Schold a Scholden
15. September 2026Eng Geschicht vum Ian De Toffoli
Illustréiert vum Tracy Heindrichs
Ugefaang huet alles mat deem Neien. Nico war säin Numm, a seng Elteren haten e Buttek opgemaach, direkt ëm den Eck vun der Schoul. Et huet net laang gedauert, du si mer all Mëtteg direkt no der leschter Stonn do eragestierzt. Mir, dat heescht de Karel, d’Samira an ech. Am Ufank huet et eis komesch geschéngt, datt deen Neien och ëmmer do houng, bis mer verstanen hunn: Hie war do doheem.
Hien huet mir iergendwéi Leed gedoen, well an der Schoul hat hie keng Kolleegen, a soss huet een e just am Buttek gesinn. Ëmmer souz e mat engem Comic an engem Eck ze liesen. Vläicht koum en dowéinst no kuerzer Zäit mat senger Propos. Fir manner eleng ze sinn. Et war bestëmmt net schlecht gemengt, och wann doduerch alles op eemol komplizéiert ginn ass.
D’Geschäft vu sengen Eltere war gréisstendeels e Kreemchesbuttek. Et krut een e bësse vun allem, vu klenge Waasserfläschen iwwert Zännbiischten, Batterien, Séissegkeeten an Zeitungen. Am interessantste war awer déi hënnescht Mauer, wou op puer Rayone verdeelt d’Comic-Hefter, meeschtens déi aktuellst Geschicht vu Marvel an DC, an d’Figurinne vu Superhelden, Dinosaurier oder anere Fabeldéieren ausgestallt waren. An do drënner: d’Këschte mat de Pokémon-Boosteren. 7 Euro de Booster. An all Booster waren zéng Kaarten: sechs normaler, dräi extraer an eng selten, dat wosste mer allen dräi, de Karel, d’Samira an ech. Mir kruten net vill Täschegeld. 10 Euro d’Woch kruten d’Samira an ech jeeweils doheem, de Karel awer nëmme 5. Leeschte konnte mir eis also ee Booster an der Woch, an de Karel just een all zwou Wochen. Mee dann hate mer just dräi Euro iwwreg. Dat war eis awer egal, schliisslech goung et hei ëm eng nei Extension. Mir hunn déi missen hunn!

Den Nico hat dat matkritt. Hien hat gesinn, wéi mer ronderëm d’Boosterdisplays geschlach sinn. Hie wousst, datt mir Sammler waren, hien hat eis an de Pause géintenee spillen, an och heiansdo Kaarten tausche gesinn.
Enges Daags koum den Nico bei eis a sot: „Wann der mech heiansdo matspille loosst, da maachen ech iech eng speziell Offer. Dir kënnt sou vill Boosteren huele wéi der wëllt, an dir bezuelt zum Schluss vum Mount. Ech klären dat mat mengen Elteren.“
An der nächster Mëttespaus huet hien e puer Partië matgespillt. Hie war net mol e besonnesch gudde Spiller, mee ech mengen, dat war him egal. Seng Baken hu geglënnert vu Freed, just well hien d’Mëttesstonn mat eis verbruecht huet, a mir duechten ënnert eis, datt jo lo am Fong all Mënsch eppes vun der Saach hat.
No der Schoul si mir direkt an de Buttek gerannt. Mir haten ënnert eis ausgemaach: jiddweree kroopt sech fënnef Boosteren. Zum Schluss vum Mount géife mir dem Nico dräi mol 35 Euro ginn. Op enger Bänk virum Buttek hu mir se mat ziddregen Hänn opgerappt. De Karel huet gebläert, datt en hees ginn ass, wéi hien eng ganz seele Kaart a sengem drëtte Booster krut. Et war e gudden Dag.

De Mount ass verflunn, et weess een net wéi. D’Samira hat sech am beschten organiséiert. Di éischt Woch huet hatt sech 5 Euro vu sengem Täschegeld an de Portmonni gemaach – domat géif hatt lo e Mount eens ginn – an alles anescht op d’Säit geluecht. Ech hat ouni ze vill opzepasse viru mech hi gelieft, mir heiansdo eng Klengegkeet kaf, a wéi de Moment koum, den Nico ze bezuelen, hu mir 10 Euro gefeelt, wat awer net schlëmm war, duecht ech, well ech hat meng Elteren einfach gefrot, mer déi 10 Euro vun der nächster Woch scho virzestrecken. Wéi ech den nächste Mount mat 10 Euro manner géif packen, hunn ech mech net gefrot. Och de Karel huet, ouni ze zécken a mat engem breede Laachen, den Nico bezuelt. Mir hunn eis all keng Froe gestallt.
Den Nico war an der Tëschenzäit ee vun eis ginn. Et huet een eis säit engem Mount just nach zu véier gesinn. De Kaarteclub hu se eis genannt. „A, do kënnt de Kaarteclub!“ Eis huet dat näischt ausgemaach. Den Nico huet eis heemlech e puer Séissegkeeten aus dem Buttek matbruecht an der Mëttespaus, seng Eltere wäerte schonn näischt matkréien, sot en. Am Ufank vum zweete Mount huet hien eis d’Geschäft mat de fënnef Boosteren nach emol proposéiert. Mir hunn direkt jo gesot. Dës Kéier krute mer allen dräi seele Kaarten, di nach keen hat. D’Gléck war, sou huet et geschéngt, op eiser Säit.

Mee wéi et ëm d’Bezuele goung, zum Schluss vum Mount, ass eis opgefall, datt de Karel ganz bleech am Gesiicht war. Hien huet laang a senger Täsch no de 35 Euro gesicht, éiert en se dem Nico an de Grapp gedréckt huet. Ech hat et gemaach wéi d’Samira: Ech si mat fënnef Euro de ganze Mount duerkomm, an hu mer rëm 10 Euro vu mengen Eltere virstrecke gelooss. Mir hunn eis ugekuckt. D’Samira huet virsichteg gefrot: „Karel, ass alles an der Rei?“ Hien huet mam Kapp gewonk a sot, hie misst lo op de Bus.
Den Dag drop, wéi den Nico gefrot huet, ob mer den Deal nach eng Kéier géife matmaachen, huet de Karel ugefaang mat kräischen. Einfach sou. Mir hunn näischt méi verstanen. Ënner Tréinen huet hien zouginn, datt hien an enger Situatioun wär, aus där hien net wéisst, wéi erauskommen. An hie kéint net mat sengen Elteren driwwer schwätzen, well déi soss sécher géife béis ginn an hie bestrofen. „Ech wollt einfach just och meng fënnef Boosteren, sou wéi dir zwee.“

„Wat ass geschitt, Karel, ziel eis! Mir sinn dach deng Frënn! Am Kaarteclub gëtt zesummegehalen.“
„Ma dir wësst jo, datt ech manner Täschegeld kréien”, sot de Karel mat enger klenger Stëmm, „meng Eltere liewen eebe spuersam, well hei am Land alles sou deier kascht. Ech hat keng 35 Euro zum Schluss vum Mount. Ech hat 5 Euro ausginn, ech weess net wéi, also hat ech just nach 15 Euro iwwreg, an hu missen un 20 Euro kommen. Ech hat héieren, datt de Billy, aus eiser Klass – all Mënsch weess, datt seng Eltere räich sinn an hie kritt, wat e wëllt – scho mol anere Kanner aus eiser Klass Sue geléint huet, wann ee mol näischt hat, fir sech e Comic-Heft ze bezuelen. De Billy huet mir déi 20 Euro ginn, mee ech muss him se zeréckbezuelen, an dat mat Zënsen! Hie sot, wann hie scho misst Bank spille fir déi Aarm aus der Klass, misst hien och eppes dovun hunn.“

