Wann d’Van wanne kann …
20. September 2026Eng Geschicht vum Christiane Kremer
Illustréiert vum Tracy Heindrichs
„Hey, Van, bass de platt? Kriss de dat hin?“ Den Tiago bremst nieft dem Vanessa. Dat huet säi Vëlo grad op der Kopp stoen an dréit um hënneschte Rad.

„Jo, dat geet“, äntwert d’Vanessa séier a paakt säi Geschier aus der klenger Posch aus, déi et am Rucksak huet. Hatt ass, wéi ëmmer, als Éischt mam Vëlo an der Schoul ukomm. Da kann et séier an de Schoulsall goen a muss dat ganzt Geschwätz iwwer déi neist Kleeder, déi coolst Lidder an déi flottst Staren net lauschteren. Mee haut geet dat net, ausser et léisst de Platte Platte sinn.
„Du waars wuel nees am Bësch.“ Den Tiago trëppelt Richtung Entréesdier.
Jo, d’Vanessa war nees iwwer d’Weeër am Bësch an duerch d’Felder gefuer. Sou wéi beim richtege Cyclocross. Dat ass seng Welt: Wëll duerch d’Natur an um Enn ëmmer voller Bulli. Wéi d’Christine Majerus, säi grousst Virbild. Den Ament ass kee Bulli, et huet zënter Deeg net gereent. Mee et huet sech eppes Spatzes an dem hënneschte Pneu verfaangen.
„O Vanessa, muss du erëm um Vëlo kniwwelen? Maach der däi schéint Gezei net knaschteg!“ D’Liv kuckt vun uewen erof op seng Schoulkolleegin. „Kuckt, Meedercher, d’Van huet sech besonnesch erausgefiizt. Schwaarzen T-Shirt, schwaarz Jeansbox, groen Hoodie an eng däischter Kap op deene kuerzen Hoer. Wat e gudde Goût!“
„Et muss dir jo net gefalen“, äntwert d’Van.
„Neen, et gefält mir och net. Gefält et iech, Meedercher?“
„Guer net …“, d’Frëndinne rësele just de Kapp.
„Kommt elo“, rifft den Tiago. „Mir kréien nees eppes matgedeelt.“ D’Vanessa an den Tiago si gutt Frënn an hunn déi selwecht Intressien: vrun allem Sport an Technik. Un Apparater kniwwelen oder Experimenter probéieren, dat ass hires. D’Vanessa, iwwerall Van genannt, ass kee Meedche fir Poppen a Ballet. Muss et jo och net. Fannen och seng Elteren.
„Wat kréie mer dann elo nees verbueden?“
„Mir duerfe jo geschwë guer näischt méi.“
Et ass vill Opreegung am Klassesall. D’Schüler an d’Schülerinnen erënnere sech nach all gutt un déi lescht Kéier, wou se gesot kruten, datt et verbuede wier, den Handy mat an d’Schoul ze bréngen. Dat hätt de Minister decidéiert.
„An dat alles, well déi Erwuessen den Handy och net dierfen am Auto hunn“, mengt d’Liv ganz verbruet.
„Vläicht musse mer vun elo un eng Schouluniform undoen?“ D’Zafira kuckt déi aner aus der Klass.

