Watgelift?

14. Januar 2024

Nonnefäscht

Den Nonnefascht – e witzegt Wuert, mee wou kënnt et hier? Huet et wierklech eppes mat der Iddi ze dinn, datt Klouschterfrae ronderëmgefuerzt hunn?

Nonnefäscht hunn näischt mat Nonnen ze dinn… an och net mat Fierz… (Foto: Shutterstock/Krakenimages.com)

Oder stécht vläicht dat laténgescht festus derhannert, aus deem mer d’Wuert Fest kritt hunn? Mee firwat wier d’Fuesent e Fest speziell fir d’Nonnen?

D’Sproochwëssenschaft ass sech net ganz sécher, wou d’Wuert hierkënnt. Am héije Mëttelalter ass awer schonn en änlecht Wuert benotzt ginn (nunnenvurzelin), fir eng Zort am Ueleg gebrodene Kichelchen ze bezeechnen.

Och an Éisträich kennt een haut Nonnenfürzle, och wann se net genee gemaach gi wéi zu Lëtzebuerg. Am Rheinland kann een op Plazen och Fützke soen, wann ee Panecher mengt. Donieft ginn et Bezeechnungen an däitschen Dialekte wéi Nonnenblast (fir den Nonnefascht) an Nonnenbrot.

Et handelt sech also bal ëmmer ëm eppes Gebakenes, dat éischter als Dessert wéi als Haaptplat giess ginn ass.

Dat hei sinn Nonnefäscht – net grad gesond mais awer esouuuuu gutt! Ënnen op der Säit fënns du och e Rezept fir Nonnefäscht. (Foto: mypickedfood.lu)

Mee firwat huet een et da Fuerz (oder Blast oder Fascht) genannt? Et gëtt dacks ugeholl, datt et dermat ze dinn huet, datt den Deeg sou séier opgeet, wann en am Ueleg gebrode gëtt. Den Hiefdeeg, wéi mir e kennen, ass awer éischter eng modern Entwécklung, déi nëmmen duerch de Louis Pasteur a seng Erkenntisser an der Mikrobiologie méiglech gouf. Virdrun ass virun allem natierlech Hief geholl ginn, also ëmmer eng Zort Sauerdeeg. Do koum et och alt emol vir, datt d’Kichelcher net esou gutt opgaange sinn. 

Warscheinlech goufen d’Kichelcher esou genannt, fir de Geck mat den Nonnen an domadde mat der Kierch ze maachen, besonnesch wann si extra fir e kierchleche Feierdag gebak goufen.

An Zesummenarbécht mam Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS).

Leckeres Rezept für „Nonnefäscht“

Nonnefäscht
Nonnefäscht – eng Schneekegkeet fir de Wanter

Rezept fir 4-6 Persounen

Du brauchs:

Waasser, Zocker, Salz, Botter, Miehl, Eeër, Vanillpudder, Zitroun
Am Einfachste stells Du alles wat’s Du brauchs prett iers du ufänks

250ml Waasser

1 Prise Salz

10 Gramm Zocker

65 Gramm Botter

125 Gramm Miel

3 Eeër

eng Messerspëtzt Vanillpudder

Zitrouneschuel

–        Waasser, Botter, Salz an Zocker an enger Kasseroll kuerz opkache loossen

–        Kasseroll vun der Plaque huelen an t’Miel mat der Vanill dra schëdden

–        Mat engem Holzläffel gutt fest vermëschen, soudass e festen Deeg entsteet

–        T’Kasseroll zréck op d’Plaque setzen an 2-3 Minutten ofbrenne loossen, wärenddeems de ganzen Zäite mam Holzläffel réieren.

Den Deeg soll schéin dréche ginn.

–        Den Deeg aus der Kasseroll eraushuelen an an eng Schossel schëdden

–        Een Ee nom aneren dobäi maachen a gutt réieren

–        Jee no Wënsch kann dësen Deeg mat gerappter Zitroun aromatiséiert ginn

–        De fäerdegen Deeg an e Spritzbeutel maachen

–        Mathëllef vun enger Schéier kleng Bullen an d’Friteuse (180°C) fale loossen

(et kann een se awer och mathëllef vun 2 Läffele kleng Bulle formen)

–        Reegelméisseg dréinen an der Friteuse bis dass se goldbrong sinn

–        Eraushuelen an op Kichepabeier ofdrëpse loossen

–        Mat Pudderzocker dekoréieren

Dëst Rezept gëtt am Beschten frësch degustéiert, an Nonnefäscht sinn net geduecht fir se laang ze stockéieren.

Rezept a Fotoen goufen zesummegestallt vun der Ecole d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg