Pechgléck a Gléckspech
13. April 2026Eng Geschicht vum Betsy Dentzer. Illustréiert vum Tracy Heindrichs.
„Pappaaa!“ D’Charlie ass esou opgereegt, dass seng Stëmm sech bal iwwerschléit. A sou Momenter wëllt hatt am léifsten zéng Saache matenee maachen. Hatt wullt an der Jackettentäsch no sengem Hausschlëssel … mee esou e Geste soll ee besser net ze séier maachen. Seng Hand verléiert sech an der déiwer Täsch, de Stoft vun der Jackett verwurrelt sech, an op ee Mol ass hatt a senger eegener Täsch gefaangen an huet nach ëmmer kee Schlëssel fonnt. „Ech Quetsch! Kee soss stréckt sech a senger eegener Täsch un“, denkt d’Charlie a kuckt séier ronderëm, ob keen nokuckt. Hatt zitt a probéiert seng Hand lass ze kréien, mee de Stoft vun der Täsch wéckelt sech dobäi ëmmer méi fest ëm de klenge Fanger. „Dajee!“ grommelt hatt a rappt méi fest. Krrrtsch! Ups, dat ass e Lach ginn … schéine Pech, dat do!
Egal! Haut ass kee Pechdag, haut ass e Glécksdag, dat weess d’Charlie ganz genee. De Schlëssel ass natierlech an där anerer Täsch, an elo muss hatt en nach an d’Schlëssellach kréien. Dat ass net esou einfach, wann ee sech esou wibbeleg fillt ewéi d’Charlie haut. Et gëtt jo Leit, déi ganz relax an entspaant ginn, wa se glécklech sinn. Déi maachen dann d’Aen zou, ootme ganz déif an de Bauch, maachen „aaaaa“, a genéissen hiert Gléck. D’Charlie ass do eng ganz aner Glécklech-si-Kandidatin. Wann hatt glécklech ass, dann ass dat e Gefill, wéi wann Honnerte vu Seejomessen duerch säi Kierper géife bëselen; seng Fangeren, seng Hänn, seng Äerm a virun allem seng Féiss hopsen an danzen, seng Bake gi richteg gliddeg waarm a knallrout, an hatt géif am léifsten zéng Sätz matenee soen. Am léifste wéilt hatt dann e Bierg eroprennen a vun uewe bierelen: „Kuckt all op mech! Ech sinn d’Charlie an dee glécklechste Mënsch vun der Welt!“
Endlech spréngt d’Viischt Dier op, an d’Charlie trëllt mam Kapp no vir an de Gank eran.
„Hei, wee kënnt dann do erbäigekoplabunzt?“ Dem Charlie säi Papp Lucky steet schonn an der Kichendier. „Wann s du heem kënns, mengt een ëmmer, et kéim e ganzen Trapp Päerd gerannt. Haut waren et souguer Elefanten“, grinst hien.
„Pappa, stell der vir, ech sinn an der Finall vum Virliesconcours!“ platzt et direkt aus dem Charlie eraus, an hatt hopst esou wëll vun engem Fouss op deen aneren, dass d’Schongregal wackelt.
„Wooow, dat ass jo genial! Bravo, mäi Grousst, dat hues de wierklech verdéngt!“, freet de Papp sech mat a fiert dem Charlie duerch seng brong Krauselen.
„Jo, also, déi aner hätten et jo och verdéngt, ech hat einfach mega Gléck!“

De Pappa ronschelt d’Stier. „Firwat da Gléck? Mat Gléck huet dat wierklech näischt ze dinn.“

