Normalerweis fléien Hexen op engem Biesem, an net op enger Gittar
9. April 2025Eng Geschicht vum Cosimo Suglia
1) Normalerweis fléien Hexen op engem Biesem, an net op enger Gittar
Op engem Biesem kann ee sëtzen, op enger Gittar ass dat onangeneem.
Dofir setzt sech d’Ajša net op seng Gittar, mee stellt sech drop. Wat immens gutt ass fir d’Ajša, well dann huet hatt d’Hänn fräi. Hatt brauch seng Hänn. Hatt muss oft a seng Faassposch gräifen.
Ech weess, Faassposch ass e komescht Wuert. D’Ajša huet dat Wuert missen erfannen, well et op Lëtzebuergesch kee Wuert fir seng Posch gouf.
Dem Ajša ass opgefall, dass dat normal ass zu Lëtzebuerg. Du weess net, wéi e Wuert op Lëtzebuergesch ass, oder d’Wuert gëtt eteinfach net? Dat ass kee Problem! Et geet duer, d’Wuert op eng Sprooch ze soen, déi s de kenns, a paff!, versteet een dech! Oder, watnach méi krass ass, iwwersetz d’Wuert einfach! Also, wuertwiertlech!
E Mille-Feuille gëtt en Dausendblat oder Dausenblieder, egal, Haaptsaach, et schmaacht.
„Whoa, dat Buch ass blöd“, sot de Walter eng Kéier an der Paus. De Walter huet sech wéinst dem Buch geschuddert.
„Du bass ume Domm“, sot den Tiago an alle béid hu se gelaacht.
Dat ass wéi Magie. E richtegen Zaubersproch.
Also huet d’Ajša seng Posch eng Faassposch genannt, net well se géif ausgesinn wéi e brongt, ronnt Faass, mee well et engPosch ass, déi alles faasst. D’Ajša strëppt se iwwert d’Schëller. Hatt huet d’Posch mat Stären a Kristaller dekoréiert. D’Posch assonendlech grouss bannendran. Esou grouss wéi en Universum!
D’Ajša freet dacks: „Bass de hongereg?“ an oft äntwert de Malik: „Jo.“
Dat ass normal, well de Malik ass ëmmer hongereg. Hie spillt Rugby, dofir muss e vill iessen. Da kritt e vill Muskelen.
„Wat ech méi schwéier sinn, wat een anere mech manner gutt vun der Plaz ka réckelen,“ seet de Malik.
„Interessant,“ seet de Walter. „Dat nennt ee Physik. Wat eppes méi schwéier ass, wat ee méi Kraaft brauch, fir et ze réckelen.“
D’Ajša verléiert sou lues de Fuedem.
Hatt wullt an der Posch an zitt eng Kartongskëscht mat enger Pizza eraus.
„Déi ass jo nach waarm“, seet de Malik an hëlt sech e Stéck.
Op der Pizza ass Brokkoli, mee dat stéiert de Malik net. Hien huet Brokkoli gären. Hien huet alles gären, wat gréng ass.

