Wierder vu fréier
21. September 2026- Komm, d’Boma mécht der nach e bëssen Afefett op de Bobbo.
- Schéckt iech, soss ginn ech hafteg!
- Setz dech net op dee jatschelege Stull!
Frees de dech, wat déi fett gedréckte Wierder bedeiten? Kee Wonner, dat sinn nämlech Ausdréck, déi een haut net méi dacks héiert. Deng Grousseltere kennen se awer bestëmmt nach, well et si Wierder vu fréier. Déi nennt een och nach vereelzten oder al Wierder.
Sprooche si lieweg
Am Laf vun der Zäit veränneren d’Sproochen sech. Dat ass och am Lëtzebuergeschen esou. Et kënnt vir, datt d’Leit no an no e Wuert ëmmer manner benotzen, well se léiwer en anert lëtzebuergescht Wuert dofir huelen. Fir Afefett seet een haut zum Beispill meeschtens Spaut a fir hafteg seet ee rosen. Et kënnt awer och vir, datt d’Leit Wierder aus enger anerer Sprooch gebrauchen. E jatschelege Stull ass e wackelege Stull. Du hues bestëmmt gemierkt, datt wackeleg ganz änlech kléngt wéi dat däitscht Wuert „wackelig“.
Hei drënner stinn e puer Wierder vu fréier, déi s de vläicht nach net kenns.
D’Lee

Deen een oder anere weess vläicht nach, wat eng Lee ass, déi een an der Schoul gebraucht huet. Domat ass eng Schifertafel gemengt. Fréier hunn d’Kanner mat Kräid oder mat engem Schifergriffel d’Buschtawen an d’Zuele fir d’éischt op eng Lee geschriwwen, fir se ze üben. Duerno hu se réischt an d’Heft geschriwwen. D’Kräid konnt een nämlech ganz liicht mat engem Schwamp ewechwëschen. Vläicht has du och nach eng Lee, net aus Schifer, mee aus Plastik, op där s de geléiert hues schreiwen?
Eng Lee kann awer och nach eng Daachzill aus Schifer sinn.
Den Dillendapp

Fréier hat bal all Kand en Dillendapp bei senge Spillsaachen. Esou en Dillendapp ass meeschtens aus Holz an en ass ronn. Ënnen huet en eng Spëtzt an uewen e klenge Still. Wann een en Dillendapp mat der Spëtzt op de Buedem stellt a fest um Still dréint, dann danzt en iwwer de Buedem. Op Däitsch heescht den Dillendapp „Kreisel“, op Franséisch „toupie“.
D’Huesen

„Meng Huesen hunn zwee Lächer, ech muss se flécken.“ Keng Angscht, hei ass net den Hues als Déier gemengt. Hei sinn d’Huesen eppes, wat een undeet. Eng Hues ass nämlech eng Strëmp. A verschiddene Géigenden zu Lëtzebuerg gëtt d’Wuert Huesen haut nach benotzt. Vläicht gebrauchs du et och nach?
Moschteren a kluffen
„Wéi hues du dech da gemoschtert?“ Dat gouf an der Zäit gesot, wann ee sech ganz komescht Gezei unhat, dat net beienee gepasst huet. Heifir kann een och nach d’Verb kluffen gebrauchen: „Wéi hues du dech da geklufft?“
Mëtschgieweg
„Mäi Kolleeg ass ganz mëtschgieweg an deelt seng Kamelle gär mat eis.“ Mëtschgieweg hues de bestëmmt nach net dacks héieren. Et ass och scho méi en aalt Wuert. Wann eng Persoun mëtschgieweg ass, dann ass se generéis an deelt hir Saache gär mat anere Leit.
De Kuuschtert
Wann ee vun enger Persoun seet, et wier e Kuuschtert, dann ass dat kee Kompliment. E Kuuschtert ass nämlech ganz knéckeg a gëtt seng Suen net gär aus. En ass also net mëtschgieweg. Op Däitsch ass et e „Geizhals“ an op Franséisch e „radin“.
De Kenki

De Kenki ass haut bal net méi am Gebrauch, well et iwwerall Stroum gëtt. Fréier gouf et an deene meeschten Haiser Kenkien, well et nieft de Käerzen déi eenzeg Méiglechkeet war, fir Luucht ze hunn. E Kenki ass eng Luucht, déi mat Pëtrol bedriwwe gouf. Heiansdo gëtt d’Wuert och nach gebraucht, fir eng déck, grouss Nues ze beschreiwen: „Wat huet dee Mann do e Kenki!“ Dat ass dann awer éischter als Witz oder Frechheet geduecht.
De Furri
„Wat hate mir e Furri um Schoulfest!“ Dat ass bestëmmt eppes, wat s du haut net méi sou sees, oder? Wann ee Furri huet, dann huet ee Spaass. Et kënnt vum franséischen Ausdrock „avoir le fou rire“. Dat bedeit, datt een net méi kann ophale mat laachen.