Zusammen ist man stärker!

13. März 2023
Är Klass an der Mini-Redaktioun?

Dir wëllt als Klass am Piwitsch matmaachen? Super! Eist Team ënnerstëtzt iech bei ärem eegenen Artikel. Ob een Text mat Fotoen, e Radiobäitrag, e Videointerview oder alles zesummen – dir entscheet! Och d'Thema dierft dir selwer auswielen.

Wann d'Piwitsch-Team iech an der Klass besicht, entdecke mir zesummen, wat wierklech wichteg ass. Dir léiert, wéi ee spannend Interviewen féiert, gutt Froe stellt a super Texter schreift. An der Mini-Redaktioun weise mir iech och, wéi een Tounopnamen a Radioqualitéit mécht.

Loscht kritt? Da frot ären Enseignant oder är Enseignante a mellt iech un fir d'Mini-Redaktioun un. Mir freeën eis op iech!

Mini-Redaktioun Illustration