Dofir huet de Malik och d’Ajša gären. D’Ajša ass net nëmme cool, mee hatt huet gréng Hoer an och e gréngen Daum. Alsowuertwiertlech, dem Ajša säin Daum ass gréng. All Hexen hunn esou een, hat d’Ajša erkläert. Esou erkennt een si. Et ass d’Wuerzel vun hirer Zauberei.
D’Ajša benotzt deen Daum och, fir Gittar ze spillen. Hatt wëll eng Punkband grënnen. Hatt wëll ronderëm d’Welt reesen a virun Tonne Leit Musek maachen.
„Ech wëll op Tokyo, da Sarajevo, da London,“ seet d’Ajša. „Da Berlin, a Rabat, a Praia, a Paräis als nächst.“
„Du brauchs awer nach méi Leit an denger Band“, seet de Malik mat vollem Mond.
„Ech weess dat jo, du Noss“, äntwert d’Ajša.
„Ech hunn dat net béis gemengt, Ajša.“
De Malik ësst nach e lescht Stéck Pizza. „Ech sinn alt eeben e Realist“, seet hien.
„An ech sinn en Dreemer, Malik. Du och, ech erkennen dat“, seet d’Ajša.
De Malik dréint de Kapp fort.
D’Ajša freet: „Wat wëlls de ginn, wann s de grouss bass?“
„Rugbyspiller“, seet hien.
„Ligener“, äntwert d’Ajša.
D’Ajša huet Recht. De Malik huet Rugby gären, mee et deet him vill ze wéi. De Malik wëll eppes ganz aneschters maachen, am Fong. Hie muss dem Ajša elo säin Dram verroden. Et soll een zu sengen Dreem
stoen, se verdeedegen an ëmmer an oft dru gleewen. Souguer wann et engem säin Dram ass, keen Dram ze hunn!
„Ech wëll Gäertner ginn“, seet de Malik, houfreg a sécher.
„Gäertner?“, freet d’Ajša verwonnert.
„Jo, Gäertner“, an elo fléisst et nëmmen esou aus dem Malik eraus.
„Ech wëll, dass Beem bis an den Himmel wuessen. Ech wëll, dass d’Stroossen net méi gro vu Bëtong sinn, mee datt sigréng sinn. Genee, gréng wéi …“
De Malik stoppt fir ee Moment.
„Gréng wéi wat, Malik?“, freet d’Ajša.
„Gréng wéi deng Hoer“, seet hien. „Ech wëll, dass Sonneblummen am Wand schwéngen. Ech wëll, dass Heelwuerzelen de Kapp hänke loossen. Dass Mirabellen a Kiischten Taarten an d’Bäich vu faarwege Villercher fëllen. An ech wëll, dass jiddereen an de Kroune vu Beem lieft.“
„Du wëlls villes“, seet d’Ajša a laacht.
„Weess de, Ajša,“ seet de Malik, „wann ech beim Rugby an d’Gras falen, ass dat fir mech dat Bescht.
Wann ech d’Gras richen an et meng Kleeder gréng fierft, fillen ech mech wuel. Heiansdo wënschen ech mir, ech wier selwer e Bam. Da kéint ech al a grouss ginn, a bis an den Himmel wuessen.“
Eng Paus. De Malik schnaapt no Loft. Hien huet sech elo e bëssi vill opgereegt, opgereegt mat Freed an Dreem.
D’Ajša streckt him d’Hand dohin. „Okay, ech hëllefen dir“, seet hatt.
„Wéi dat dann?“ freet de Malik.
„Dat wäerts de gesinn. Gëff mer d’Hand,“ seet d’Ajša a säi gréngen Daum fénkelt liicht an der Luucht, wéi de Panzer vun engem Kiewerlek.
„Okay“, seet de Malik. Hien héiert, wéi eng Bei laanscht säin Ouer flitt. De Malik hëlt dem Ajša seng Hand.
„Du muss mir just eppes verspriechen“, seet d’Ajša a kuckt dem Malik an d’Aen.
Elo eréischt mierkt de Malik, wéi gréng dem Ajša seng Ae wierklech sinn.
„Du léiers Batterie a gëss Deel vu menger Punkband!“
De Malik versteet, dass d’Ajša et seriö mengt. Dem Ajša seng hell a gréng Hand gesäit esou kléng a senger grousser, donkeler Hand aus.
„Versprach“, seet de Malik.
„Gutt“, seet d’Ajša.
2) „Net esou séier, Ajša!“
De Malik hält sech esou fest um Ajša u wéi et geet. Hien huet den Trick mam Gläichgewiicht nach net eraus.
Normalerweis flitt d’Ajša jo och eleng op der Gittar. Normalerweis!
„Nee, soss verléiere mer de Schwong“, äntwert d’Ajša a leet sech no vir.
Si fléie grad iwwert d’Stad.
„ Du wëlls dach, dass däin Dram Wierklechkeet gëtt, Malik, oder?“
„Jo, mee dach net direkt.“
„Papperlapapp, elo oder ni.“ D’Ajša mécht d’Faassposch op.
„ Et ass eng Tonn Som hei dran. Mir verstreeën deen elo iwwert d’Stad.“ D’Ajša gräift an d’Posch.
De Malik traut sech d’Ajša lasszeloossen, obwuel hien nach Jelli an de Knéien huet. Hie gräift och an d’Posch an zitt zweeGräpp voll Blummesom eraus.
„A lass!“, seet d’Ajša. D’Gittar flitt virun an de Malik fält bal no hannen.
De Malik an d’Ajša streeën alle béid Käre ronderëm, déi lues eroffalen.
E puer Leit an der Stad wonnere sech, wat an der Loft flitt. Anerer mengen, dass et eng nei Zort Reen wier. E Grappvoll Männer, déi grad op der Terrass vun engem Café sëtzen, gi rosen, well elo lauter kleng Kären an hirem Espresso schwammen.
„Gutt, Malik, elo ass et souwäit“, seet d’Ajša.
D’Ajša stréckt d’Äerm aus, hält d’Loft un, waart e bëssi a klappt da fest an d’Hänn.
Ee Moment laang passéiert näischt. Jiddereen ass roueg, souguer d’Männer mat hirem Kärenespresso.
Op eemol wackelen déi éischt Paweesteng an de Stroossen. Se wackelen a rësele sech, bis eng Wuerzel drënner erauskënnt. Eng Fra ass opgesprongen, well se geduecht hat, et wier eng Schlaang.

Déi Wuerzele ginn ëmmer méi grouss, ëmmer méi déck, a si verknujelen sech aneneneen, schrauwen sech d’Luucht aus, bis seBeem ginn. D’Fënstere vu geparkten Autoe gi futti an aus dem Auto eraus wuessen eng Rëtsch Blummen: Däiwelsblat, Fléikraut, Giichtwuerzel an Härekraut. Et ass eng Decke vu Mof, Blo a Giel, déi sech iwwert de Buedem vun der Stad leet.
D’Kanaldeckele fléien an d’Luucht an eraus kënnt Waasser. Kee knaschtegt, brongt Waasser — nee.
Et ass glaskloert Waasser, wou scho Fësch a Fräschen a Kauzekäpp dra schwammen. Et fléisse Flëss aus de Lächer an der Strooss, déi sech een deen anere sichen a sech da matenee verbannen, wéi laang Äerm, déi sech mat der Hand huelen!

An den Ecke vun der Stad héiert een d’Grunze vu friddleche Wëllschwäin, déi um Buedem no eppes ze friesse sichen. D’Insektesummen a brummen, iwwerdeems d’Villercher päifen, bis hir Longen ausser Otem sinn!
Et richt no Kiwi a Mirabellen a Gromperen an Zelleri, an dat an allen Ecken a Stroossen a vun allen Diech, wéi wann de Stater Maart iwwerall ze fanne wier.
„Kuck“, seet d’Ajša a weist op e grousse Putsch Asteren, deen aus dem Huelen Zant wiisst.
De Malik, deen ass wéi d’Villercher och ausser Otem, an dat vum ganze Laachen, an dat Eenzegt, wourun hien denkt, ass, wéi eng Faarf hien seng Batterie gäre wéilt hunn. Mee d’Äntwert dorops ass einfach, an zwar: Gréng.
Hei kanns du allerguerten eis Geschichten liesen a lauschteren.