Wer ist hier arm?
9. Oktober 2026
Wat ass iwwerhaapt räich sinn? A wat heescht et wann een aarm ass?
De Piwitsch huet zu Bartreng an der Schoul beim Schlass mat e puer Meedercher a Jonge geschwat fir rauszefanne wat räich oder aarm si fir si heescht.
Et gëtt verschidden Zorte vun Aarmut: absolut oder relativ Aarmut. Doriwwer kënnt der op der Säit 20 am De Piwitsch erklärt das Geld liesen.

Räich oder aarm sinn heescht fir jiddereen e bëssen eppes anescht. Lauschter wat d’Alix, de Mathieu an de Mathis äntwerten op d’Fro wat räich si fir si bedeit:
Aus enger anerer Klass vum C4 hunn d’Nikol, d’Veronika, de Matija an de Quinn dem Piwitsch verrode wat fir si räich sinn heescht:
De Géigendeel vu räich sinn ass aarm sinn. Wat bedeit dat fir d’Schülerinnen a Schüler aus dem Cycle 4 vu Bartreng?
Fir di jonk Leit aus där anerer Klass vum Cycle 4 bedeit aarm sinn ongeféier dat nämmlecht:
Di warscheinlech schwéierst Fro kënnt um Enn: Mengs Du dass Du aarm bass? Oder räich? A firwat mengs Du dat?
Fir räich ze si muss een also net onbedéngt vill Suen hunn. An ëmgedréit kann een och mat vill Suen aarm sinn. Räich si kann een och doduerch dass ee frou ass, dass ee gutt Frënn an eng léif Famill huet, oder sech einfach wuelfillt. Oder wann een dat wat een huet mat aneren deelt déi e bësse manner hunn.