„Wat en Eekel“, sot d’Samira.
„Wat sinn Zënsen?“ hunn ech gefrot.
„Ech muss dem Billy all Woch dräi Euro zeréckbezuelen, wärend aacht Wochen.“
Ech war paff. „Mee dann hues de um Enn … 24 Euro bezuelt! Sou vill hues de jo guer net kritt!“
„Majo, 20 Euro, plus véier Euro Zënsen. Vu menge 5 Euro Täschegeld an der Woch hat ech der also nach 2. Déi hunn ech gespuert, hu mer guer näischt kaf, an hat dunn 8 Euro iwwreg, nom éischte Mount.“
„O nee, an dunn hu mer eis nach emol fënnef Boostere bestallt!“
Den Nico huet op de Buedem gestuerkt. Hien hat geduecht, e géif eis mat sengem Deal e Gefale maachen. Mee lo war et éischter de Géigendeel.
„Ech hunn de Billy nach eng Kéier no Sue gefrot“, sot de Karel, an d’Tréine sinn him rëm komm. „Dës Kéier fir 27 Euro. Hien huet mer se direkt ginn.“
Ech hu kuerz misse rechnen. De Karel hat also 12 Euro zeréckbezuelt, an der nach 12 ze bezuelen, an dunn huet en nach eng Kéier 27 Euro Scholde gemaach. Also 39 Euro. „A wéi vill Zënse muss de dës Kéier bezuelen?“
„De Billy hätt gär 6 Euro d’Woch, wärend zwee Méint. 48 Euro am Ganzen. Déi hunn ech awer net. Ech kréie jo just 5 Euro an der Woch vu mengen Elteren.“
„Jo, mee, Karel, hues du dann net nogeduecht?“, ass et mir entwëscht.
„Ech hat och d’Recht op fënnef Boosteren! Sou wéi dir!“
„Ma nee, has de eeben net, du häss misse wëssen, datt dat net geet. Wat méchs de da lo? Also, vu mir kriss de keng Hëllef!“
D’Samira huet mech rose gekuckt. „Wat soll dat? Ech duecht, am Kaarteclub gëtt zesummegehalen! Ech schloe vir, mir kafe lo keng Boostere méi an hëllefen dem Karel, seng Schold ofzebezuelen.“
„Op kee Fall! Muss ech fir deenen aneren hir Feeler astoen?“
„Wann de Billy net sou horrend héich Zënse géif froen, wéi wär et vläicht domat? Weem seng Schold ass dat hei? Dem Karel seng, dee just wollt mat eis mathalen? Dem Nico seng, mat sengem Deal? Dem Billy seng, dee giereg ass, oder vläicht souguer eis Schold, well mir, egoistesch wéi mer waren, net verstanen hunn, datt de Karel net an der selwechter Täschegeld-Situatioun ass wéi mir?”
De Kaarteclub hat seng lescht Partie gespillt. Ech si rose fortgelaf. Och den Nico ass heemgaangen. Di nächst Deeg hu mir an der Klass net matenee geschwat. Mee dem Samira seng Wierder si mer owes virum Aschlofen net aus dem Kapp gaangen. Hatt hat Recht. Di Saach war komplizéiert. An et war e bëssen d’Schold vun eis all. An dunn hat ech op eemol eng Iddi.

No enger Woch, wéi de Karel déi éischt Tranche vu senger Schold un de Billy zeréckbezuele sollt, hunn ech virun der éischter Stonn deenen aneren dräi en Ziedel op d’Bänk geluecht. Op deem Ziedel stoungen dräi Punkten:

1. Sou héich Zënse sinn iwwerdriwwen. Mir gi mam Billy schwätzen.
2. De Karel bezilt de Billy zeréck, mee mir leeën all Woch eppes bäi, da geet et méi séier.
3. Manner Boostere kafen, méi Kaarten tauschen ënnert eis.
PS: Am Kaarteclub gëtt zesummegehalen.

Wéi wär et mat enger Partie, muer an der Mëttesstonn?
© Alain RischardAuteur
Ian De Toffoli
De Ian de Toffoli (gebuer 1981) schreift virun allem Theaterstécker, an deenen et ëm aktuell Problemer vun der Gesellschaft geet. Dacks thematiséiert hien den Ëmgang mat Suen an d'Fro, ob d'Suen an der Gesellschaft gerecht verdeelt ginn. Meeschtens schreift hien op Franséisch, mee hie mëscht och gären d'Sproochen.
© Marc WilwertIllustratioun
Tracy Heindrichs
D'Tracy Heindrichs ass ursprénglech Journalistin, mee schafft och als Illustratorin an an der Kommunikatioun. Si huet ënnert anerem de Petit Martin - Franséisch fir doheem illustréiert, a schreift an hirer Fräizäit mol gäre selwer déi eng oder aner Geschicht.
👉 Méi Informatiounen iwwer d’Magazin fannt Dir hei: www.piwitsch.lu/geld