„D’Eva sot awer: ‚Du hues voll Gléck, dass du an der Finall bass!‘“ äntwert d’Charlie. „An dat ass et jo och … ech hat jo och der Boma hire Glécksbrénger an der Täsch!“ Hatt weist dem Pappa dat klengt Schwéngchen aus Sëlwer, dat d’Boma him matginn hat – „Hei, domat klappt et mam Liesen ewéi geschmiert“ – hat se dobäi gesot an him en A zougedréckt.
„Jo … dat mécht een eeben esou. Et gëtt een engem aneren eppes mat, fir em Gléck mat op de Wee ze ginn, mee eigentlech wëllt een domat soen: Du kanns dat schonn! An da gleeft deen aneren eeben drun, dass et geet, an doduerch geet et dann och. Dat huet näischt mat ‚Gléck‘ ze dinn, mee éischter mat Vertrauen a sech selwer! Weess de, Charlie, mat deem Gléck ass dat esou eng Saach …” seet de Pappa a setzt sech matzen am Gank op de Buedem. „Vläicht bréngt d’Eva et einfach net fäerdeg ze soen: ‚Bravo, gutt gemaach!‘ Hatt ass warscheinlech e bësse jalous. Wéi ech scho sot: Gléck war et net, du hues wärend Wochen all Dag heiheem geüübt a richteg vill geschafft. Gléck hues de héchstens, dass de an engem Land gebuer bass, wou s de kanns an d’Schoul goen … an dass deng Famill esou vill Bicher doheem huet.“
D’Charlie setzt sech nieft säi Papp op de Buedem. Hatt muss nodenken. „Du mengs, Gléck huet eppes mat Zoufall ze dinn?“
„Jo, genee! Glécksspill spillen zum Beispill. Et gëtt zwar Leit, déi soen, dat kéint alles ausgerechent ginn, mee fir all normale Mënsch, dee keng Loscht huet, jorelaang ze rechnen, huet Lotto virun allem mat Gléck ze dinn, ob ee gewënnt oder net. Kuck, do kënnt jo souguer mäi Spëtznumm hier.“

Et ass jo wouer! Dem Charlie säi Papp heescht eigentlech Luc. Wéi hien nach méi jonk war, hat en eemol zweedausend Euro an enger Lotterie gewonnen. An zanterhier nenne seng bescht Kolleegen hie ‚Lucky‘ … bis haut, obwuel en dono ni méi sou vill Gléck hat, op d’mannst net am Glécksspill. „An trotzdeem …“, denkt d’Charlie, „ech mengen, de Pappa ass ëmmer frou, dat ass och Gléck.“ Also, en anert Gléck … glécklech sinn, dat ass éischter e Gefill wéi en Zoufall. Also, ‚Gléck fillen‘, an net ‚Gléck hunn‘. Dacks huet dat eent näischt mat deem aneren ze dinn. Nëmme well een NET am Lotto gewënnt, heescht dat jo net, dass een onglécklech ass. Op d’mannst net fir laang. An heiansdo kann een och driwwer laachen, dass ee Pech hat. Wéi déi lescht Kéier, wéi d’Boma eng ganz Schossel mat Molbieren ëmgestouss hat an déi kleng Bullen duerch d’ganz Kiche gebonzelt sinn. Do hu se immens misse laachen, obwuel et eigentlech e bësse Pech war.
„A souwisou …“, seet de Pappa Lucky nach a steet nees op. „Gléck oder Pech … dat ass heiansdo och eng Fro vu wéi een drop kuckt. Sou, a lo ginn ech kachen.“
D’Charlie bleift am Gank sëtzen. Säi Kapp ass duercherneen. Dat lescht hat hatt elo net ganz verstanen. Entweeder huet ee Gléck oder Pech, do ännert sech dach och näischt drun, wann ee sech ariet, et wier ëmgedréint!
Mee do denkt d’Charlie op eemol drun, wat den Arjun gesot hat, wéi si d’Resultater vum Virliesconcours kritt haten: „Uff! Ech hat scho gefaart, ech géif an d’Finall kommen! Mir hunn nämlech dee selwechten Dag Fussballstournoi, an do wëll ech elo léiwer hin!“ War et dat, wat de Pappa gemengt hat?
Kuerz dono steet d’Charlie nieft sengem Papp an der Kichen. Deem si grad d’Gromperen an der Pan verbrannt, an hie kippt déi schwaarz Klompen an d’Dreckskëscht. „Pappa, ech weess lo, wat s du gemengt hues. Ech hunn eng kleng Geschicht erfonnt. Also, lauschter: Et war e Mann, deen ass beim Spadséieregoen iwwert e Stéck Holz gefall an de Rampli erofgerullt. Sou e Pech! Mee den Hiwwel war net sou géi, dofir ass hie just lues gerullt. Sou e Gléck! Ma wéi e bal ënnen um Hiwwel ukomm war, ass e mam Kapp widdert eng Këscht geknallt. Sou e Pech! Mee hei, et war eng Schatzkëscht! Sou e Gléck!“

