee den Gino huet net noginn. An esou koum et, datt aus der Revanche-Aktioun eng Rettungsaktioun ginn ass: D’Kaweechelcher hunn sech d’Bake voll Nëss gestëppelt, sinn ëm d’Haus gelaf wéi Sprint-Weltmeeschter, duerch déi oppen Hausdier, bis eran an d’Kichen, wou de Pepe rëm lues zou sech komm ass, a gemeinsam — de Pepe, de Rocky, den Gino plus all d’Kaweechelcher aus der Noperschaft — sinn se dem Abriecher nogerannt. De Pepe huet RRRRAAATEEENN!! gebläert, well dat dat eenzegt Wuert an sengem Vokabular war, just datt en dës Kéier net de Rocky oder den Gino mat sengem spatze Schniewel ugegraff huet, mee den Abriecher. De Rocky an den Gino hu mat aller Kraaft Nëss op hie gehäit.

Foto : Shutterstock/KOMTHONG-APEC/Aleksandr Veremeev

PATSCH! PATSCH! PATSCH! huet et Nëss op den Abriecher gereent, dee komplett agekesselt war vun der gesamter Kaweechelcherstrupp. D’ Madamm Casagrande koum och nach mat enger zolitter Kierbiischt, an e puer Minutten drop stoung d’Police do. En absolutten an totalen Triumph op der ganzer Linn! De Pepe, d’Madamm Casagrande, de Rocky an den Gino hunn sech ugekuckt, ganz ausser Otem, a geschmunzelt: den Ufank vun enger onerwaartener Frëndschaft!

Vun do u war all Kaweechelchen ëmmer am Nëssert vun der Madamm Casagrande wëllkomm.

Am Hierscht konnt een déi véier Kolleegen ëmmer am Gaart gesinn, wou si sech Nësskuch a frësch Nëss gutt schmaache gelooss hunn: NOMNOMNOM. RRRAAATEENN!!, hu si all mat vollem Mond gebläert an d’Nëss genoss, iwwerdeems den Nussknacker op der Tëlee gelaf ass.

NOMNOMNOM!

Andere Artikel