Watgelift? Wierder vu fréiher
2. Juni 2025„Gëschter huet mäi Papp mer eng nei Texasbox kaaft. Duerno krut ech nach en Eisekuch mat Klappschmant. Well ech awer ze broseleg war, ass den Eisekuch mer op de Buedem gefall.“
Kommen dës Sätz dir e bësse komesch vir? Dat ass kee Wonner bei all deene gelungene Wierder! Texasbox, Klappschmant, broseleg, dat sinn al lëtzebuergesch Wierder. Fro emol eeler Léit, déi kenne se vläicht nach. Haut héiert een se awer net méi dacks. Dofir schwätze mer vu vereelzte Wierder, also ale Wierder.
Sprooche si lieweg
Am Laf vun der Zäit veränneren sech d’Sproochen. Al Wierder falen ewech an nei Wierder kommen derbäi. D’Lëtzebuerger Sprooch ass haut anescht ewéi virun honnert Joer. Dat weisen eis Beispiller. D’Wuert Texasbox gëtt haut net méi dacks benotzt. Et seet een éischter Jeansbox dofir. Fir Klappschmant soen d’Leit haut Schlagsan a broseleg bedeit hektesch. Bei all dëse Beispiller goufen déi al lëtzebuergesch Wierder duerch Wierder aus anere Sproochen ersat. Dat kënnt doduerch, datt mer vill Kontakt mat dem Däitschen, dem Franséischen an dem Engleschen hunn.

Et gëtt awer och vill al Wierder, déi duerch méi en neit lëtzebuergescht Wuert ersat goufen. Du versteess bestëmmt, wat hei gemengt ass: „Hal op mat Fautelen, soss loosse mer dech net méi matspillen!“ Hei huet e Spiller sech net un d’Reegele gehal an huet gefuddelt.
Keng Toilette wäit a breet!
Fréier hate vill Haiser keng Toilette am Haus. Dofir hunn d’Leit an der Nuecht eng Pottschamb als Toilette benotzt. Dat war eng Schossel, déi ënner dem Bett oder am Nuetsdësch stoung. Iwweregens kënnt dat aalt Wuert Pottschamb vum franséische pot de chambre.

A viru mam Jabel!
Fréier hate vill Leit doheem e klenge Weenchen, deen se mat der Hand gezunn hunn. Dofir hunn se Jabel gesot. Dës Weenercher gesäit een haut net méi dacks. Dofir gëtt d’Wuert och net méi vill benotzt. Et huet awer am Ausdrock „ A viru mam Jabel!“ iwwerlieft. Dat bedeit: „Kommt, mer maache virun!“


Andere Artikel
-
Zisch und hopp!
Schon mal gesehen, wie Plastik-Abfall getrennt wird? Das geht ruckzuck! De Piwitsch hat eine Trennanlage an der Mosel besucht. Wau,... 13. Dezember 2022 -
Seltene Erden … fast überall?!
Seit einigen Tagen sind „Seltene Erden“ ein Dauerthema in den Nachrichten. Vielleicht hast du dich schon gefragt, worum es eigentlich... 12. März 2025 -
Tief in der Wasserburg
Bei der Ortschaft Hiwingen liegen riesige Behälter für Trinkwasser. Das Piwitsch-Team konnte einen Blick in das Reservoir auf dem „Rebierg“... 04. August 2022