De Pappa muss laachen „Genee sou, mäi Grousst. A kuck, ech hunn direkt nach e Beispill: D’Grompere si verbrannt, sou e Pech! Lo bestelle mer Pizza, sou e Gléck!“
Méi spéit am Mëtte sëtzt d’Charlie mat sengem beschte Frënd Yuki op der Trap virun hirem Appartementshaus. Hatt erzielt vun all deene Froen, déi hatt sech gestallt hat, iwwert Gléck a Pech a Glécklech-sinn an Onglécklech-sinn. „Dat ass scho komesch mat de Mënschen a mam Gléck. Eng an déi selwecht Saach mécht deen ee glécklech an deen aneren onglécklech. Dat ass, well mir all esou verschidde Liewen hunn.“
„Bass du da glécklech mat dengem Liewen?“ freet de Yuki.

Déi Fro huet d’Charlie sech bis haut nach ni gestallt. Hatt weess, wéi et sech ufillt, glécklech ze sinn … eeben déi Geschicht mam Vum-Bierg-erof-bierelen. Mee wann hatt sech et ganz genee iwwerleet, dann ass hatt eigentlech ganz glécklech driwwer, net déi ganzen Zäit glécklech ze sinn. Dat géif am Charlie sengem Fall guer net goen! Hatt denkt un all déi Momenter, wou hatt fuerchtbar glécklech ass … zum Beispill wann d’Summervakanz ufänkt, wa si Besuch kréien oder eeben un dee Moment, wéi de Schoulmeeschter him sot, dass hatt an der Final vum Virliesconcours wier. Nee, dat géif säi Kierper op laang Dauer net packen! De Bauch géif andauernd op an of hopsen a blubberen, d’Bake géife vu Waarm op Gliddeg op Net-auszehale schalten, an d’Been an d’Fangere géifen esou séier wibbelen, dass säi Kierper andauernd ënnert Stress wier … do géif hatt um Enn nach en Häerzinfarkt kréien! An dat wier wierklech Pech! Da géingen d’Leit sech erzielen: „Sou e Pech, dat aarmt Kand ass vu lauter Gléck gestuerwen!“ A spéitstens do bäisst d’Kaz sech selwer an de Schwanz, wéi d’Boma géif soen, fir ze soen, dass eppes net opgeet. Dat wier net logesch!
Warscheinlech wier et zwar ëmmer nach besser, vu Gléck wéi u Misär ze stierwen, mee schlussendlech ass d’Resultat dat selwecht: Et ass een dout. A wann een dout ass, huet ee jo näischt méi vu sengem Gléck. Dat eenzegt, wat him an de Kapp kënnt, ass doutONglécklech. Uuulala, wat en Duercherneen!
„Neee, dat wëll ech guer net!“ seet hatt zum Yuki. „Ech sinn einfach just gär déck zefridden … dat bréngt e bësse méi Rou!“
„Ech wënschen der trotzdeem vill Gléck am Virliesconcours“, äntwert säi Frënd. „Och wann et net esou vill mat Gléck ze dinn huet, well s du wierklech vill dofir geschafft hues … mee wann s de Pech hues, gëss de krank, an dann hues de och näischt vun dengem ville Schaffen.“
„Dat ass okee“, seet d’Charlie a leet dem Yuki d’Hand op d’Schëller. „E bësse Gléck kann all Mënsch gebrauchen … egal wéi. Soss wier ech dir jo net begéint.“
A wärend hatt dat seet, gëtt et him ganz e bësse waarm am Bauch … d’Charlie ass elo grad esou richteg déck zefridde mat sengem Liewen.

D’Betsy Dentzer ass Erzielerin an Theatermécherin mat enger besonnescher Passioun fir de jonke Publikum. Si steet mat hire Geschichten a Stécker op groussen a klenge Bünen uechter d’Land, mee och am Ausland, a schafft dobäi mat Kënschtlerinnen a Kënschtler vu ville verschiddenen Disziplinen zesummen. Reegelméisseg schafft si och mat Kanner a Jugendleche fir Erziel- an Theaterprojeten zesummen.
Foto: Véronique Kolber
De Virliesconcours ass en nationale Concours fir Kanner aus dem Cycle 4, dee vum SCRIPT organiséiert gëtt. D’Kanner liesen a verschiddenen Etappe bekannt an onbekannt Texter vir – an zwou Sproochen, déi si selwer wielen. Wann ee wëllt bis an d’Finall kommen, muss ee fir d’éischt a senger Klass an duerno a senger Schoul gewannen.