„Wéi dem Van seng Kleeder: schwaarz mat Schwaarz a Gro …“, laacht d’Anja.
„O mei. Ass d’Van iwwerhaapt e richtegt Meedchen?“, freet d’Milena.
„Ganz witzeg!“, denkt d’Vanessa.
Da steet d’Joffer vrun der Klass.
„Gudde Moien. Ier mer haut ufänken, hunn ech iech eppes ze soen. Et ass festgestallt ginn, datt dir jonk Leit iech ze wéineg beweegt. Dat ass schlecht fir är kierperlech Entwécklung a fir är Gesondheet. Dir sëtzt just dorëmmer.“
„Dat hätt Dir jo awer gär, datt mer roueg sëtzen an der Schoul“, rifft de Bo. „Wien ze wibbeleg ass, gëtt direkt zeréckgepaff. Oder muss bei de Psycholog.“ Alles laacht.
„Dir sëtzt och soss ze vill – an der Paus oder doheem. An ëmmer viru klengen a grousse Schiermer.“
„Buuu – stëmmt dach guer net.“
„An dofir … organiséiere mir an der Schoul e grousst Sport-Turnéier fir all d’Klassen.“
D’Begeeschterung ass gedeelt. Déi eng freeë sech, déi aner sinn entsat.
„Gutt, fält dann d’Mathé aus?“
„O Gott, Sport! Musse mer do matmaachen?“
„Dir maacht all mat. Et ginn Ekippen opgestallt. Gëtt et dozou Froen?“
„Jo“, d’Liv hëlt direkt nees d’Wuert. „Maache mer dann elo Jongen- a Meederchers-Ekippen oder all an eng – sou Unisex, wéi bei den Toiletten? Dat wollt de Minister dach och.“
Et gëtt erëm haart gelaacht.
„An all Ekipp solle Jongen a Meedercher sinn. Et duerf een awer decidéieren, bei wéi enger Sportaart ee matmécht. Sech beweege soll och Spaass maachen.“

„A wie setzt d’Ekippen zesummen?“
„All Klass mécht dat fir déi verschidde Sportaarten. E Freideg de Mëtteg sinn déi éischt Matcher. Mat Fussball geet et un. Nieft der Coupe fir d’Gewënnerekipp gëtt et och nach e Präis fir dee beschte Spiller oder déi bescht Spillerin.“
„A wien decidéiert dat?“
„Dir alleguer. Jidderee ka matmaachen an ofstëmmen.“
„A wéi stëmme mer of? Mir hu jo keen Handy!“
„Et kann ee ganz einfach en Ziedel ausfëllen! An elo vill Spaass!“
De Max an d’Liv, déi sou eppes wéi d’Klassespriecher am Cycle 4.2 sinn, berode sech. Déi aner stinn do mat deem komesche Gefill: Gëtt ee gewielt oder net?
„Also, de Pietro, den Amir, de Bo … an …
„Max. Du hues héieren, Jongen a Meedercher.“
„Gehéiert d’Van dann elo zu de Jongen oder zu de Meedercher?“ D’Anja ka sech nees net zeréckhalen.
„Dat ass eng zimmlech blöd Bemierkung, Anja. D’Van intresséiert sech eebe fir aner Saachen wéi dir Meedercher.“ Den Tiago reegt sech op. „Huet schonn emol ee gesinn, wéi d’Van Vëloen an d’Rei setzt?“
„Wa mäi Papp e Vëlosbuttek hätt, wéisst ech dat och!“, knoutert d’Zafira.
„Hues du e Crush op d’Van, datt s de et ëmmer verteidegs, Tiago? Bass de verliibt?“, laacht d’Anja.
„Haalt op mat deem Gestëppels“, rifft de Max. „Also, mir wiere prett.“
„Jo, lo geet et nach drëm, wie wou spillt“, erkläert d’Liv. „Wie wëll an de Gol?“
Den Tiago dréckt d’Vanessa no vir. Dat zéckt, mee da streckt et de Fanger aus: „Ech géing gär am Gol spillen …!“
Et gëtt ganz roueg.
„Du? Mee du bass dach vill ze kleng. Du kriss jo keen héije Ball! Dat gëtt näischt. An du bass ze roueg. Do muss ee schwätzen a jäizen, datt d’Matspiller een héieren“, iergert sech de Bo.
„Also d’Kleeder als Golkipperin hätt et awer!“, stëppelt d’Anja.
„Hatt ass op alle Fall méi sportlech wéi vill anerer“, verteidegt d’Liv et.
„Ech spillen dach ëmmer am Gol, Max.“ Den Amir ass net frou.
„Gutt. D’Van ass dann emol fir den éischte Match Ersatzkipper an eiser Ekipp.“
D’Vanessa grinst fir sech. Jo, hatt wäert schonn nach weisen, datt et am Fussball ka mathalen. Et huet emol nach kee vun all deenen aneren aus der Klass matkritt, datt hatt och an engem Fussballveräin am Gol ass.
Zwee Deeg drop ass d’Turnéier. Schonn no 20 Minutte steet et 1:0 fir déi aner Ekipp. Du kritt den Amir am Gol de Ball riicht an d’Gesiicht. Hie fält, a wéi en opsteet, ass et him e bëssen dronken. Dofir muss hien ausgewiesselt ginn. An d’Ersatz-Golkipperin Vanessa kënnt eran. Bis dohinner stoung hatt roueg baussen nieft dem Terrain.

„O mei, lo gi mer ënner“, grommelt de Bo.
Do kroopt sech och schonn de Leandro, de Kapitän vun där anerer Ekipp, de Ball a leeft riicht op dem Vanessa säi Gol duer. Hatt hat em laang nogekuckt, wéi et nach net um Terrain war, a weess, datt de Leandro ëmmer mam lénke Fouss schéisst. Dorobber setzt hatt. Wéi hie mat lénks ofzitt, spréngt et wéi eng Kaz duerch d’Loft. PAFF! D’Vanessa hält de Ball mat enger super Parad.
Et bleift net déi eenzeg Parad vum Vanessa. Um Enn schéissen den Tiago an de Bo nach zwee Goler, an d’Ekipp steet an der Finall.
„Allez Bo, go go go“, sangen déi aner aus der Klass, an: „Tiago, go go go“.
Mee och fir d’Golkipperin gëtt et Begeeschterung: „Van, Van, Van … wann d’Van wanne kann …“
An der Finall gëtt et spannend. Laang bleift et 0:0, da kritt de Bo de Ball a schéisst iwwer de Golkipp, deen ze wäit dobausse stoung, an de Gol.
„Allez Bo, go, go, go …“
„Lo musse mer hannen alles zoumaachen, datt mer kee méi geschoss kréien“, de Max dirigéiert d’Ekipp.
Alles geet gutt bis déi lescht Minutt. Eng Flank kënnt geféierlech a Richtung Gol, jiddereen dréckt sech, fir drunzekommen.
„Op d’Säit“, rifft d’Vanessa haart, spréngt an d’Luucht a boxt mat de Fäischt de Ball wäit ewech.
An dann ass de Match eriwwer. D’Freed ass grouss!
„Felicitatioune fir d’Gewënnerekipp!“, héiert ee méi spéit iwwer de Mikro. „An nom Ausziele vun allen Ziedelen ass de beschte Spiller … eng Spillerin: d’Vanessa!!!“

„Van, Van, Van, wann d’Van wanne kann …“
„Gutt gemaach, Vanessa“, den Amir, deem et erëm besser geet, klappt et mat der Hand of. „Gees de d’nächst Woch am Handball och an de Gol?“
„Neen, maach du dat. Ech fuere léiwer Vëlo. Ech muss deen nach flécken.“
„Schonn nees platt? Ech hëllefen der“, seet den Tiago.
„Mir och, wann s de eis weis, wéi dat geet.“ D’Liv, d’Anja, d’Milena an d’Zafira komme mat.
„Oppassen, do kann ee sech knaschteg maachen“, laacht d’Vanessa.
Do eréischt gesäit et, datt se all sou en däischteren Hoodie unhu wéi hatt.
© SCRIPTAuteur
Christiane Kremer
D'Christiane Kremer war bis zu hirer Pensioun 2023 Journalistin, Moderatorin a Kultur-Responsabel bei RTL. Si schreift (an iwwersetzt) meeschtens op Lëtzebuergesch fir Erwuessener (Cabaretstexter, Theaterstécker, Kuerzgeschichten, e Roman) a fir Kanner. Fir d'Kannerbuch So mol, Lobo! (mam Vincent Biwer) krut se 2019 de Buchpräis. 2013 huet si de Verlag Kremart Edition matgegrënnt.
© Marc WilwertIllustratioun
Tracy Heindrichs
D'Tracy Heindrichs ass ursprénglech Journalistin, mee schafft och als Illustratorin an an der Kommunikatioun. Si huet ënnert anerem de Petit Martin - Franséisch fir doheem illustréiert, a schreift an hirer Fräizäit mol gäre selwer déi eng oder aner Geschicht.